Wat dierf en(g) franséischen(en) President(in) ?

Den leschten Sonnden waren ons franséisch Noperen opgeruff een neien President ze wielen. Dobäi konnten eng ronn 47 Milliounen Fransousen hier Stemm, vir hiren Favorit ofginn. Bei dësem éischten Tour vun den Presidentiellen goung et dorëms vir erauszefannen, wéi eng 2 Kandidaten am meeschten Stemmen kruten. Do konnten sech d’Marine Le Pen vum rietspopulisteschen Front National an den onofhängegen Kandidat Emmanuel Macron duerchsetzen trieden den 7 Mee an engem 2. Tour nach eng Kéier géinteneen un. De Gewënner gëtt dann zum(r) neien(r) President(in). Mee wat sinn iwwerhaapt d’Pouvoiren vun engem franséischen President ? An wei gesinn déi politesch Plang vum Macron an vum Le Pen aus?
Den franséischen President gëtt vir eng Zäit vun 5 Joer gewielt an ass dat héchsten Staatsorgan an sengem Land. Aus deem Grond ass en och mat enger ganzer Rei vun Pouvoiren ausgestallt. Zum Beispill ernennt den President den Premierminister. Doniewent huet hien d'Recht d'Parlament opzeléisen an Neiwahlen ze verkënnegen. Seng Muecht weist sech awer och doduerch, dass den President den héchsten Chef vun der Arméi ass an domadder och eng grouss Roll an internationalen Konflikter spillen kann. Domatten huet den franséischen President an sengem Land een gutt Stéck méi Muecht wei zum Beispill déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel an Däitschland oder och de Premierminister zu Lëtzebuerg.
D‘Resultater vun en Sonnden hunn dunn och nawell vir vill Opmierksamkeet gesuergt, well vill Leit dësen Vote och als Vote iwwert d‘Zukunft vun der Europäescher Unioun gesinn hunn. Obschonns den onofhängegen Kandidat Macron liicht méi Stemmen krut, ass och vill iwwert den Front National vum Marine Le Pen diskutéiert ginn.

Den Front National an d Marine Le Pen suergen ëmmer erëm vir Opmierksamkeet. Enner anerem well d‘Partei den Austrëtt aus der Europäescher Unioun. Doriwwer well d‘Marine Le Pen een Referendum ofhalen, am Fall vun enger Victoire. Doniewent sollen och d‘Grenzen vum Land zougemaach ginn vir ze verhënneren dass ze vill Flüchtlingen an net-Fransousen den Wee bis an Frankräich fannen. Well vir den Front National leit do oft d Ursaach vun Aarbechtslosegkeet, Verloscht vun der nationaler Kultur an awer och terroristesch Menacen. Dëst ass en Programm mat dem d‘Marine Le Pen ëmmer méi Zousproch fonnt huet - bei Aal wei och bei Jonk.
Mee wéi stellt den Emmanuel Macron sech Zukunft vun Frankräich vir? Mat eréischt 39 Joer wier den Macron den bis elo jéngsten franséischen President. Am Geijensaatz zum Le Pen schwätzt hien sech kloer vir eng oppen an tolerant Gesellschaft, wei och eng staark EU, aus. Dobäi seet hien vun sech selwer, weder riets nach lénks ze sinn mee all d Fransousen representéieren ze wëllen. Den Macron well d'Land duerch sozial an awer och liberal Reformen weider bréngen. Domatten erhofft hien sech een méi breeden Publikum unzeschwätzen wei d‘Le Pen.
Et bleift also den 7 Mee an den 2. Tour ofzewaarden bis mer genau wëssen wien Frankräich déi nächst 5 Joer dirigéieren wäert. Et ass allerdéngs kloer, dass déi 2 Kandidaten ganz ënnerschiddlech Visiounen hunn an d’Amt vum President an Frankräich dem jeeweilegen Gewënner vill Pouvoiren gëtt fir dës och ëmzesetzen.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- Eng Iwwersiicht vun den Programmer vun den 2 Kandidaten.
- En Verglach vun den 2 Kandidaten hieren Virstellungen zur Europäescher Unioun.
https://www.tagesschau.de/ausland/nach-der-wahl-frankreich-101.html
Franséisch:
- Eng Iwwersiicht vun den Pouvoiren vum franséischen President.
- En Artikel zu den programmateschen Ennerscheeder tëschent den 2 Kandidaten.
Englesch:
- Eng Iwwersiicht vun den Wahlresultater.
https://www.nytimes.com/interactive/2017/04/23/world/europe/french-election-results-maps.html
- Eng Erkläerung an Analyse zum zweeten Tuer vun den Wahlen.
https://www.theguardian.com/world/2017/apr/04/french-elections-all-you-need-to-know
Sourcen vun den Biller:
- Bild 2: https://cdn6.24live.co/images/2017/04/24/1492985066300702.jpg