Zesummen Fir All
Spenden
Firwat ginn Spenden benotzt?
All Spenden ginn fir den nächsten Projet benotzt, ausser d'Käschten sinn schonn ofgedeckt. Eis Associatioun besteet bal ausschliisslech aus Benevollen. Keng Spent gëtt fier Salairen benotzt.
Wat kann meng Spend bewierken?
All Spent zielt!
Mat 5€ konnten mer 4 Këschten fir eis Sammelaktioun bezuelen.
Mat 20€ konnten mer dat néidegt Schreif- an Schneidmaterial fier eng ganz Woch Triage bezuelen.
Mat 50€ kënnen mer d'Gedrénks fir all d'Benevollen um Fussball-Tournoi bezuelen.
Wéi kann ech spenden?
Et gëtt 2 Wëer ze spenden:
Kreditkaart / Paypal oder Virement.
Fir béid Methoden fannt der Detailer hei ënnen drënner
Kreditkaart / PayPal
Kreditkaart / PayPal: Fir direkt mat ärer Kreditkaart oder mat ärem PayPal-Account en Don ze maachen musst der op den gielen Knäppchen ënnen drécken. Dësen schéckt iech weider op d'PayPal-Säit, déi komplett securiséiert ass. Do kennt der dann auswielen ob der wëllt mat Kreditkaart (ënnen lenks) oder mat ärem PayPal Account (uewen an der Mëtt) bezuelen.
Virement
Virement: Wann dier wëllt en Virement iwwert är Bank maachen, kennt der eis Konto-Informatiounen riets fannen. Ausserdeem kennt der iwwert den PDF-Knäppchen ënnen drënner en Virement vierge eroflueden, deen der ausfëllen an op är Bank bréngen musst.
Kontos-Informatiounen:
- BCEE:
LU86 0019 4655 8693 3000
(BIC: BCEELULL)

