top of page
  • Kim

Wat ass de Koreakonflikt?

Dës Woch huet den amerikanesche President sech fir d’eicht zu senger Nord-Korea Politik geäussert. Deemno géif hien och ouni China, déi ee groussen Afloss op Nord-Korea hunn, intervenéieren. Dat wäert sech am Gespréich tëschent dem Donald Trump an dem chinesesche President Xi Jingping ufanks Abrëll méi kloerstellen. Dowéinst wëlle mir des Woch de Koreakonflikt méi genau erklären.

1910 huet sech Japan Korea als Kolonie zu Notze gemaach an iwwert Joren d’Ressourcen un sech geholl. Well Japan den 2. Welktrich verluer huet, ass Korea un d'Sowjetunioun an un d'USA gangen. Den Norde vu Korea ass un d’Sowjetunioun gaangen an de Süden un d’USA. Déi zwee Länner konnten kee Friddenstraité erreechen. Si hunn awer hier politesch Muecht an hire Sektoren etabléiert. 1948 hunn sech dunn déi amerikanesch Truppen zeréck gezunn. D’UN huet 1948 probéiert friddlech Wale fir eng Vereenegung vu Korea ze erméiglechen. Mee et ass zu Protester a Südkorea komm, déi vun Nordkorea ënnerstëtzt goufen. Schlussendlech ass 1948 d'Republik Korea gegrënnt ginn mam Zil d’Hallefinsel ze vereenegen. Puer Woche méi spéit ass dann och Demokratesch Volleksrepublik am Norden ausgeruff ginn. Bis haut bestinn déi 2 Länner separat vuneneen.

1950 ass et dann zum Koreakrich komm. D´kommunistesch Truppen ënnert dem Diktator Kim Il-Sung, sinn a Südkorea eramarschéiert an hunn bannent 3 Méint bal déi ganz Hallefinsel iwwerholl. D'USA sinn awer dunn Südkorea zur Hëllef komm. Während deenen 3 Joer Krich sinn Schätzungen no 3 Millioune Mënsche gestuerwen. De 27. Juli ass et zu Panmunjom zu engem Waffestëllstandsaccord komm. Dat huet d’Deelung vun Nord- a Südkorea zementéiert. Mee bis haut ass et net zu engem Friddensofkommes komm, wat bedeit, dat bis haut offiziell ee Krichszoustand besteet.

Een vun den wichtegsten Aspekter vum Korea-Konflikt ass den Nuklearprogramm vun Nordkorea. Usech huet Nordkorea 1985 ee sougenannten Atomwaffensperrtraité ënnerschriwwen an och 1992 een Traité mat Südkorea ofgeschloss, d’Hallefinsel atomwaffenfräi ze halen. Mee iwwert Satelliten goufen ongewéinlech Aktivitéite vun engem Reakter an Nordkorea entdeckt. Doropshinn wollten d'IAEA, eng international Organisatioun fir Atomenergie, a Südkorea eng Ënnersichung an Nordkorea duerchféieren.

Mee duerch Verhandlunge tëscht den USA an Nordkorea ass et 1994 zu engem „Agreed Framework“ komm. Nordkorea huet d’Plutoniumsproduktioun agefruer an d’USA hunn sech verflicht Ueleg a Waasserreaktoren ze bauen. Fir net ze vill drop anzegoen, deen Traité huet huet just Limiten fir d’Plutoniumproduktioun virgesinn an net fir d’Uranproduktioun fir Waffen. Wou dann Zeechen do waren, dat Nordkorea Uranproduktioun ugefaangen huet, huet d’USA Nordkorea ënner Drock gesat opzehalen. Nordkorea huet als Reaktioun awer dunn einfach den Atomwaffensperrtraité annuléiert.

Aktuell huet Nordkorea am Februar een Test vun enger Mëttelstreckerakéit mat Succès getest. De Moien fréi huet Nordkorea eng Rakéit an d'Mier virun Japan lancéiert. Des Tester ginn als Provokatioun ugesinn, well Nordkorea domader beweisen well, dass si kéinten Atombommen an Südkorea an och an Japan schéissen. Ausserdeem ass d'Situatioun mat sou tester ëmmer ugespaant, well d'Haaptstad vun Südkorea direkt under Grenz mat Nordkorea leit an domader immens séier kéint ugegraff ginn. Zudeem zweiwelen Experten, ob China nach een Afloss op den nordkoreaneschen Diktator Kim Jong-Un huet, well säit 2012, wou den Kim Jong-Un sengem Papp säin Amt iwwerholl huet, ass et zu kengem perséinlechem Gespréich komm. Virdrun huet China neemlech oft als Vermëttler tëscht Nordkorea an sengen Géigner gehollef fir Verhandlungen ze organiséieren.

Den Donald Trump huet ob déi aktuell Menace aus Nordkorea gesot, dat China entweder hëllefe kéint, oder d’USA géif sech drëms këmmeren. Nordkorea drot säit laangem d’USA mat enger Atomwaff z’attackéieren. Vu que dat hire rezenten Test positiv war, ass d’Menace méi grouss ginn. De 6. an de 7. Abrëll trëfft den Trump de chinesesche President Xi Jinping an da wäerte mir villäicht méi wëssen, wéi et mat Nordkorea wieder geet. Op alle Fall ass den Korea-Konflikt, deen schonn säit Jorzéngten besteet, elo erëm vill méi aktuell.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

Een kuerzen Artikel iwwert Kim-Dynastie

-http://www.faz.net/aktuell/politik/nordkorea-die-kim-dynastie-11042615.html

Een Artikel deen gudd erkläert, wéi prekär d'Situatioun am Moment ass fir d'USA

-http://www.sueddeutsche.de/politik/aussenansicht-koreanische-albtraeume-1.3446893

Franséisch:

Aktuell, den 05.04.17 huet Nordkorea eng Rakéit an d'Mier virun Japan lancéiert

-http://www.leparisien.fr/international/la-coree-du-nord-tire-un-missile-en-mer-du-japon-05-04-2017-6825303.ph

Malaysien an Nordkorea sinn am Moment an engem diplomatesche Konflikt

-http://www.leparisien.fr/flash-actualite-monde/les-malaisiens-otages-de-fait-en-coree-du-nord-07-03-2017-6739551.php

Englesch:

3 Méiglechkeeten wéi den Donald Trump kéint firgoen

- http://edition.cnn.com/2017/04/03/politics/trump-north-korea-china-xi/

Historësche Iwwerbléck iwwert den Koreakonflikt

-http://www.bbc.co.uk/history/worldwars/coldwar/korea_hickey_01.shtml

Soucen vun de Biller:

Bild 1: http://www.telegraph.co.uk/news/worldnews/donald-trump/12092353/Donald-Trump-praises-Kim-Jong-un-for-his-firm-hand-with-executed-uncle.html

Bild 2: https://www.welt.de/politik/ausland/article115200727/Nordkorea-hat-das-Potenzial-fuer-Dutzende-Atombomben.html


169 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page