Zesummen Fir All

© 2017 by Association Narin

Les activités de l'Association Narin a.s.b.l. sont soutenues par le projet "mateneen" de l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

http://www.oeuvre.lu/initiatives/mateneen/

Wéi geet den Brexit weider?

March 29, 2017

|

Michel

Elo wou England offiziell den Prozess ugefangen huet fir aus der EU auszetrieden, ass den sougenannten "Brexit" natierlech erëm an den Schlagzeilen. Am Oktober dat lescht Joer haten mir schonn dëst Thema ugeschwat. Mee elo wou den Artikel 50 déclenchéiert gouf, geet et an eng aner Phase vum Brexit op déi mir elo wëllen méi genau agoen.

 

Am Juni 2016 ass an England an engem Referendum ofgestëmmt ginn fir aus der EU auszetrieden. Doropshinn huet sech och eng nei Regierung ënnert dem Theresa May gebilt, déi elo d'Verhandlungen mat der EU féiert. Fir d'Resultat vun dësem Referendum an d'Réalitéit emzesetzen huet England missen den Artikel 50 vum Lissabon-Traité aktivéieren. Dëst ass haut (Mëttwochs, den 29. Mäerz) offiziell mat engem Bréif un den Europäeschen Conseil geschitt. Domader kënnen d'Verhandlungen an den nächsten Wochen ufänken an mussen bis Mäerz 2019 ofgeschloss sinn.

 

Allerdéngs dierften sech déi Verhandlungen als immens schwiereg erweisen. Den engleschen Brexit-Minister David Davis huet souguer gemengt et kéinten déi komplizéiertesten Verhandlungen jeemools ginn. Alleng den Ufankspunkt wéivill Suen England der EU schëllegt ass emstridden. Heibäi handelt et sech em versprachen Suen déi England nach mat décidéiert huet, mee déi nach net ausbezuelt ginn sinn, esou wéi Investissement-Projekter oder Pensiounen. Ob an wéivill vun dësen versprachenen Suen England der EU iwwerweist wäert een vun den éischten Sträitpunkten ginn.

 

 

 

Een vun den gréissten Probleemer ass dass déi bisheereg Positiounen tëscht England an der EU immens ënnerscheedlech sinn. Während d'Englänner drop hoffen, dass et wéineg Sënn mécht fir d'EU England fir den Austrëtt ze bestroofen, sinn vill europäesch Regierungschefen der Meenung dass een misst aus England en Beispill maachen, wat geschitt wann een d'EU verléisst. Zum Beispill huet d'Angela Merkel gemengt, dass England sech net kéint just déi Stécker aus der EU eraussichen déi hinnen gefalen. Dëst ass eng Positioun déi och vum Mark Rutte an Holland an dem franséischen Präsident François Hollande gedeelt gëtt.

 

Dat bréngt een awer direkt bei den nächsten komplizéierten Faktor vun den Verhandlungen - den Timing. An den nächsten 12 Méint stinn Wahlen an Frankräich, Däitschland an Italien um Programm, 3 Länner iwwert déi oft gesoot gëtt, dass net vill an der EU leeft wann si net d'accord sinn. An well den Brexit-Prozess innerhalb vun 2 Joer ofgeschloss muss sinn, wäert d'Halschent vun der Zäit schonn ofgelaaf sinn iert, dass dës Wahlen all eriwwer sinn.

 

Virun den Wahlen wäerten d'Regierungscheffen vun dësen Länner wuel éischter net bereet sinn vill Kompromisser mat England anzegoen. An d'Wahlen selwer kënnen dozou féieren dass d'Verhandlungspositiounen abrupt änneren kënnen, wann eng nei Partei an den jeeweilegen Länner un d'Muecht kënnt. Sou kann et also sinn, dass d'Verhandlungen an der Mëtt op d'Kopp gestallt ginn. Den Probleem ass neemlech en Accord ze fannen deen all EU-Member an och d'EU-Parlament akzeptabel fënnt, well deen muss vun all Parlament ratifizéiert ginn.

 

An dëst sinn nëmmen d'Komplexitéiten vum Prozess selwer. Déi eenzel Themen sinn och äußerst komplex - wéieen Accès kritt England op den EU-Marché nom Brexit? Wat fir Rechter wäerten EU-Bierger an England hunn (an emgedréint)? Wat fir eng militäresch Coopératioun wäert an Zukunft gemaach ginn? An dann huet England  selwer nach intern Probleemer déi d'Verhandlungen kéinten méi schwiereg gestalten, sou wéi d'Verlangen vun Schottland fir en zweeten Onofhängegkeetsreferendum. Et gesäit also dono aus wéi wann et wierklech kéinten déi schwieregst Verhandlungen säit laangem ginn.

