top of page

Brexit Pt. III: No den englesche Wahlen


Säit Ënn Mäerz dëst Joer ass den Artikel 50 vun England aktivéiert. Säit deem ass de Verhandlungsprozess fir de sougenannte Brexit offiziell lancéiert. Obwuel dës Decisioun an engem Referendum geholl gouf, hat déi britesch Premierministesch Theresa May fir den 08. Juni Neiwahle virgezunn. Firwat goufen dës Wahle gehalen ? Wéi sinn se ausgaangen ? A wat si méiglech Konsequenze fir de Brexit-Prozess an d’Situatioun vun Nordirland?

Den Haaptgrond deen d’May genannt huet fir d’Wahlen ze organiséieren, war fir hir « Hand an de Verhandlungen [iwwert de Brexit] ze stäerken ». Eng héich Victoire hätt hir op 2 Aart a Weise gehollef. Engersäits hätt si kéinte mat der EU verhandele mat der Gewëssheet dass d’Majoritéit vum Land kloer hannert hir steet. Anerersäits wär si manner Drock aus hirer eegener Partei ausgesat gewiescht. En Deal mat der EU muss nämlech am Parlament eng Majoritéit kréien. Virun de Wahlen hat si awer just eng Majoritéit vu 17 Leit. Dat heescht dass 18 Leit aus hirer eegener Partei sech hätte kéinten zesummen doe fir hir Demanden an de Brexit-Verhandlungen duerch ze setzen. Wann d’Wahlen dem May also méi eng grouss Majoritéit abruecht hätten, dann hätt si méi Spillraum bei Verhandlunge gehat.

Mee d’Wahle sinn net esou ausgaange wéi d’Premierministesch sech dat erhofft hat. Am Platz eng méi grouss Majoritéit ze kréien, huet si hir kleng Majoritéit souguer verluer. Hir feele säit de Wahlen 8 Setz fir eng Majoritéit ze hunn, déi se versicht mat enger Zesummenaarbecht mat der Democratic Unionist Party ze erreechen. Der Theresa May hir konservativ Partei bleift allerdéngs weiderhin déi stäerkste Partei am britesche Parlament.

Déi zwou Erwaardungen déi d’May hat iert se d’Neiwahlen aberuff huet, sinn also net an Erfëllung gaangen. Vu dass si net wees ob d’Majoritéit vum Land nach hannert hirer Brexit-Strategie steet, geet sinn net mat enger méi staarker Hand an d’Verhandlungen, mee éischter mat enger méi schwaacher. Doduerch dass si elo keng Majoritéit méi mat hirer eegener Partei huet, ass si net nëmmen dem Drock vun eenzele Parlamentarier ausgesat, mee och deem vun der DUP. Domadder kënne méi Parlamentarier méi einfach versichen d’Brexit-Verhandlungen ze beaflossen, wat se wahrscheinlech méi komplizéiert maache wäert. D’Theresa May wäert also net nëmme mat 27 Länner aus der EU en Accord fanne mussen. Dësen Accord wäert och mussen alle Parlamentarier aus senger Partei gefale fir dass en am Parlament akzeptéiert gëtt, wat der Premierministesch hire Spillraum méi kleng, a Kompromisser méi schwéier, mécht.

De Brexit-Prozess kéint allerdéngs och méi komplizéiert gi wéinst dem wahrscheinleche Partner vun der Konservativer Partei – der DUP. Säit dem Karfreidegofkomme wat de Friddensprozess am Nordirlandkonflikt ugefaangen huet, huet déi britesch Regierung sech dozou verflicht neutral ze bleiwen tëscht de Parteien an Nordirland. Doduerch dass der Premierministesch May hir Politik vun der Ënnerstëtzung vun der DUP ofhänke géif, gesi vill Leit d’Neutralitéit vun der britescher Regierung a Fro gestallt. Scho virdru war d’Grenz tëscht der Republik vun Irland an Nordirland en wichtegen Diskussiounspunkt an de Brexit-Verhandlungen. Duerch eng méiglech Ënnerstëtzung vun der DUP ass dëse Punkt nach e Krack méi komplizéiert ginn.

D’Wahlen an England waren also geduecht fir d’Brexit-Verhandlunge fir déi englesch Regierung ze vereinfachen. Allerdéngs wäert den Ausgang vun de Wahlen d’Verhandlunge éischter méi komplizéiert maachen. Eng éischt Iddi ob dëst de Fall ass wäert ee kréie wann d’Verhandlungen an den nächste Woche lass ginn.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel iwwert d'Konsequenze vun de Wahlen fir d'Premierministesch May perséinlech.

http://www.faz.net/aktuell/politik/wahl-in-grossbritannien/wahl-in-grossbritannien-2017-theresa-may-verliert-mehrheit-15053185.html

- En Artikel iwwert d'Konsequenze vun de Wahlen fir de Brexit-Prozess.

http://www.n-tv.de/politik/Theresa-May-ringt-um-ihre-Mehrheit-article19888116.html

Franséisch:

- En Artikel iwwert d'Konsequenze vun de Wahlen op den Nordirland-Friddensprozess.

http://www.lemonde.fr/europe/article/2017/06/11/le-premier-ministre-irlandais-preoccupe-par-une-alliance-entre-les-conservateurs-et-le-pud_5142278_3214.html

- En Artikel iwwert dem Theresa May hir Enttäuschungen an de Wahlen.

http://www.lefigaro.fr/international/2017/06/09/01003-20170609ARTFIG00345-legislatives-britanniques-theresa-may-prise-a-son-propre-piege.php

Englesch:

- En Artikel iwwert méiglech Szenarien an de Brexit-Verhandlungen säit de Wahlen.

https://www.theguardian.com/politics/2017/jun/12/brexit-q-and-a-how-will-uk-election-result-affect-eu-talks

- En Artikel iwwert d'Konsequenze vun de Wahlen op den Nordirland-Friddensprozess.

https://www.washingtonpost.com/news/monkey-cage/wp/2017/06/13/this-is-how-the-uk-election-may-destabilize-northern-ireland/?utm_term=.c925777012eb

Sourcen vun de Biller:

- Bild 1: http://cdn.images.express.co.uk/img/dynamic/139/590x/General-election-2017-Theresa-May-793314.jpg

- Bild 2: http://www.bbc.com/news/election/2017/results


146 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page