top of page

Wat ass dem Trump seng Russland-Affär?


Dës Woch war eng immens chaotesch fir den US-President Donald Trump. Nieft villen neien Erkenntnisser iwwert seng Verbindungen mat Russland, huet hien fir vill Opreege gesuergt wéi en den FBI-Direkter Comey vun sengem Posten entfernt huet. Mir huelen dës Geleeënheet fir iwwert dem Trump seng Russland-Affär ze schreiwen. Em wat geet et genau ? Wat ass gewosst ? An kann dës Affär dem Trump geféierlech ginn ?

Déi nei Erkenntnisser deiten dorops hin, dass d’Verbindungen tëscht dem Trump an Russland schonn zeréck ginn an d’Zäit virun den Wahlen. Et ass elo gewosst, dass vill vum Trump sengen enksten Beroder sech deemools mam russeschen Ambassadeur Sergei Kislyak getraff hunn. Em wat et an dësen Meetinge gaangen ass, ass net gewosst.

Allerdéngs hunn op mannst zwee wichteg Beroder iwwert dës Meetinge gelunn. Den Jeff Sessions, deen elo Justizminister ass, huet bei senger Confirmatioun virum US-Senat net d’Wourecht gesot. Den Michael Flynn, deen usech schonn als National Security Advisor fir den Trump geschafft huet, misst no nëmmen 3 Wochen ophalen, well hien den Vize-President Mike Pence heiriwwer belunn huet. Weider Beroder déi sech mam Kislyak virun den Wahlen getraff hunn, sinn den Jared Kushner (dem Ivanka Trump säin Mann) an den Paul Manafort (eng Zäit dem Trump säin Wahlcampagnechef).

Mee den Trump huet och selwer fir Spekulatiounen zu sengen Russland-Verbindungen gesuergt wéi hien virun den Wahlen op der Televisioun Russland dozou opgefuerdert huet, dem Hillary Clinton seng E-mails ze hacken an ze publizéieren. Wéi dëst geschitt ass, huet den FBI-Direkter Comey eng nei Investigatioun géint d’Hillary Clinton ugefaangen – eng Entwécklung déi dem Clinton am Wahlkampf geschuet huet.

Deemools huet den Trump den FBI-Chef Comey nach gelueft. Wéi deen awer dunn ugefaangen huet d’Verbindungen tëscht dem Trump sengen Beroder an Russland ze ënnersichen, huet den Trump hien gefrot fir opzehalen domadder an him seng Loyalitéit ze verspriechen. Wéi den Comey dëst net gemaach huet, gouf hien vun sengem Posten entfernt. Obwuel eng Zäit net kloer war firwat den Comey goen misst, huet den Trump selwer bestätegt, dass hien en wéinst der Russland-Investigatioun entlooss huet.

Mee kann dës ganz Affär dem Trump geféierlech ginn ? Den eenzegen Wee en US-President vun sengem Amt ze entfernen ass duerch en « impeachment ». Dëst ass eng Ënnersichung vum Parlament iwwert méiglecht Feelverhalen vum President. En « impeachment » kann nëmmen vum House of Representatives ugefaangen ginn, iert den Prozess bei den US-Senat iwwer geet. Hei huet den President eng Méiglechkeet sech ze verteidegen. Wann doropshin den Senat mat enger Zwee-Drëttel-Majoritéit entscheet, dass den President schëlleg ass, muss hien goen. Am Moment ass dësen Prozess allerdéngs net lancéiert. Een Grond dofir ass, dass d’Republikaner eng Majoritéit an béid dem House of Representatives an dem Senat hunn an sech bis elo wéineg bereet weisen fir en « impeachment » géint en President vun hirer Partei unzefänken.

Dës Affär, déi schonn eng Zäit leeft, schéngt och net an noer Zukunft fort ze goen. Déi neisten Enthüllung ass, dass den Trump während sengem Treffen mam russeschen Ausseminister Lavrov geheim Informatiounen enthüllt huet. Obwuel dëst fir en President net illegal ass, huet et fir weider Spekulatiounen gesuergt. Et bleift also weiderhin wichteg d’Detailer vun dëser Affär ze kennen.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel iwwert dem Trump säin Versuch d'Ermëttlungen géint seng Berooder ze stoppen.

http://www.zeit.de/politik/ausland/2017-05/usa-donald-trump-james-comey-michael-flynn-fbi-russland-ermittlungen

- En Artikel iwwert dem FBI-Direkter Comey seng Entloossung.

https://www.tagesschau.de/ausland/fbi-comey-mccabe-101.html

Franséisch:

- Eng Iwwersiicht vun den bisheeregen Fakten zur Trump-Russland-Affär.

http://www.courrierinternational.com/article/etats-unis-trump-et-la-russie-ce-que-lon-sait-ce-jour

- En Artikel iwwert dem Trump säin Meeting mam russeschen Ausseminister Lavrov, wou hien geheim Informatiounen soll gedeelt hunn.

http://www.lemonde.fr/ameriques/article/2017/05/16/selon-le-washington-post-m-trump-aurait-communique-des-informations-confidentielles-a-la-russie_5128150_3222.html

Englesch:

- Eng Iwwersiicht vun den Détailer déi bis elo gewosst sinn iwwert d'Verbindungen tëscht Russland an Leit aus dem Trump sengem Entourage.

https://www.washingtonpost.com/graphics/national/trump-russia/?utm_term=.f8cad9ca19a9

- Eng Analyse vun der Wahrscheinlechkeet, dass en "Impeachment"-Prozess géif ugefangen ginn géint den Trump.

https://www.vox.com/policy-and-politics/2017/5/15/15640570/trump-comey-russia-republican-voters

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1 : http://assets.nydailynews.com/polopoly_fs/1.3168380.1494884613!/img/httpImage/image.jpg_gen/derivatives/article_750/united-states-russia.jpg

- Bild 2: https://cdn0.vox-cdn.com/thumbor/Z11jTUfCyR74Wm-5EFjwH0RlJzo=/800x0/filters:no_upscale()/cdn0.vox-cdn.com/uploads/chorus_asset/file/8097683/WaPo_Trumpnet.png


204 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page