top of page
  • Kim

Wat sinn d'Transatlantesch Bezéiungen?



Déi lescht Woch ware fir déi transatlantesch Bezéiungen wichteg Evenementer. Engersäits gouf ët en NATO an awer och de G7 Sommet. Ënnert transatlantesche Bezéiungen versteet een eng enk Kollaboratioun zwëschen Europa an Nordamerika, haaptsächlech der USA. Dowéinst wëlle mir dës Woch erkläre wisou dëst esou wichteg fir déi europäesch Aussepolitik ass.

Den Ufank vun de transatlanteschen Bezéiungen zwëschen Europa an den USA war nom Zweete Weltkrich entstanen. D’USA hunn sech entscheet Europa ze hëllefen an ërem opzebauen, wat si nom Éischte Weltkrich net gemaach haten. Dat ass haaptsächlech duerch de Marshall-Plang geschitt. D’USA hunn den europäesche Staaten Sue ginn, dat si hir Wirtschaft erëm opbaue konnten. D’OEEC (Organisatioun fir europäesch wirtschaftlech Zesummenaarbecht), haut OECD (Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung), huet sech ëm dës Entwécklungshëllef fir Europa gekëmmert. Fir déi Suen awer ze kréien hunn sech déi europäesch Staaten missten dozou verflichten, dat si sech géigesäiteg hëllefe. Dowéinst hunn sech verschidde Staaten, mat Hëllef vum Schuman-Plang, gëenecht, dat si hir Stäerken zesumme vereenegen. An enger éischter Phase waren dës Stäerke d’Kuelen a de Stol, woufir d’Montanunioun oder EGKS (Europäesch Gemeinschaft fir Kuel an Stol) gegrënnt gouf. Dës zwou Industrien waren virun allem dowéinst esou wichteg, well se béid fir d'Féieren vu Krich gebrauch ginn. Duerch géigesäiteg Kontrollen vun den europäeschen Staaten, sollt esou Krich verhënnert ginn.

Den Nordatlantikpakt (NATO) (NATO Artikel) ass och mat der Hëllef vun den USA gegrënnt ginn. Nom Zweete Weltkrich huet sech de West-Ost-Konflikt verstäerkt an eenzel europäesch Staaten hunn Angscht gehat, dat d’kommunistesch Sowjetunioun a Westeuropa afale géif. Dowéinst hunn sech dann déi europäesch Staaten un d’USA gewannt fir ee militäresche Schutz ze kréien.

Duerch de klengen a kuerzen Abléck vum Ufank vun der transatlantescher Bezéiung kann ee verstoen, wéi déif a wichteg dëst Relatiounen zwëschen den USA an Europa sinn. Mee no dem Treffen vun den NATO-Memberen an de G7-Staaten mam amerikanesche President Donald Trump ginn dës Relatiounen a Fro gestallt.

Déi däitsch Bundeskanzlerin huet gesot: “ Die Zeiten, in denen wir uns auf andere völlig verlassen konnten, die sind ein Stück vorbei. Das habe ich in den letzten Tagen erlebt."Wir Europäer müssen unser Schicksal wirklich in unsere eigene Hand nehmen." Mee wat heescht dat elo genau?

Den Donald Trump huet sech zum Beispill net fir de Klimatraité vu Paräis bekannt. Och beim Thema Migratioun ass den Donald Trump net agaangen. Am Thema Sécherheet huet den US-President gefuerdert, dass d'EU-Staaten selwer méi Suen ausginn fir hir eegen Verdeedegung. Just bei der Bekämpfung vum IS sinn sech Europa an d'USA eenz ginn. Europa huet sech ëmmer op d’USA verloosse kënnen. Mee ët gesäit elo esou aus, dat déi europäesch Staaten selwer handelen mussen an de Froe vu Sécherheet, Verdeedegung, Klima oder Migratioun. Dofir ass d'Idee vun enger EU-Arméi erëm méi aktuell - eng Idee déi schonn 1950 proposéiert gouf. De Problem ass, dat dofir déi néideg Strukture feelen an sech déi wichteg politesch Fro stellt ënnert wiem sengem Kommando dës Arméi stoen géif? De Konsens an der EU besteet esouwäit, dat d’EU méi enk zesumme schaffe muss, mee d’USA awer och net aus den Ae verléiere soll. An wéieng Form dës Zesummenaarbecht huelen soll, ass och nach wäit vu kloer.

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

Den Artikel erklärt, wéi wichteg d'USA sinn fir d'Welt

-https://www.welt.de/debatte/kommentare/article159443513/Der-Bruch-mit-den-USA-ist-niemandem-zu-empfehlen.html

International Reaktiounen op dem Angela Merkel hir Ausso

-http://www.zeit.de/politik/2017-05/angela-merkel-presseschau-usa-g7-gipfel

Franséisch:

Déi méiglech Konsequenzen vum Donald Trump sengen Aussoë op déi transatlantesch Bezéiungen

-http://www.francetvinfo.fr/monde/usa/presidentielle/donald-trump/comment-les-declarations-de-trump-peuvent-influencer-les-relations-entre-les-etats-unis-et-l-europe_2022763.html

Eng Analyse iwwert d'Wichtegkeet vu der NATO

-http://www.lefigaro.fr/vox/monde/2017/05/25/31002-20170525ARTFIG00073-sommet-de-l-alliance-atlantique-pourquoi-l-otan-est-toujours-indispensable.php

Englesch:

Eng Analyse iwwert den aktuellen Stand vun den transatlantesche Bezéiungen

-http://foreignpolicy.com/2017/05/30/in-praise-of-a-transatlantic-divorce-trump-merkel-europe-nato/

Een Artikel deen méiglech Zukunftpläng fir d'NATO erkläert

-http://www.politico.eu/sponsored-content/trans-atlantic-security-four-imperatives-for-nato/

Bild1:http://www.zeit.de/politik/ausland/2017-05/nato-ausgaben-donald-trump-jens-stoltenberg

Bild2: http://www.abc.net.au/news/2017-05-28/g7-leaders-end-summit-split-on-climate-change/8566044



124 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page