top of page
  • Kim

Wat ass den "Muslim ban"?


Des Woch huet den amerikanesche President mat sengem „Executive Order“ décidéiert, dass Mënschen aus Syrien, Iran, Sudan, Libyen, Somalien, Yemen an dem Irak während den nächsten 90 Deeg net méi an d´USA areesen dierfen. Dat huet weltwäit fir Opreegung an Proteter gesuergt. Dofir wëlle mir des Woch erklären em wat et bei dem „Muslim Ban“ geet an wat en „Executive Order“ iwwerhaapt ass.

Generell ass en „Executive Order“ eng Veruerdnung vum amerikanesche President, déi de Verwaltunge virschreift, wéi si ze schaffen hunn. Den amerikanesche President steet un der Spëtzt vun den nationalen Verwaltungen an dowéinst mussen all Ministérien sech un desen Uweisungen orientéieren.

Mee wat ass elo den „muslim ban“? Wei schonn uewen geschriwwen, verbitt dësen Executive Order d´Areese vun de Mënschen aus de genannte Staaten. Leit mat zwou Nationalitéiten woufunner eng vun engem vun deene Staaten ass, sollen deen Pass weisen deen am weinegsten „suspekt“ ass. Zudeem kennen an den nächsten 90 Deeg keng Flüchtlinge méi an d´USA areesen. Dono sollen chrëschtlech Flüchtlingen aus muslimesche Staaten Virrang hunn. Zudeem ass d´Zuel vun de Flüchtlingen, déi opgeholl sollen ginn, op 50.000 reduzéiert ginn.

Wéi gesoot, huet dës Veruerdnung awer fir allerhand Kritik an Protester gesuergt, virun allem well vill Leit doranner eng gezielten Attack géint muslimesch Länner gesinn. A villen Stied an op de Fluchhafe sinn Leit am gaangen ze demonstréieren. An och Entreprisë kritiséieren de „Executive Order“, wéi Amazon oder Expedia. Déi Entreprisen ënnerstëtzen de Justizminister vu Washington bei enger Uklo virum Bundesgeriicht. Währenddeem huet och Starbucks ugekënnegt iwwert déi nächst Joeren wëllen 10'000 Flüchtlingen eng Aarbecht unzebidden.

Et stellen sech vill Leit d’Fro ob dem President Trump seng Veruerdnung legal ass – well en Executive Order net dierf géint en Gesetz oder d’Konstitutioun verstoussen. Den „Immigration and Nationality Act“ vun 1965 verbitt zum Beispill d’Diskriminatioun op Grond vun den nationalen Originnen. Op mannst een Expert ass dowéinst der Meenung dass dem President Trump säin Executive Order illegal wier. Den President berifft sech allerdéngs beim Areesverbuet op ee Gesetz vun sengem Virgänger Obama. Et ass awer net kloer ob den Trump hei dat selwecht mécht wéi den Obama, well den Trump een generellen Verbuet géint en ganzt Land ausgesprach huet. Den Obama huet d´Visa-Prozedur fir déi Leit erschwéiert déi no 2011 an déi betraffen Staaten gereest waren.

Den Rudi Giuliani, een Beroder vum Trump deen un dësem Executive Order geschafft huet sot, dass dësen sech net op d´Relioun konzentréieren géif, mee op d´terroristesch Gefor déi vun dësen Länner ausgeet. Mee wat dorun net logesch schéngt ass, dass aner Länner aus deenen Terroristen komm sinn, déi an den leschten 30 Joer Attacken an Amerika ausgeübt hunn, net op der Lëscht stinn. Sou steet zum Beispill Saudi-Arabien net op der Lescht, obwuel déi meescht Terroriste vum 11. September vun do komm sinn.

Et schéngt wéi wann Amerika säit der Wahl vum President Trump vun Daag zu Daag méi gespalten gëtt. Esou niddreg Emfrowäerter wéi den Trump haat nach keen President sou fréi an senger Amtszäit. An och sou grouss Protester sinn et net oft ginn an der amerikanescher Geschicht. Wéi sech den „Muslim ban“ entwéckelt bleift ofzewarden, genau esou wéi nei Executive Orders vum neien President.

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

D´Folgen vum Donald Trump sengem Dekret

- http://www.sueddeutsche.de/politik/reisebeschraenkungen-welche-konsequenzen-das-einreiseverbot-hat-1.3355971

D´amerikanesch Universitéiten an hier Forscher wieren sech dogéint

-http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/us-universitaeten-wehren-sich-gegen-einreiseverbot-von-muslimen-14799530.html

Franséisch:

Eng Emstridden Emfro iwwert den Executive Order

-http://www.lemonde.fr/donald-trump/article/2017/01/31/57-des-americains-approuvent-le-muslim-ban-un-sondage-a-prendre-avec-beaucoup-de-precautions_5072308_4853715.html

Sportwelt ass staark dovun betraff, och Candidature vun Los Angeles fir d´Olympesch Spiller 2024 ass an Gefor

-http://www.liberation.fr/planete/2017/01/30/comment-le-decret-de-trump-touche-le-monde-du-sport_1545125

Englesch:

Och bei den Republikaner mecht sech esou lues d´Ongedold breet

-http://www.independent.co.uk/news/world/americas/donald-trump-executive-order-muslim-ban-refugees-immigration-visas-impeachment-congress-senate-a7556351.html

Ass et een "muslim ban"? Reaktionen iwwert den Dekret

-https://www.theguardian.com/us-news/2017/jan/28/trump-immigration-ban-syria-muslims-reaction-lawsuits

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: https://ixquick-proxy.com/do/spg/show_picture.pl?l=english&rais=1&oiu=http%3A%2F%2Fwww.telegraph.co.uk%2Fcontent%2Fdam%2Fnews%2F2017%2F01%2F30%2FMUSLIMBAN_CK_620-large_trans_NvBQzQNjv4BqqBYMlWmNSsYKmyFVDYjgrUHQvb2UFjW03QidnNDMhGA.jpg&sp=d2f227dabfd6028c15a66ca1aab080fa

- Bild 2: http://ichef.bbci.co.uk/news/624/cpsprodpb/52CA/production/_93849112_2801_trump_ban.png


54 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page