top of page
  • Kim

Europa vu verschiddenen Vitessen


Et héiert een ëmmer méi „Europa vun zwou Geschwindegkeeten“ an de Medien. Mee wat bedeit dat iwwerhaapt? Wou gesäit een , dat et schonn een Europa vun den zwou Geschwindegkeete gëtt? Dat wëlle mir des Woch an eisem Artikel behandelen.

Dofir kennt ee klengen Iwwerbléck iwwert d´Europäesch Unioun domat et besser ze verstoen ass. De Robert Schuman gëllt als wichtegst Persoun fir den europäesche Prozess. De Schuman-Plang oder EGKS -Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol- ass vun de BENELUX-Staaten, Frankräich, Italien an Däitschland 1951 gegrënnt ginn. De But war d´Kontroll vun der däitscher a franséischer Kuel- a Stolindustrie. Groussbritannien wollt bei der Organisatioun net dobäi sinn, well dat ze supranational wier. 1957 ass dann EURATOM an den EWG – Europäesche Wirtschaftsraum- gegrënnt ginn. Doduerch solle Wirtschaft an d´Landwirtschaft duerch eng gemeinsam Politik gestäerkt ginn, wei zum Beispill d´Ewechfale vum Zoll. EURATOM sollt fir eng friddlech Benotzung vun Atomenergie a Fuerschung stoen. 1958 sinn dann d´Europäesch Organer entstanen: Europäesch Kommissioun, Europäescht Parlament, Ministerrot an de Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun. Dono koumen dann nach all déi verschidden Traitéen dobäi (Lissabon, Maastricht, Amsterdam, Nice) an de Rescht vun de Memberstaaten 28.

Firwat kann een elo scho gesinn, dat et een Europa mat zwou oder verschidde Vitesse gëtt? Als eicht kann een sech d´Währungsunioun ukucken. Net all Staat huet den EURO, aktuell 19 vun den 28 Memberen. Den Zweck vum Euro ass et déi verschidde Schwankunge vun de verschiddene Wärungen ze stoppen, de Leit et méi liicht maachen an aner Länner ze reesen, d´Wirtschaft ze stabiliséieren an ze stäerken. Déi Europäesch Zentralbank kontrolléiert den Euro. Den Euro gëllt dowéinst als een Europäeschen Integratiounsfaktor.

Et schwätzt ee vun engem “Käreuropa”, wann verschidde Staaten an der EU eng méi staark Integratioun vun der EU wëllen. Oder vun engem “Europa à la carte”, wann verschidde Membere bei verschidde Beräicher op nationalem Niveau bleiwe wëllen.

Dat gesäit een zum Beispill bei der Flüchtlingspolitik, well verschidde Staaten sech mat dem Thema léiwer op nationalem Niveau këmmere wëllen, wei zum Beispill d´Visegrad-Staaten. Bei der Ëmverdeelung vun de Flüchtlingen hunn sech verschidden EU-Memberen net bereet erkläert hir Quoten anzehalen.

Ee weidert Beispill ass de Schengener-Traité, well net all Memberstaat ass am Schengener-Traité dobäi a Staaten, déi net an der EU sinn, sinn dobäi. Dësen internationalen Traité ass während der “Flüchtlingskris” vu verschiddene Staaten temporär annuléiert ginn, fir Grenzkontrolle maachen ze kennen.

Ass ee “Europa mat verschiddene Vitessen” dann elo positiv oder negativ? Wann sech verschidde Memberen dozou entscheede just bei verschidde Beräicher mat der EU zesummen ze schaffen, heescht dat net, dat si maache kenne wat si wëllen. Well fir si gëllt awer nach de Rechtsstaat, Mënscherechter oder och d´Fräiheete vum Binnenmarché.

De Problem ass awer, dat sech vläicht ee parallelt System an der EU entwéckele kéint, well d´Staaten vum Käreuropa sech aner Institutiounen opbaue wëllen, wei zum Beispill eng Europäesch Staatsanwaltschaft. D´Aarbecht vun der EU wier intransparent, well een net weess fir wien eng nei Richtlinn oder Veruerdnung gëllt. Steierung vun engem “Europa mat verschidde Vitessen” wier och schwéier ze steieren an ze kontrolléieren, dowéinst muss een ofwaarde wei sech d´EU weiderentwéckelt.

Weider Artikelen fir ze liesen:

Däitsch:

10 Joer Osterweiderung-een Resumé (2014)

- https://www.welt.de/wirtschaft/article127497595/Das-hat-die-Ost-Erweiterung-der-EU-gebracht.html

EU an hir Sécherheetspolitik

- http://www.zeit.de/politik/2016-02/europa-krise-fluechtlinge-instrumente

Franséisch:

Konsequenzen vum Austrieden aus der Eurozone/EU vum Front National

-https://www.lesechos.fr/elections/marine-le-pen/0211812836869-sortie-de-leuro-les-effets-desastreux-du-projet-economique-du-front-national-2066884.php

Robert Schuman een Europäer

-http://www.robert-schuman.eu/fr/robert-schuman-et-l-idee-europeene

Englësch:

Groussbritannien an hiren Euroskepsis

- https://www.theguardian.com/politics/2016/feb/07/british-euroscepticism-a-brief-history

Wei affektéiert Schengen Groussbritannien?

- http://ukandeu.ac.uk/the-uk-and-the-schengen-system/

Sourcen vun de Biller:

-Bild1:http://www.nachrichten.at/nachrichten/politik/aussenpolitik/Juncker-fuer-eine-EU-der-verschiedenen-Geschwindigkeiten;art391,2494392,B

-Bild2:https://www.google.at/imgres?imgurl=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/61/Supranational_European_Bodies-de.svg/2000px-Supranational_European_Bodies-de.svg.png&imgrefurl=https://de.wikipedia.org/wiki/Europa_der_zwei_Geschwindigkeiten&h=1438&w=2000&tbnid=OBJsKh32GmhSpM:&vet=1&tbnh=151&tbnw=210&docid=TJfkscvq2K66YM&usg=__AzyS35u7BgaqiEWYlCYJg1kmP54=&sa=X&sqi=2&ved=0ahUKEwi97OSw_LPSAhUkCcAKHWbYDKMQ9QEIJTAA#h=1438&imgrc=OBJsKh32GmhSpM:&tbnh=151&tbnw=210&vet=1&w=2000


58 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page