 

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- Eng Iwwersiicht vun den elementarsten Froen ronderem den Brexit.

http://www.spiegel.de/politik/ausland/brexit-alles-was-sie-zum-referendum-wissen-muessen-a-1089870.html

- En Artikel zur Verhandlungspositioun vun der EU.

http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/brexit/brexit-antrag-abgegeben-bruessel-reagiert-kaempferisch-14947974.html

Franséisch:

- En Artikel zur Verhandlungspositioun vum Michel Barnier, den Responsablen fir d'EU-Säit bei den Brexit-Verhandlungen.

http://www.latribune.fr/economie/union-europeenne/brexit-michel-barnier-pose-ses-conditions-668897.html

- Wat geschitt wann keen Accord fonnt gëtt bis Mäerz 2019?

http://www.huffingtonpost.fr/2017/03/28/maintenant-que-le-brexit-est-lance-quel-sort-reserve-lunion-eu_a_22015550/

Englesch:

- Eng Iwwersiicht vun den Positiounen vun all EU-Land vis-a-vis vun den Brexit-Verhandlungen.

http://www.politico.eu/article/what-the-eu27-wants-from-brexit/

- Eng Iwwersiicht vun den Haaptnegotiateuren op béiden Säiten.

http://www.bbc.com/news/world-europe-39236683

 

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://ichef-1.bbci.co.uk/news/624/cpsprodpb/1AD3/production/_90076860_thinkstockphotos-526561176.jpg

- Bild 2: http://ichef.bbci.co.uk/news/624/cpsprodpb/F9AF/production/_90091936_img_5827.png

Please reload

Zesummen Fir All

Home
Eis Geschicht
Eis Equipe
Eis Projeten
Hëlleft eis!
Blog
Blogging Idee

Dësen Blog soll all Woch een aktuellt politesch Thema erklären an fir Jugendlecher accessibel maachen. D'Ziel ass et Jugendlecher fir Politik ze intresséieren an hinnen eng Basis an Themen ze ginn mat där si kennen mat aneren diskutéieren an sech kennen weider informéieren. 

POLITIK ABC

Déi wichtegst Begrëffer aus all Artikel ginn all Woch an eise Politik ABC, wou mier dës komplex Konzepter an einfachen Wierder erklären an extern Links ubidden fir se weider ze erforschen.

Politik ABC
Zeréck bei d'Iwwersiicht
Suggestiounen

Gëtt et en politescht Thema wats de immens komplizéiert fënns? Dann schreiw eis an mir erkläeren et an 500 Wierder!

No themen sichen

Aarbechtsmaart

Amerika

Atomkraaft

Blog

Brexit

China

Demokratie

Däitschland

EU

EZB

Eisterräich

Ekonomie

Emwelt

Finanzkriis

Flüchtlingskriis

Frankräich

Gewerkschafte

Inselkonflikt

Iran

Islameschen Staat

Krich

Lëtzebuerg

NATO

Nuklear

OPEC

Panama Papers

Politik

Republikaner

Schengen

Syrien

TTIP

Terrorist

Ueleg

Ukraine-Kriis

Vereenten Natiounen

Waffen

Wahlen

Zypern

Please reload

June 2017 (2)

May 2017 (5)

April 2017 (3)

March 2017 (5)

February 2017 (4)

January 2017 (3)

December 2016 (3)

November 2016 (4)

October 2016 (3)

September 2016 (4)

August 2016 (4)

July 2016 (4)

June 2016 (5)

May 2016 (4)

April 2016 (4)

March 2016 (4)

February 2016 (4)

January 2016 (5)

Please reload

Archive

Michel Scholer - Editeur

Student - Politesch Ekonomie

Kim Zoenen - Auteur (Politik)

Student - Politik

Sarah Diederich - Auteur (Politik)

Student - Rhetorik & Medien

Rick Kieffer - Auteur (Economeasy)

Student - Ekonomie

Note: All d'Artiklen entspriechen den Meenungen vum respektiven Auteur selwer. Se reflektéieren weder déi vun aneren Auteuren, nach déi vun der Association Narin. Den SNj as nët responsabel fir d’Inhalter vum Projet.

Den Blog ass erméiglecht duerch Hëllefen vum Service National de la Jeunesse

  • Facebook Social Icon
  • LinkedIn Social Icon

Contact:

info@association-narin.com

+352 661 298 868

Tél.: