Wahlen an Holland

Den 15. Mäerz gëtt an Holland en neit Parlament gewielt. Des Wahlen suergen awer fir méi Opreegung am Rescht vun Europa wéi normalerweis. Dowéinst geet et haut an eisem Blog dorëm wien gutt Chancen huet den nächsten Premierminister ze ginn an firwat des Wahlen esou wichteg fir Europa sinn.
Den momentanen Premierminister Mark Rutte vun der VVD - enger liberaler Partei - geet och fir des Wahlen erëm als Spëtzekandidat vun senger Partei an d'Rennen. An den meeschten Ëmfroen gesäit et awer esou aus wéi wann seng Partei vill Stëmmen wäert verléieren - verschiddenen Ëmfroen no souguer bal 50% vun den Setz déi d'VVD den Moment am Parlament huet. Fir d'Scholden vum Land ze reduzéieren, huet dem Rutte seng Regierung vill onpopulär Politiken duerchgesat déi souguer schonn 2012 zu neien Wahlen gefouert haten. Allerdéngs gëtt en och kritiséiert well hien bei den leschten Wahlen versprach hat keng Suen méi fir en weideren Rettungsplang fir Griicheland ze bezuelen - wat en dunn awer gemaach huet.
Den Rutte féiert momentan eng Koalitioun mat der PvdA un - enger sozial-demokratescher Partei. Mee och fir d'PvdA sinn d'Ëmfroen alles anescht wéi villverspriechend. Si verléieren villen Ëmfroen no souguer zwee Drëttel vun den Setzer déi se den Ament am Parlament hunn. Well d'PvdA also och en Deel vun der Regierung ass, kréien si ähnlech Kritiken gemaach wéi den Rutte an seng Partei.

Déi zwou Parteien déi wahrscheinlech am meeschten Stëmmen bäigewannen wäerten sinn déi Gréng an d'PVV, woubäi mir eis op déi zweet konzentréieren wäerten, well d'PVV net nëmmen wäert vill méi Stëmmen kréien, mee souguer kéint no den Wahlen déi Partei mat den meeschten Setz am Parlament sinn. D'PVV - "D'Partei fir d'Fräiheet" - gëtt ugefouert vum Geert Wilders. Hien an seng Partei vertrieden säit Joren eng rietspopulistesch Politik, déi sech virun allem op den Islam als Gefor fokusséiert. Sou huet den Geert Wilders zum Beispill schonn den Koran mat "Mein Kampf" vum Hitler verglach an gefuerdert dass all Moscheeën an Holland zougemaach ginn, well do Haass an Gewalt gepriedegt géif ginn. Seng Partei ass och fir en Austrëtt vun Holland aus der Europäescher Unioun an huet schonn no engem Referendum nom briteschen Beispill gefrot.
An et ass ënner anerem dowéinst wou d'Wahlen fir déi ganz EU wichteg sinn. Engersäits ass déi direkt Gefor en Referendum an méiglechen Austrëtt vun Holland aus der EU, falls den Geert Wilders den nächsten Premierminister sollt ginn. Dësen wier ënner Ëmstänn nach méi dramatesch wéi den Brexit, well Holland en Grënnungsland ass an bei all wichtegem Deel vun der EU mat mécht. Gläichzäiteg besteet eng méi indirekt Gefor dass en Erfolleg vun enger Europa- an friemefeindlecher Partei an Holland ähnlechen Parteien an den Wahlen an Frankräich an Däitschland méi spéit dëst Joer hëllefen kéint.
Obwuel den Geert Wilders gutt Chancen huet d'Wahlen ze gewannen, ass seng Partei wäit ewech vun den néidegen Sëtz am Parlament fir alleng ze regéieren. Vill aner grouss Parteien lehnen awer eng Koalitioun mat der PVV kategoresch of. Sollt d'PVV also tatsächlech stäerkst Partei an den Wahlen ginn, dierft et schwéier ginn eng Koalitioun ze formen. Grad sou schwéier dierft et awer och ginn déi stäerksten Partei an d'Oppositioun ze schécken.
Artikelen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- En Artikel iwwert dem Geert Wilders seng Anti-Islam-Politik.
- Eng Prognose fir d'Wahlen am Mäerz.
Franséisch:
- En Artikel iwwert dem Geert Wilders säin Verspriechen en Referendum iwwert den Austrëtt aus der EU ze organiséieren.
- Eng Analyse vun den Wahlen an den méiglechen Koalitiounen.
Englesch:
- En oppenen Bréif vum Premierminister Rutte iwwert d'Situatioun an Holland.
- En méi détailléierten Iwwerbléck iwwert dem Wilders seng Popularitéit an d'Stëmmung am Land virun den Wahlen.
http://www.bbc.com/news/world-europe-38956740
Sourcen vun den Biller:
- Bild 1: http://cdn.images.express.co.uk/img/dynamic/139/590x/754518_1.jpg
- Bild 2: https://www.stratfor.com/analysis/elections-will-measure-euroskepticism-netherlands