top of page

Wat ass en Nationalkongress?


Déi lescht Wochen hunn all Partein zu Lëtzebuerg hir Nationalkongresser ofgehalen a sech op d'Gemengewalen am Oktober agestëmmt. Mä wat ass esou e Nationalkongress eigentlech? Iwwert wat gëtt do geschwat a decidéiert? Des Woch brénge mer iech dat méi no.

An der Basis ass e Nationalkongress vun enger politescher Partei e Rendez-Vous, deen normalerweis all Joer statt fënnt an op deem sech d´Memberen aus där Partei aus dem ganze Land treffen. Am normale Fall, ginn op engem Nationalkongress déi grondleeënd Ideologie an déi politesch Grondsätz vun der Partei presentéiert. Ausgeschafft ginn déi vun de Bezierker a vun den Ënnerorganisatioune (z.B. fir Senioren oder fir déi Jonk) vun enger Partei. Dacks gëtt doranner d´Vergaangenheet vun der Partei-Ideologie thematiséiert, ma och wéi ee sech d´Zukunft vun der Partei virstellt. Organiséiert ginn Nationalkongresser vun der Ekipp ronderëm de Parteipresident.

Op Nationalkongresser gëtt och dacks, ma net ëmmer, gewielt. Beispillsweis ginn do Parteiprogrammer fir déi nächst National- oder Gemengewahle presentéiert iert iwwert se ofgestëmmt gëtt. Mä op Nationalkongresser ginn och Leit gewielt: fir de Spëtzekandidat virun de Wahlen a fir Parteiämter éischter no de Wahlen.

Well dëst Joer den Oktober Gemengewahle sinn, waren déi natierlech d´Thema Nummer eent um Agenda vun den respektiven Nationalkongresser. Déi ënnerschiddlech Sloganen sollen déi grondleeënd Iddien vun de Parteien resuméieren an natierlech d´Partei fir de Wieler attraktiv maachen. Mee wat hunn dann déi eenzel Parteien bestëmmt?

Den éischte Kongress dëst Joer war dee vun der ADR. Si hu sech ganz kloer vu de Regierungsparteien (DP, LSAP, Déi Gréng) an der gréisster Oppositiounspartei (CSV) distanzéiert an d´Ideologien praktesch all ofgelehnt. Mat hirem Slogan „Dynamesch an Optimistesch“ hoffe si deemno den 8. Oktober Wieler kenne fir sech ze gewannen.

D´CSV wëll mam Slogan „Kloer, no a Gerecht“ ënnersträichen, dass si fir eng iwwergräifend Politik stinn, dass si fir all Bierger do sinn a virun allem, dass si an den Wahlen als Vollekspartei untrieden. Doriwwer eraus huet d’CSV sech virun allem an der Familljepolitik vun den Regierungsparteien ofgegrenzt.

Déi Lénk hunn sech op hirem Nationalkongress virun allem géint den totalen Konsens gewiert deen all déi aner Parteien an zwee Themen hunn: der Militärpolitik, esou wéi am Verteidegen vun der Finanzplaz. Si wëllen sech virun allem fir besser Conditiounen fir d'Aarbechtsnehmer asetzen.

Bei der LSAP ass et um Kongress virun allem em d'Themen Famill, Wunnengsbau an Liewensqualitéit gaangen. D'Partei huet awer och virun engem Rietsruck gewarnt an d'Oppositiounsparteien (CSV, ADR) dofir kritiséiert, dass déi zwou Parteien keng Alternativen zur Regierungspolitik opweisen kéinten.

Déi Gréng haten hire Kongress den 13. Mee, wou si hire Slogan ´Gréng wierkt´ presentéiert hunn. Si hunn hei ënnert anerem wollte weisen, wéi déi gréng Politik bannent de leschte Jore gewierkt huet. Hier Prioritéite fir d´Gemengewahlen si bezuelbare Wunnraum, Kannerbetreiung an eng gesond Ëmwelt.

D´DP hat hire Nationalkongress als lescht Partei an wëll mam Slogan „Mat Häerz a Séil“ iwwerzeegen. Si hunn ënnerstrach, dass d´DP op nationalem Niveau bannent de leschte Joren eng gutt Aarbecht geleescht hätt, wat ee sech och vu kengem géif schlecht maache loossen.

Nationalkongresser ginn deemno oft als eng éischt Geleeënheet gesinn bei där een déi ënnerschiddlech Parteien fir den nächsten Walkampf kann kennen léieren. En vue vun den Gemengewalen am Oktober ass et also wichteg sech iwwert d’Nationalkongresser vun dësem Joer besonnesch ze informéieren.

Artikelen fir weider ze liesen:

Dës Woch fannt Dir bei eis Artikelen zu den jeeweilegen Kongresser, am Plaatz vun den gewéinlechen 3x2 Artikelen op däitsch, franséisch an englesch.

CSV:

- https://www.wort.lu/de/politik/csv-kongress-in-ettelbrueck-den-wechsel-klar-im-blick-58d6867fa5e74263e13ac8da

DP:

- http://www.journal.lu/top-navigation/article/mat-haeerz-a-seil/

LSAP:

- http://www.tageblatt.lu/digital/foto/story/LSAP-warnt-vor-Rechtsruck-24905523

Déi Gréng

- http://www.tageblatt.lu/nachrichten/story/Grune-Ideen-sind-die-der-Zukunft-28278974

ADR:

- http://www.journal.lu/top-navigation/article/echte-alternative-fuer-das-land/

Déi Lénk:

- http://www.tageblatt.lu/nachrichten/story/Die-Guerillatruppe-16666684

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://www.tageblatt.lu/diashow/9509/9509-LqJJq7yMBJJ1eOcSkwS07w.jpg

- Bild 2: https://blobsvc.wort.lu/picture/9cdd7160c0cf338bc4768ccc5d1335ff/577/356/wortv3/8c7ee843cde558659829f8f0e40b9c6bc7a240b8


36 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page