top of page

Wat ass Wikileaks?


Wikileaks ass dës Woch an den Noriichten nodeems d'Organisatioun nei Dokumenter vum amerikaneschen Geheimdéngscht CIA (Central Intelligence Agency) verëffentlecht huet. Mee et ass net déi éischten Kéier, dass Wikileaks iwwert déi lescht Joren an den Noriichten ass. Dofir beäntweren mir haut d'Froen: Wat ass Wikileaks? An wat fir brisant Verëffentlechungen hunn si bis elo gemaach?

Wikileaks ass eng Organisatioun, déi geheim Informatiounen publizéiert fir se der Ëffentlechkeet zur Verfügung ze stellen, woubäi d'Organisatioun selwer seet, dass si sech op Informatiounen iwwert Krich, Spionage an Korruptioun konzentréiert. Wikileaks ass geduecht fir sou genannten "Whistleblower" ze hëllefen. En "Whistleblower" ass eng Persoun déi Informatiounen vun enger Organisatioun verëffentlecht well des Organisatioun entweder illegal oder onethesch Saachen mécht. Oft hunn Whistleblower awer Angscht em hir Carrière oder souguer hiert Liewen an hunn Problemer hir Informatiounen un d'Ëffentlechkeet ze bréngen. Wikileaks bitt dofir anonymmen Sourcen un hir Informatiounen ze publizéieren.

Wikileaks ass och bekannt fir d'Situatioun vun sengem Grënner, dem Julian Assange. Wéinst sengen Aktivitéiten mat Wikileaks ass hien an Amerika ugeklot ginn. Ausserdeem ass hien an Schweden wéinst Vergewaltegung ugeklot. Hien dementéiert dës Virwërf. Hien fäert awer, dass Schweden hien un Amerika ausliwweren géif wann hien an Schweden géif goen fir sech géint des Vergewaltegungsvirwërf ze wieren. Dofir huet hien politeschen Asyl an Ecuador ugefrot. Dësen krut en accordéiert, mee England huet decidéiert dass hien direkt un Schweden ausgeliwwert géif ginn wann hien aus der Ambassade vum Ecuador zu London eraus kënnt. Zënterhier lieft hien also an der ecuadorianescher Ambassade zu London.

Déi neisten Dokumenter wäerten an Etappen verëffentlech ginn - an enger Serie déi Wikileaks "Vault 7" nennt, déi um Schluss déi gréissten Verëffentlechung vun CIA-Daten jeemools soll sinn. "Vault 7" soll um Enn méi Dokumenter ëmfaassen wéi d'Revelatiounen vum Edward Snowden am Joer 2013. An déi éischt Etapp vun "Vault 7" weist schonn nei Weeër wéi d'CIA Leit ausspionéieren kann. Zum Beispill kann d'CIA iwwert Samsung Smart TVs Leit oflauschteren - souguer wann d'Televisioun aus ass. Ausserdeem sinn och vill Dokumenter déi beleeën, dass d'CIA Efforten mécht fir sech an Smartphonen vun allen groussen Firmen ze hacken (Apple, Google, Windows). D'CIA huet och Weeër fonnt fir bekannten an vill benotzten Software-Programmer mat ze liesen oder ofzelauschteren. Sou huet d'CIA anscheinend Programmer wéi Skype an Whatsapp geknackt an kann Audio an Video späicheren iert d'Daten verschlësselt ginn, virausgesat den Geheimdéngscht kann sech Accès op den Smartphone verschafen.

Mee dëst ass net déi éischten Kéier dass Wikileaks an den Noriichten ass wéinst sengen Enthüllungen. Sou hunn si nach lescht Joer intern Korrespondenz vun amerikaneschen Ambassaden verëffentlecht, déi beweisen sollen, dass en aneren amerikaneschen Geheimdéngscht, d'NSA, déi wichtegst Politiker vun der Welt ofgelauschtert huet - vum Angela Merkel, Ban-Ki Moon, Silvio Berlusconi an Nicolas Sarkozy ass do d'Ried. Donieft ass Wikileaks awer och fir vill aner Affairen verantwortlech, wéi zum Beispill déi em d'Chelsea Manning oder och déi em d'Demokratesch Partei an Amerika, wou verëffentlecht E-mailen weisen sollen, dass d'Hillary Clinton vis-à-vis vum Bernie Sanders bevirdeelegt gouf.

Et ass also net nëmmen wichteg ze wëssen wat Wikileaks ass fir des nei Noriichten iwwert der CIA hir Spionageméiglechkeeten ze verstoen, mee och fir vill aner international Affairen besser kennen ze verfollegen.

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel iwwert CIA-Spionage vun Däitschland aus.

http://www.spiegel.de/netzwelt/netzpolitik/wikileaks-enthuellung-vault-7-cia-soll-auch-von-deutschland-aus-spionieren-a-1137580.html

- Eng Iwwersiicht vun den CIA-Spionageméiglechkeeten déi Wikileaks mat "Vault 7" publizéiert huet.

https://www.welt.de/politik/ausland/article162661269/Neue-Wikileaks-Enthuellungen-bringen-die-CIA-in-Bedraengnis.html

Franséisch:

- Eng Iwwersiicht vun den neisten Enthüllungen an d'Konsequenzen fir Smartphones an Software-Programmer.

http://www.lemonde.fr/pixels/article/2017/03/07/iphones-android-teles-connectees-le-catalogue-des-outils-d-espionnage-electronique-de-la-cia_5090785_4408996.html

- En Artikel iwwert dem Julian Assange seng Situatioun

http://www.lefigaro.fr/flash-actu/2017/02/06/97001-20170206FILWWW00245-julian-assange-reclame-sa-liberation.php

Englesch:

- Eng Iwwersiicht vun den neisten Enthüllungen déi Wikileaks "Vault 7" nennt.

https://www.nytimes.com/2017/03/07/world/europe/wikileaks-cia-hacking.html

- En Artikel zu den Enthüllungen déi Wikileaks iwwert dem Hillary Clinton seng Campagne verëffentlech huet.

https://www.theguardian.com/us-news/2016/nov/06/wikileaks-emails-hillary-clinton-campaign-john-podesta

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://akomanet.com/content/images/cover/87fdafc3dc2d40f782009be9277752f81473842224342.png

- Bild 2: http://ichef.bbci.co.uk/news/660/cpsprodpb/D17D/production/_88092635_013873333-1.jpg


58 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page