Wéi geet den Brexit weider?

Elo wou England offiziell den Prozess ugefangen huet fir aus der EU auszetrieden, ass den sougenannten "Brexit" natierlech erëm an den Schlagzeilen. Am Oktober dat lescht Joer haten mir schonn dëst Thema ugeschwat. Mee elo wou den Artikel 50 déclenchéiert gouf, geet et an eng aner Phase vum Brexit op déi mir elo wëllen méi genau agoen.
Am Juni 2016 ass an England an engem Referendum ofgestëmmt ginn fir aus der EU auszetrieden. Doropshinn huet sech och eng nei Regierung ënnert dem Theresa May gebilt, déi elo d'Verhandlungen mat der EU féiert. Fir d'Resultat vun dësem Referendum an d'Réalitéit emzesetzen huet England missen den Artikel 50 vum Lissabon-Traité aktivéieren. Dëst ass haut (Mëttwochs, den 29. Mäerz) offiziell mat engem Bréif un den Europäeschen Conseil geschitt. Domader kënnen d'Verhandlungen an den nächsten Wochen ufänken an mussen bis Mäerz 2019 ofgeschloss sinn.
Allerdéngs dierften sech déi Verhandlungen als immens schwiereg erweisen. Den engleschen Brexit-Minister David Davis huet souguer gemengt et kéinten déi komplizéiertesten Verhandlungen jeemools ginn. Alleng den Ufankspunkt wéivill Suen England der EU schëllegt ass emstridden. Heibäi handelt et sech em versprachen Suen déi England nach mat décidéiert huet, mee déi nach net ausbezuelt ginn sinn, esou wéi Investissement-Projekter oder Pensiounen. Ob an wéivill vun dësen versprachenen Suen England der EU iwwerweist wäert een vun den éischten Sträitpunkten ginn.

Een vun den gréissten Probleemer ass dass déi bisheereg Positiounen tëscht England an der EU immens ënnerscheedlech sinn. Während d'Englänner drop hoffen, dass et wéineg Sënn mécht fir d'EU England fir den Austrëtt ze bestroofen, sinn vill europäesch Regierungschefen der Meenung dass een misst aus England en Beispill maachen, wat geschitt wann een d'EU verléisst. Zum Beispill huet d'Angela Merkel gemengt, dass England sech net kéint just déi Stécker aus der EU eraussichen déi hinnen gefalen. Dëst ass eng Positioun déi och vum Mark Rutte an Holland an dem franséischen Präsident François Hollande gedeelt gëtt.
Dat bréngt een awer direkt bei den nächsten komplizéierten Faktor vun den Verhandlungen - den Timing. An den nächsten 12 Méint stinn Wahlen an Frankräich, Däitschland an Italien um Programm, 3 Länner iwwert déi oft gesoot gëtt, dass net vill an der EU leeft wann si net d'accord sinn. An well den Brexit-Prozess innerhalb vun 2 Joer ofgeschloss muss sinn, wäert d'Halschent vun der Zäit schonn ofgelaaf sinn iert, dass dës Wahlen all eriwwer sinn.
Virun den Wahlen wäerten d'Regierungscheffen vun dësen Länner wuel éischter net bereet sinn vill Kompromisser mat England anzegoen. An d'Wahlen selwer kënnen dozou féieren dass d'Verhandlungspositiounen abrupt änneren kënnen, wann eng nei Partei an den jeeweilegen Länner un d'Muecht kënnt. Sou kann et also sinn, dass d'Verhandlungen an der Mëtt op d'Kopp gestallt ginn. Den Probleem ass neemlech en Accord ze fannen deen all EU-Member an och d'EU-Parlament akzeptabel fënnt, well deen muss vun all Parlament ratifizéiert ginn.
An dëst sinn nëmmen d'Komplexitéiten vum Prozess selwer. Déi eenzel Themen sinn och äußerst komplex - wéieen Accès kritt England op den EU-Marché nom Brexit? Wat fir Rechter wäerten EU-Bierger an England hunn (an emgedréint)? Wat fir eng militäresch Coopératioun wäert an Zukunft gemaach ginn? An dann huet England selwer nach intern Probleemer déi d'Verhandlungen kéinten méi schwiereg gestalten, sou wéi d'Verlangen vun Schottland fir en zweeten Onofhängegkeetsreferendum. Et gesäit also dono aus wéi wann et wierklech kéinten déi schwieregst Verhandlungen säit laangem ginn.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- Eng Iwwersiicht vun den elementarsten Froen ronderem den Brexit.
- En Artikel zur Verhandlungspositioun vun der EU.
Franséisch:
- En Artikel zur Verhandlungspositioun vum Michel Barnier, den Responsablen fir d'EU-Säit bei den Brexit-Verhandlungen.
- Wat geschitt wann keen Accord fonnt gëtt bis Mäerz 2019?
Englesch:
- Eng Iwwersiicht vun den Positiounen vun all EU-Land vis-a-vis vun den Brexit-Verhandlungen.
http://www.politico.eu/article/what-the-eu27-wants-from-brexit/
- Eng Iwwersiicht vun den Haaptnegotiateuren op béiden Säiten.
http://www.bbc.com/news/world-europe-39236683
Sourcen vun den Biller:
- Bild 2: http://ichef.bbci.co.uk/news/624/cpsprodpb/F9AF/production/_90091936_img_5827.png