top of page
  • Kim

Kënnt de "Grexit"?


Dës Woch gëtt erëm méi iwwer d’Scholdekris vu Griicheland geschwat. Mee firwat gëtt elo erem iwwert Griicheland an de „Grexit“ geschwat? Weieng Konsequenze kennen dat fir Europa a Griicheland bedeiten?

Griicheland huet an den Joren virun der Finanzkris méi Suen ausginn, wei si Akommes haten. Mat der Finanzkris ass awer gläichzäiteg de Wuesstum gefall an d'Banken sinn immens virsiichteg ginn fir weider Suen ze léinen. Des Suen goufen benotzt fir ze importéieren amplaatz z’investéieren. Nodeems Griicheland zouginn huet jorelaang Zuelen gefälscht ze hunn, war Enn 2009 den Defizit vum PIB bei 13,6%. Fir dat et net zum Staatsbankrott komme sollt, goufen 3 finanziell Hëllefe vun den europäesche Staatscheffen decidéiert. D’Troika besteet aus der EU-Kommissioun, dem Internationale Wärungsfong (IWF) an der Europäescher Zentralbank (EZB) an si kontrolléieren, ob Griicheland déi néideg Reforme mëscht fir d'Kris ze iwwerwannen.

Griicheland muss dëst Joer erëm Scholde vun 7,4 Milliarden Euro un d‘EZB zréckbezuelen. Dofir brauchen si en neien Deel vum accordéierten Hëllefsprogramm. Mee den IWF hat iwwerluecht keng Kreditter méi un Griicheland wieder ze ginn, wann net gläichzäiteg Griicheland en Deel vun sengen Scholden erlooss kritt. Si mengen neemlech, dass den momentanen Scholdenstand net zeréck ze bezuelen ass an en negativen Afloss op de Wuesstum huet an domader d'Reformen an Griicheland manner effektiv sinn. Deen Plang well den däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble awer net akzeptéieren. Dowéinst huet den IWF bis elo keng Suen vum 3. Hëllefspak un Griicheland iwwerwisen. Ee weidere Faktor, deen d’Situatioun méi komplizéiert mëscht sinn d’Walen an den Niederlanden, Frankräich an Däitschland. An allen 3 Länner sinn d'Hëllefen fir Griicheland immens onbeléift an déi meescht Politiker verspriechen (oder hunn versprach) keng weider Suen un Griicheland ze ginn oder en Deel vun den Scholden ze erloossen.

Eng zweet Méiglechkeet ass den sougenannte „Grexit“, dee vu verschiddene Politiker gefuerdert gëtt. De „Grexit“ bedeit an deem Fall net, dat Griicheland aus der EU austriede soll, mee aus der Euro-Zone. En weideren Ennerscheed zum "Brexit" ass dass hei Griicheland an hir Bevëlkerung den Austrëtt net décidéieren, mee déi europäesch Staaten. Den däitsche Kanzlerkandidat vun der SPD, Martin Schulz, gesäit doran awer eng Gefor. Hien mengt, dass een d'Deelung vun Europa net nach virun dreiwen soll, well d‘EU am Moment viru schwieregen Zäite steet.

Wat géif ee „Grexit“ fir den Euro a Griicheland bedeiten? Griicheland géif dann hir aal Wärung Drachme zréckkréien, mee mat enger grousser Ofwäertung. D’Exporter géifen zwar méi bëlleg ginn an doduerch méi interessant fir aner Staaten, mee d’Importer ginn fir Griicheland méi deier. Dëst kéint immens sozial Folgen hunn. Nodeems Griicheland schonn en Véierel vun senger Wirtschaft an dëser Kris verluer huet an nach emmer en Véierel vun der Bevëlkerung arbechtslos ass, mengt déi griichesch Nationalbank, dass déi griichesch Wirtschaft duerch ee „Grexit“ géif geschwächt ginn an d'Aarbechtslosegkeet nach weider an d’Luucht géif goen, Zudeem kéint en Verloscht vun Importer bedeiten, dass d'Land vill Medikamenter net méi kéint kréien. Aner Ekonomiste gesinn och eng Chance am „Grexit“, well den d’schwaache Drachme den Tourismus ukuerbele kéint. D’Scholde vu Griicheland missten och an Euro zeréckbezuelt ginn, wat d'Scholden an engem Coup nach vill méi grouss géif ginn loossen.

Griicheland wäert nach eng gutt Zäit ee wichtegt an een zentraalt Thema an der EU sinn. Duerch de Populismus an Europa wäert d'Problematik nach méi komplizéiert ginn, falls et zu Scholdenerliichterungen oder weideren Krediter kommen sollt.

Weider Artikelen fir ze liesen:

Däitsch:

"Bundeszentrale für politische Bildung" erklärt Griichelandkris

- http://www.bpb.de/geschichte/zeitgeschichte/griechenland/178328/die-griechenlandkrise-als-weltwirtschaftskrise

Een Reformcheck-Wat huet Griicheland vun Reformen gemaach?

- http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/eurokrise/griechenland-im-reform-check-14223390.html

Franséisch:

D'Konsequenzen fir Frankräich am Fall vum "Grexit"

-http://www.lepoint.fr/economie/grexit-quel-impact-pour-les-francais-si-la-grece-sort-de-l-euro-28-06-2015-1940615_28.php

Kritik vun der griechescher Spuerpolitik

- https://www.monde-diplomatique.fr/2014/10/BASU/50879

Englësch:

Den IWF an Europa hunn verschidde Virstellungen fir Griicheland

- http://www.economist.com/news/europe/21717043-biggest-difference-now-between-imf-and-europeans-greeces-creditors-are-now-main

Wei hunn aaner Staaten (Portugal, Spunien, Island,Irland, Zypern...) et gepackt der Kris ze entkommen?

- https://www.theguardian.com/business/2015/jun/20/spains-improving-economy-is-not-reaching-everyone

Sourcen vun de Biller:

-Bild1:http://www.handelsblatt.com/politik/international/griechenland-debatte-weiter-kredite-oder-doch-lieber-grexit/19416694.html

-Bild2:http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/eurokrise/griechenland/wie-viel-schulden-griechenland-schon-erlassen-wurden-ein-offener-und-ein-verdeckter-schuldenschnitt-13391476.html


48 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page