top of page

September 2015: “Sammelaktioun fier Flüchtlingen”

9 Container voll mat Kleeder, wat 2000 Caddien aus dem Supermarché entspriecht.

217 Benevollen, wat 1 Airbus A320 Fliger fëllen géif.

40 Tonnen hunn all d'Spenden zesummen gewien. Dat entspriecht 57 Limousin-Kéi.

800 Spender, déi eng Mënscheketten iwwert déi ganz Ramblas zu Barcelona maachen kéinten.

Well virun allem Däitschland vun enger héijer Unzuel un Flüchtlingen iwwerwältegt ginn ass an Solidaritéit keng Grenzen kennen soll, hunn mer eng Kleeder- an Spillsaachen-Sammelaktioun gestart fir op verschidden Opnahmzentren an der Groussregioun ze verdeelen, virun allem zu Lëtzebuerg an Tréier.

Innerhalb vun zwou Wochen hunn mer d'Kleeder net nëmmen gesammelt, mee och triéiert an un d'Zentren geliwwert.

Am Ganzen konnten mer bei zwou Collecten 40 Tonnen Kleeder sammelen, déi vun 217 Benevollen triéiert goufen. 107 Këschten sinn un den Foyer op der Weilerbaach gaangen, während iwwer 1000 Këschten direkt op Tréier an en Opnahmzentrum komm sinn.

Am Juni 2016 sinn den Michel an d'Amandine fir dës Sammelaktioun an stellvertriedend fir all Benevollen an der Flüchtlingsthematik mat engem Ordre d'Honneur vum Grand-Duc ausgezeechent ginn.

bottom of page