Wien gëtt franséischen President?

Des Woch geet et em déi wichtegst franséisch Presidentschaftskandidaten: Emmanuel Macron (En Marche!), Benoît Hamon (PS), François Fillon (LR), Marine Le Pen (FN). Si hunn sech an Wahlen innerhalb vun hiren Parteien duerchgesat an trieden elo bei der Presidentschaftswahl un. Dowéinst wëlle mir ee kuerzen Iwwerbléck iwwert d’Kandidaten/Kandidatin an den franséischen Wahlsystem ginn.
Déi franséisch Wahle sinn den 23. Abrëll 2017. Falls do keen Kandidat méi wéi 50% vun den Stëmmen wäert kréien – wat immens wahrscheinlech ass – dann ass eng Stéchwahl fir den 7. Mee 2017 ugesat. Do trieden dann just déi 2 Kandidaten un déi am éischten Tuer déi meeschten Stëmmen kruten.
Den Emmanuel Macron war nach d’lescht Joer Wirtschaftsminister ënnert dem President François Hollande bis hien demissionéiert huet fir seng Bewegung „En Marche!“ ze grënnen. Hien well sech och net engem traditionellem Lénks-Riets Schema ënnerstellen. Duerch seng Bewegung stellt hien sech als parteilos duer. Hien huet allerdéngs och nach keen genauen Programm vun senger Beweegung virgestallt. Hien verfollegt wirtschaftsliberal Virstellungen, ass fir Europa an well sech géint all Diskriminéierung asetzen. Säin grousst Zil ass et déi franséisch politesch Strukture ze changéieren mat deenen vill Fransousen onzefridden sinn. Ëmfroen no huet hien gutt Chancen an d'Stéchwahl ze kommen.
De Benoît Hamon vun der Parti Socialiste huet an de Virwahle géint den momentanen Premierminister Manuel Valls gewonnen. Hien gehéiert dem lénken Spektrum bei den Sozialisten un a steet fir eng lénks Wirtschaftspolitik an eng liberal Gesellschaftspolitik. Den Hamon wëll ee Grondakommes vun 750 Euro fir all Bierger an d’Aarbechtszäit vun 35 op 32 Stonnen d’Woch begrenzen. Déi Fuerderunge ginn verschiddenen Sozialisten awer ze wäit an si wëllen hien net ënnerstëtzen. Seng Chance an Stéchwahl ze kommen ginn éischter als méi kleng ugesinn, well d’Kandidaten vun der grénger Partei an der kommunistescher Partei déi selwecht Leit unzéien.

De François Fillon gehéiert der Republikanescher Partei un, déi éischter fir eng konservativ Politik steet. Hien wëll de Pensiounsalter op 65 Joer eropsetzen an d’Aarbechtsstonnen erhéijen. De Marché soll dereguléiert ginn. Zudeem ass hien géint eng Adoptioun duerch gläichgeschlechtlech Koppelen. Vis-à-vis vun der EU, fuerdert den Fillon, dass manner Pouvoir zu Bréissel zentraliséiert gëtt an d’Staaten erëm méi Muecht kréien. Aussepolitesch wëll hien ee Stopp vun de Russlandsanktiounen. An den leschten Wochen war den Fillon an Kritik geroden, well hien senger Fra soll iwwert vill Joeren en Salaire bezuelt hunn, während si an engem Interview behaapt huet si géif net schaffen. Mëttlerweil huet den Fillon sech dofir entschëllegt an erkläert dass hien näischt Illegales gemaach hätt.
D’Marine Le Pen gehéiert dem Front National hunn an ass ausser Konkurrenz als Kandidatin vun hirer Partei gewielt ginn. Si wëll déi franséisch Souveränitéit erëm etabléieren, d’Sécherheet stäerken, d’Migratioun begrenzen an den Islam bekämpfen. Dofir wëll si ee Referendum iwwert den Austrëtt vun der EU halen. D’EU ass fir si eng Aart Diktatur déi déi franséisch Identitéit zerstéiert. Déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht wéilt si awer bäibehalen. Si ass fir eng 35 Stonnewoch an fir méi Sozialleeschtungen, déi awer just an Ausnahme fir Migrante gëlle soll. D’Marine Le Pen ass accuséiert ginn, dat si Mataarbechter vun der FN mat EU-Gelder finanzéiert huet an hätt missten 300.000 Euro zréckbezuelen, wat si awer net gemaach huet.
Zwee Méint virun der éischter Ronn ass et also nach net kloer wéi eng zwee Kandidaten et an déi zweet Ronn packen. Déi beschten Chancen huet d’Marine Le Pen, déi allerdéngs an Ëmfroen iwwert eng eventuell zweet Wahlronn ëmmer géint hir méiglech Géigner verléiert an dat am kloersten géint den Emmanuel Macron.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- En Artikel iwwert dem Front National seng Finanzéierung aus Russland.
- En Artikel iwwert nei Virwerf géint den François Fillon.
Franséisch:
- En Bilan vum Emmanuel Macron senger Aarbecht als Wirtschaftsminister.
- En Artikel zum Benoît Hamon.
Englesch:
- En Artikel zur Méiglechkeet dass Russland sech kéint an déi franséisch Wahlen amëschen.
- En Iwwerbléck iwwert dem President seng Muecht am franséischen politeschen System.
http://www.cfr.org/france/powerful-frances-president/p38736
Sourcen vun den Biller:
- Bild 1: http://m.slate.fr/sites/default/files/styles/500x229/public/five_0.jpg