Tierkeschen Walkampf am Ausland

Dës Woch huet d’Tierkei erëm fir vill Opreegung gesuergt, well Regierungsmemberen am Ausland Walkampf fir den Referendum bedreiwe wollten. Mee firwat ass dem Recep Tayyip Erdoğan den Referendum esou wichteg? Wéi hunn verschidden EU-Staaten réagéiert, wou ee Member vun der tierkescher Regierung Walkampf maache wëllen?
Iwwert den Referendum an der Tierkei soll de 16ten Abrëll ofgestëmmt ginn. D'Ännerungen gesinn vir, dass de President gläichzäiteg de Staats- an de Regierungschef soll ginn. De President kéint och Dekreter erloossen, déi direkt wéi en Gesetz a Kraaft trieden. De President a Parlament sollen um selwechten Dag gewielt ginn an d‘Legislaturperiod soll 5 Joer daueren an op zwou Legislaturperiode begrenzt sinn, mee bei Neiwale kéint de President sech nach eng Kéier opstellen. Neiwahle kënne vum President oder och vum Parlament ervir goen, dowéinst gëtt awer eng 3/5 Majoritéit gebraucht an de President an d’Parlament ginn nei gewielt. Zudeem kritt den tierkesche President méi eng grouss Influence op d’Justiz.
Fir dat den Referendum positiv ausfält, braucht den tierkesche President Recep Tayyip Erdoğan eng absolut Majoritéit. Mee well an der Tierkei dem Erdoğan seng Partei AKP bei Walen ëmmer ënner 50% louch, braucht den Erdoğan Stëmme vun den Tierken, déi am Ausland liewen. Déi meescht Liewen an Däitschland, Belge, Eisterräich, Holland a Frankräich. Do hunn d’Tierken d’AKP an der Moyenne mat 55,8% gewielt, wat dem President an der Tierkei vill gehollef huet. Well d’Stëmme vun den Tierken, déi am Ausland liewen esou wichteg sinn, probéiert déi tierkesch Regierung alles fir hier Stëmmen ze kréien. Dowéinst gi verschidden Experten dovun aus, dat ee Verbuet fir déi tierkesch Regierungsmembere fir verschidde Walkampfoptrëtter méi Stëmmen an Opmierksamkeet op sech zéie géifen, wéi den Optrëtt selwer. Mee net all Tierken déi am Ausland liewe sinn op dem Erdoğan senger Säit, well meeschtens mol net d’Halschent vun den Tierke bei der Wal matmaachen.

Wéi ginn dann elo déi eenzel Länner domat ëm? Oder gëtt et eng gemeinschaftlech Léisung an der EU? Eisterräich ass géint eng gemeinschaftlech Léisung, well si der Meenung sinn, dat ee Verbuet déi eenzel Länner ausschwätze sollen am Platz vun der EU. Dänemark huet Opgrond vun den aktuelle Spannungen zwëschen der Tierkei a verschiddenen EU-Staaten gefrot fir de Besuch vum Ministerpresident Binali Yilderim fir dëse Weekend ze verleeën. Schweden dogéint huet een tierkesche Vertrieder säin Optrëtt maache gelooss, well et zu der Meenungsfräiheet gehéiert. Polen an osteuropäesch Staaten sinn eichter op der Säit vun der Tierkei, well si d’Sécherheet op eichter Platz gesinn an dofir gëtt Tierkei gebraucht. Holland huet allerdéngs ee komplette Verbuet fir esou Optrëtter ausgeschwat. Souguer den Aussenminister huet net dierfen mam Fliiger landen an och d'Familljeministesch gouf aus dem Land eraus geheit, wéi si versicht haat mam Auto an Holland ze kommen fir en Optrëtt. Däitschland wëll et op Bundesebene net verbidden, mee gëschter huet d’Saarland awer gesot, dat si net wëllen, dat tierkesche Walkampf bedriwwe sollt ginn. Zudeem gëtt et säit 2008 ee Gesetz an der Tierkei selwer, wat en Walkampfoptrëtt am Ausland verbitt, mee awer net mat Strofe sanktionéiert gëtt.
Et muss een elo ofwaarden, wéi sech EU-Staaten mateneen ofschwätzen a kucke wéi si weiderfuere wellen. Allerdéngs hunn déi momentan Spannungen mat Holland schonn zu enger diplomatescher Kris gefouert.
Weider Artikelen fir ze liesen:
Däitsch:
Een tierkescht Gesetz verbitt Walkampf am Ausland
D'Nato an d'EU lénken an
-http://derstandard.at/2000054051132/Niederlande-wollen-sich-bei-Tuerkei-nicht-entschuldigen
Franséisch:
Walkampfoptrëtt zu Metz
Tierkei provozéiert Europa weider
Englësch:
Wéi geet et elo weider mam Flüchtlingsdeal?
-http://foreignpolicy.com/2017/03/14/did-turkey-just-kill-the-refugee-deal-with-europe/
Setzt den Erdogan déi ganz Bezéihungen zu der EU op d'Spill?
-https://www.nytimes.com/2017/03/13/world/europe/turkey-erdogan-disunity-europe.html?_r=0
Sourcen vun de Biller: