top of page
  • Tom

Wéi geet et weider mam Paräis-Traité?


Dem Donald Trump seng Ukënnegung ënnert der Woch aus dem Paräisser Klimaaccord erauszeklammen huet international ganz héich Welle geschloen. Den Accord aus dem Joer 2015, dee jo d’Äerderwiermung op Maximum 2°Celsius bis zum Joer 2100 begrenze soll, géif den USA a virun allem hirer Ekonomie schueden, sou den Trump. Domatten huet den amerikanesche President ee vu senge Wahlverspriechen ageléist, och wann vill international Partner dës Decisioun kritiséiert hunn. Mee wéi eng Konsequenzen huet des Decisioun vir de weltwäite Klimaschutz? An wat bedeit dat vir de Paräisser Accord wann den 2. gréisste CO2 Produzent net méi mat maache well ?

D’Zil vum Accord dass et d’Äerderwiermung op 2°Celsius bis zum Joer 2100 ze begrenzen. Duerno soll just nach souvill CO2 ausgestouss ginn, wei de Planéit selwer rem ofbaue kann. Vir d’Ëmsetzung vun dem Ziel soll ab 2070 komplett op fossil Brennstoffer (Kuel, Äerdgas an Äerdueleg) verzicht ginn, déi duerch erneierbar Energien ersat solle ginn.

Een Austrëtt vun den USA aus dem Accord géif dozou feieren, dass insgesamt nëmmen 3 Länner sech net wëllen dem Paräisser Ofkommes verflichten. Dat wieren an dem Fall Syrien, Nicaragua an eben d’USA. Dobäi sinn d’USA ee vun de weltwäit gréisste CO2 Produzente pro Awunner. Nach ni hat en Klimaschutz-Accord esou vill Signatairen.

Aus dem Grond goufen d’USA vun der internationaler Gemeinschaft zolitter Kritik ausgesat. Mee och op nationalem Niveau weist sech Kritik. Niewent enger ganzer Rei Firmen a Groussstied hun och d’Staaten Kalifornien, New York a Washington ugekënnegt weiderhin sech un Virgabe vum Paräisser Ofkommes ze halen. Dëst kéint dozou féieren, dass dem Trump seng Decisioun um Schluss net grad esou vill Auswierkungen hätt wéi am Ufank geduecht.

Op engem politeschen Niveau huet der USA hiren Austrëtt aus engem wichtegen internationalen Traité Signalwierkung. D’Land gëtt domatten eng Féierungsroll an engem vun deene wichtegste globalen Zukunftssujeten op. De Fait dass d’USA hire Verflichtungen net méi nokomme wëlle feiert dozou, dass elo aner Acteuren sech mei staark an der Responsabilitéit fillen.

Den EU-Kommissiounspresident Juncker, zum Beispill, gesäit de Paräisser Accord net a Fro gestallt. Bei der Energietransitioun géif et keen Ëmdenke ginn, sou de Juncker. Dobäi well een dann och verstäerkt op eng mei enk Zesummenaarbecht mat China setzen. China selwer ass zwar dat Land wat am meeschte CO2 produzéiert, mee och dat Land wat am meeschten an erneierbar Energien investéiert.

China setzt weltwäit mat engem Undeel vun ongeféier 29% am meeschte CO2 Emissioune fräi a spillt domatten an der Bekämpfung vum Klimawandel eng zentral Roll. De chinesesche Ministerpresident Li bekräftegt dobäi dann och dass China wëlles huet sech weiderhin un de Paräisser Klimaaccord ze halen. D’EU a China plangen hier Cooperativen a punkto erneierbar Energien ze verstäerken an zesummen eng Leaderroll am Klimaschutz anzehuelen.

Den ugekënnegten Austrëtt vun den USA feiert bei der internationaler Gesellschaft deelweis zu engem verstäerkte Bekenntnis zum Klimaschutz an dem Paräisser Accord. Trotzdeem gëtt et schwéier konkret Léisunge géint de Klimawandel ze fannen, ouni een ,,global Player’’ wei d’USA mat anzebezéien. An d’Konsequenze vun enger Absence vun den USA kéinten dowéinst schlëmm sinn. Vir de fréieren UNO Generalsekretär Ban Ki Moon gouf et bei enger Ried 2015 um Paräisser Klimasommet ,,kee Plang B’’ zum Klimaaccord well et eben ,,kee Planéit B’’ gëtt.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel mat Reaktiounen aus aneren Länner zum Trump senger Entscheedung.

http://www.br.de/nachrichten/reaktionen-trump-klima-100.html

- En Artikel vun engem Auteur deen d'Ëmwelt schütze well, mee deen den Paräiser Traité als wirkungslos an Zäitverschwendung gesäit.

https://www.welt.de/debatte/kommentare/article165139232/Das-Pariser-Abkommen-ist-Vergeudung-von-Zeit-und-Geld.html

Franséisch:

- Déi wichtegst Punkten vum Paräiser Accord zësumme gefaasst.

http://www.lemonde.fr/cop21/article/2015/12/12/cop21-les-points-cles-du-premier-accord-universel-sur-le-climat_4830606_4527432.html

- En Artikel zu den kritesche Reaktiounen op dem Trump seng Decisioun.

http://www.leparisien.fr/international/retrait-des-accords-de-paris-donald-trump-paria-en-europe-01-06-2017-7008009.php

Englesch:

- En Artikel mat ënnerschiddlechen Statistiken zu CO2-Emissiounen.

https://www.theguardian.com/news/datablog/2011/jan/31/world-carbon-dioxide-emissions-country-data-co2

- En Artikel deen am Trump senger Decisioun eng Chance fir China gesäit.

https://www.nytimes.com/2017/06/01/us/politics/climate-accord-trump-china-global-leadership.html

Sourcen vun de Biller:

- Bild 1: http://www.executive-magazine.com/wp-content/uploads/2016/02/23595388112_a931b9305e_o.jpg

- Bild 2: http://www.novethic.fr/fileadmin/user_upload/divers/kit_climat/header-accord-de-paris_.png


103 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page