Wéi geet et weider mam Macron?

D’Europahymn gëtt gespillt, wéi den Emmanuel Macron senge Wieler virum Louvre zu Paräis entgéinttrëtt – e klore Statement pro Europa vum kënftege franséische President. De Sonndeg huet de 39-järegen parteionofhängege Politik-Newcomer mat 66% vun de Stëmmen d’Presidentschaftswahlen a Frankräich gewonnen, an domat seng Konkurrentin Marine Le Pen ausgestach. Vill Politiker an Bierger an Europa waren erliichtert, well d’Gewannen vum Marine Le Pen nom Brexit a matten an enger Flüchtlingskris e weidert Suergekand fir d’Europäesch Unioun gewiescht wier. Mee wéi wäert et fir Frankräich weider goen ënnert engem President Macron?
Bis elo ass net ganz kloer, wéi hie sech an verschidden Themen selwer positionéiert. Réischt wann hien seng Ministeren, dorënner och säi Premier, bekannt gëtt, wäert sech eng kloer Linn weisen. Wéi et dann an de 5 Joer vu senger Amtszäit mat Frankräich weidergeet, ass entscheedend fir déi laangfristeg Zukunft vun der Republik. Dass eng Populistin wéi d’Le Pen esou wäit konnt kommen ass e kloert Zeechen dofir, dass en groussen Deel vun den franséischen Bierger onzefridde sinn an dréngend Verännerung wëllen. De Macron steet also elo virun der schwiereger Aufgab, sech ze beweisen a säi Vollek wierklech ze héieren. Dorënner fale virun allem zwee grouss Beräicher: den Aarbechtsmaart an d’Immigratiounspolitik. Säit Joren sinn a Frankräich reegelméisseg Protester vun de Salariéeën an de Gewerkschaften, well de Chômage esou héich ass an d’Aarbechtsbedingunge sech verschlechteren. Donieft ginn et säit 2015 duerch eng Serie vun islamistesch motivéierter Terroruschléi ëmmer méi Bierger déi sech géint Immigratioun ausschwätzen.

De Macron wëllt ob déi Punkte agoen andeems hien Fortbildunge fuerdert, besonnesch bei Chômeuren aus benodeelegte Regiounen. Hien wëll och Entreprise sanktionéiere, déi laangjäregen Ugestallten onbefrist Aarbechtsverträg verweigeren. En vue vum Terrorismus vertrëtt hien d’Astellung, dass sech an enger éischter Linn d’Natioun net dierf spalte loossen, an huet sech a senger Dankesried e Sonnden géint jeglech Diskriminatioun ausgeschwat. Trotz allen Onsécherheeten bei de Fransousen géigeniwwer Flüchtlingen an Auslänner, virun allem aus den nërdlech-afrikaneschen an muslimesche Länner, wëll hien eng méi oppe Flüchtlings- an Integratiounspolitik féieren.
Ob den eemolege Banquier seng Projeten realiséiere kann, hänkt maassgeeblech vum nächste Mount of: den 11. an 18. Juni sinn a Frankräich Parlamentswahlen. De Problem dobäi: dem zukünftege President seng Partei „En Marche“ ass eréischt 1 Joer al an huet domadder keng Setz am Parlament. Do bréicht hien awer eng Majoritéit, wann hie bei senge Pläng op Ënnerstëtzung wëll treffen. Dass d’Kandidaten aus senger nei gegrënnter Partei vun null Deputéierten op esou eng Majoritéit kommen ass eng schwiereg Aufgab. Ëmmerhin bräicht hien 289 vun 577 Sëtzer am Parlament fir d’Regierungsmajoritéit ze hunn. Verschidden Experten mengen, dass déi traditionell Parteien besser ofschneiden wäerten wéi de Macron a „seng“ Kandidaten. De Front National ëm d’Marine Le Pen huet och schonn ugekënnegt, en haarde Wahlkampf ze lancéieren fir erfollegräich aus de Parlamentswahlen ervirzegoen.
Et bleift also elo an enger éischter Instanz ofzewaarden, wéi sech och nach déi Wahl entwéckelt. Nëmmen dann kann een wëssen ob den nei gewielten President seng Virstellungen ëmsetzen kann.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- Sech Saachen, déi de Macron fir d'Europäesch Unioun virgesäit.
http://www.huffingtonpost.de/2017/05/07/was-macron-mit-europa-vor_n_16468880.html
- En Artikel iwwert dem Macron seng verschidde Facetten.
Franséisch:
- En detailléierten Artikel iwwert dem Macron säi Programm.
- E privaten a politeschen Portrait vum Emmanuel Macron.
http://information.tv5monde.com/info/portrait-emmanuel-macron-l-homme-presse-153980
Englesch:
- Dem Macron seng Erausfuerderungen, mat Fokus op d'Parlamentswahlen.
http://www.reuters.com/article/us-france-election-idUSKBN1840GT
- En Artikel iwwert dem Macron seng méiglech Ministeren.
http://www.bbc.com/news/world-europe-39825005
Sourcen vun den Biller: