Wat ass de Schulz-Effekt?

Elo ass et offiziell. Nodeems den 61-järege Politiker Martin Schulz a ganz Däitschland eng „Schulzmania“ ausgeléist huet, gouf hien de Sonden um ausseruerdentleche Parteidag vun der SPD zu hirem neie Parteichef gewielt – mat engem Resultat, dat an d’Geschicht ageet. 100% vun de 605 gültege Stëmmen huet hie kritt, just 3 Vote waren net gülteg. Domat stellt de Schulz en neie Rekord an der Nokrichszäit op. Mä wouhier kënnt dat Resultat?
Den eemolege President vum EU-Parlament hat am November 2016 ugekënnegt, vun der Europapolitik zréck an d’Bundespolitik an Däitschland ze wiesselen. Den 29. Januar 2017 gouf hie vum SPD-Parteivirstand eestëmmeg zum Kanzlerkandidat ernannt – den Ufank vu sengem Rakéitenopstieg. Säit des Decisioun getraff gouf, huet d’SPD 13000 nei Membere kritt, an net nëmmen dat: d’Partei ass an de Wielerëmfroen op méi wéi 30% Zoustëmmung eropgeklommen a liwwert sech domat en ebenbürtege Kampf mat der CDU/CSU. Dat weist, dass de Schulz-Hype real ass. Wéi deen zustane komm ass, do sinn sech d’Leit oneeneg.
Fakt ass, dass de Schulz bis elo inhaltlech net vill ugekënnegt huet. Bis zur Ofstëmmung vum Wahlprogramm vun der Partei am Juni hält hie sech verdeckt a bleift bei allgemengen Äusserungen. Sou huet hie sech de Sonde fir eng Politik vun der „Gerechtegkeet, Respekt a Würd“ ausgesprach, a fir eng gratis Ausbildung vun der Précoce bis an de Studium. Weiderhinn huet hien un der AfD an dem Donald Trump kee gutt Hoer gelooss, mä och déi geplangten Steierreform vun der CDU/CSU huet hie schaarf kritiséiert. Konkret Mesurë sengersäits oder méiglech Koalitioune bleiwen dobäi aus. Muencheree spekuléiert elo, dass dat eng bewosst Strategie ass. Soulaang de Schulz kee klore Programm presentéiert a Positioun bezitt, gëtt et keng Ugrëffsfläch géint hien. Soubal hien nämlech eng Meenung äussert, wäert et Kritiker ginn, déi net domat averstane sinn. Dofir kënnt et him momentan zugutts, net all ze vill ze verroden.

Eng aner Erklärung fir de Schulz-Effekt ass eng ganz mënschlech: säi Charisma. Vill Leit gesinn de Schulz als e sympatheschen an éierleche Mënsch, wat virun allem an enger Politikwelt, där oft Ligen a Korruptioun virgeworf ginn, wëllkomm ass. Net zu lescht ass hien och dowéinst sou beléift, well hien net d’Merkel ass. Déi amtéierend Bundeskanzlerin huet an deene leschte Joren notamment mat hirer Flüchtlingspolitik vill un Zoustëmmung agebüßt, a vill Leit wëlle Verännerung. Do kënnt fir vill Leit en erfahrene, charismatesche Sozialdemokrat grad richteg. Déi Stëmmung am Vollek spigelt sech och an der Partei erëm. D’Membere reagéieren euphoresch, wéi dat historescht Ergebnis verkënnegt gouf. Bei souenger Meenung vun de Bierger, kann d’SPD näischt anescht maache wéi op de Schulz-Zuch mat opzesprangen, fir villäicht erëm eng Chance ze hunn selwer den Kanzler ze stellen.
Wat de Parteidag fir d’Parteimemberen nach méi erfollegräich gemaach huet, ass d’Reaktioun vum eemolege Parteichef Sigmar Gabriel. Hien huet mat ausdrécklecher Zoustëmmung seng Platz fir de Martin Schulz fräi gemaach a gouf mat Dankbarkeet vun der Partei als Chef verabschit. Néng Joer laang war hien de Kapp vun der SPD. Op „d’Schulzmania“ wieder undauert, wäert sech weisen, wann de Schulz am Juni säi Programm presentéiert, a letztendlech natierlech de 24. September bei der Bundestagswahl selwer.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- En Ausschnëtt aus dem Schulz senger Ried, an seng Errungeschaften:
- En Artikel doriwwer, wien de Schulz ass, a wéi d’Leit zu him stinn:
https://www.merkur.de/politik/martin-schulz-spd-wahl-2017-wofuer-steht-er-politisch-zr-7323992.html
Franséisch:
- De Schulz als Hoffnung a Symbol fir d’SPD:
- En Artikel zum Schulz sengen Chancen géint d'Merkel an den Wahlen:
Englesch:
- De Schulz a seng Aussoen um Parteidag an der Iwwersiicht:
http://www.bbc.com/news/world-europe-39321678
- En Artikel iwwert dem Schulz seng Chancen géint d'Angela Merkel:
Sourcen vun den Biller:
Bild 1: https://timedotcom.files.wordpress.com/2017/01/martin-schulz.jpg?w=1100&quality=85
Bild 2: http://www.tagesspiegel.de/images/spd-bundesparteitag/19538636/1-format6001.jpg