100 Deeg Donald Trump

Den Donald Trump ass elo eppes iwwert 100 Deeg President vun de Vereenegte Staaten vun Amerika. Hien huet während dem Walkampf vill versprach an elo gouf dann och gespaant op seng 100 Deeg zeréck gebléckt fir ze évaluéieren ob hien schon en Deel vun sengen Verspriechen anhaalen konnt.
Den Donald Trump selwer huet en Editorial iwwert seng éischt 100 Deeg geschriwwen. Do seet hien, dat hien d’politesch Muecht net vun enger Partei ob déi aner transferéiert huet, mee hien huet déi Muecht aus Washington zeréck un d’Bierger ginn. Hien ass och der Meenung, dass d’Medien net iwwert säi Succès schreiwen, well si vum momentanen System profitéieren. An sengem Editorial weist hien dann och op e puer konkret Mesuren déi hien geholl huet. Eischtens huet hien den TPP-Traité annuléiert, well deen déi amerikanesch Aarbecht outsourcë géif. Hien schreift och, dat hien 29 Dekreter ënnerschriwwen huet, wat säit dem Harry Truman keen President an sengen éischten 100 Deeg méi gepackt huet. Zweetens huet hien Restriktiounen iwwert Produktioun vu fossillen Energien och annuléiert. Zudeem geet hien drop an, dat hien déi illegal Immigratioun mat Succès gebremst hätt fir dat amerikanescht Vollek ze protegéieren. An der Verteidegungspolitik, schreift hien vun engem erfollegräichem Manöver a Syrien an doriwwer dass wéinst him d’NATO-Memberen elo hire faire Montant bezuelen géifen. Schlussendlech weist hien och dorop hinn, dass hien en neien Riichter den Neil Gorsuch fir den Ieweschten Geriichtshaff konnt ernennen - en konservativen Riichter deen dës Positioun elo liewenslaang huet.
Ee vu sengen Haaptpunkte vum Walprogramm - Obamacare ofzeschaafen – ass net ugeschwat ginn. „Repeal and Replace Obamacare“ war een vum Donald Trump sengen meescht genotzten Ausdréck, mee hien konnt do nach keen Duerchbroch provozéieren. Eréischt beim zweeten Versuch huet en neit Gesondheetsgesetz et duerch d'House of Representatives gepackt. Allerdéngs muss et och nach vum Senat accordéiert ginn. Dem Donald Trump säin Dekret, Mënschen aus bestëmmte Staaten et ze verbidden an d’USA anzereesen, gouf direkt zwee Mol vun Geriichter opgehuewen, obwuel déi zweet Versioun iwwerschafft gouf fir genau dat ze evitéieren. Am Wahlkampf huet den amerikanesche President och Versprach an 30 Deeg, ee Plang ze presentéieren, fir den Islameschen Staat ze zerstéieren. Dat ass bis elo nach net geschitt.

Den Trump ass bis elo och nach net wierklech un engem aneren vun sengen Haaptverspriechen virukomm. Hien wollt eng Mauer tëschent Amerika an Mexiko bauen fir d'illegal Immigratioun ze verrengéren. Allerdéngs sinn am neien Budget, iwwert deen d'Demokraten an d'Republikaner sech laang net eenz waren, keng Suen fir den Bau vun esou enger Grenzmauer virgesinn. Doriwwer eraus ass den Trump wäit hannendran fir vill vun den wichtegsten administrativen Posten vum Staat ze fëllen. Esou haat hien no 100 Deeg manner wéi 10% vun all den Posten gefëllt. Schlussendlech ass seng Administratioun och vun villen Skandaler geprägt, déi Presidenten virun him op mannst an den éischten 100 Deeg evitéieren konnten - sou wéi zum Beispill potentiell Verbindungen vun Leit aus senger Administratioun mat héichen russeschen Offiziellen.
Den Donald Trump konnt bis elo nach net vill Verspriechen halen. Mee dovun ofgesi sinn et bis elo déi éischt 100 Deeg vu senger Amtszäit. Trotzdem wäert hien probéieren esouvill wéi méiglech duerchzesetzen.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
-Dem Donald Trump seng Stéierreform
http://www.zeit.de/politik/ausland/2017-04/donald-trump-usa-steuern-reform
-Den amerikaneschen President géif den Nordkoreaneschen Diktator Kim Jong-Un treffen
Franséich:
-Frankräich gëtt vum Trump ignoréiert
http://www.leparisien.fr/politique/pour-trump-la-france-ne-compte-pas-17-01-2017-6577830.php
-Een klenge Resumé vun den 100 Deeg
http://www.liberation.fr/planete/2017/04/26/une-partie-d-echecs-a-la-maison-blanche_1565608
Englesch:
-Dem Donald Trump seng Stéierverëffentlechung ass nach ëmmer net aus der Welt
-Eng Analyse wéi d'Stéierreform der sougenannter Mëttelklass hëlefen soll
Source vun de Biller:
Bild1:https://www.whitehouse.gov/administration/president-trump
Bild2: http://www.economist.com/blogs/graphicdetail/2017/04/daily-chart-21