Wat sinn d'israelesch Siidlungen?

Den Mëttwoch huet déi israelesch Regierung decidéiert 2500 weider Wunnengen an sougenannten "Siidlungen". Dëst war déi zweet esou Decisioun säit den Trump als amerikaneschen President ageschwuer ginn ass. Mee wat sinn déi Siidlungen? Wat hunn se mam Israeli-palestinenseschem Konflikt ze dinn? An wat ass d'Verbindung mam Trump sengem Ufank als US-President?
Fir ze verstoen wat déi Siidlungen genau sinn an firwat se esou kontrovers sinn, muss een d'Geschicht vum Israeli-palestinenseschem Konflikt kennen. Schonn virum zweeten Weltkrich, wéi England d'Gebitt vum haitegen Israel an Palestina kontrolléiert huet, hunn d'Judden an d'Araber sech bekämpft. Béid gesinn d'Land an virun allem Jerusalem als helleg un.
Während dem Zweeten Weltkrich sinn vill Judden, déi virum Holocaust fortgelaaf sinn an vun aneren Länner keng Protectioun ugebueden kruuten, an Palästina geflücht. Nom Zweeten Weltkrich huet eng Kommissioun vun den Vereenten Natiounen dunn decidéiert dass d'Gebitt sollt an en israeleschen Staat fir d'Judden an en palestinenseschen Staat fir d'Araber gedeelt ginn. D'Stad Jerusalem sollt kengem Land gehéieren. Dëst ass nach ëmmer d'Grondiddi vun enger "Zwee-Staaten-Léisung" vum Konflikt. Déi israelesch Communautéit huet dësen Plang akzeptéiert.
Doropshinn huet den David Ben-Gourion den 14. Mee 1948 d'Grënnung vum Staat Israel bekannt ginn. Dëst huet dozou gefouert dass Jordanien, Libanon, Syrien, Egypten an den Irak dat nei-gegrënnten Israel ugegraff hunn. Israel huet dësen Krich awer gewonnen an huet Territoiren besat déi, nom UN-Plang, fir den palestinenseschen Staat virgesinn waren. Dës néi Grenz um Enn vun 1948 gëtt als "Gréng Ligne" bezeechent. 1967 huet Israel dunn seng Nopechlänner op Grond vun bedreelechen Aktiounen, wéi zum Beispill dem Zesummenzéien vun egypteschen Truppen un der Grenz mat Israel, ugegraff. Israel huet an dësem Krich nach méi Territoiren erobert, déi bis dohin ënner egyptescher an jordanescher Kontroll waren: den Gaza-Sträifen, d'Westjordanland an Jerusalem.

An et ass hei wou d'Siidlungen an d'Spill kommen. Säit dem Krich vun 1967 hunn verschidden israelesch Regierungen an dësen nei eroberten Territoiren Wunnengen gebaut fir israelesch Bierger. Dës Wunnengen leien ausserhalb vun der sougenannter "Grénger Ligne" vun 1948. Dowéinst ginn si och vun den Vereenten Natiounen als illegal ugesinn. Mëtt 2012 gouf et 250 esou Siidlungen an deenen iwwert 600'000 Leit gewunnt hunn.
D'Relatiounen tëschent Israel an Amerika waren schonn ëmmer en wichtegen Faktor an dësem Konflikt, woubäi Amerika awer oft eng zweedeiteg Roll hat. Engersäits sinn d'Amerikaner déi gréissten Ënnerstëtzer vun Israel mat 3 Milliarden Dollar pro Joer säit 1985. Anerersäits hunn déi meescht Presidenten den Bau vun israeleschen Siidlungen op palestinenseschem Territoire kritiséiert an versicht en dauerhaften Fridden auszehandelen. An sengem leschten Mount als President huet den Obama awer decidéiert fir eng Resolutioun vun den Vereenten Natiounen net ze stoppen. Dës Resolutioun veruerteelt den israeleschen Siidlungsbau als illegal.
Säit dem Trump senger Victoire an den Wahlen huet Israel awer nei Siidlungen geneemegt. Den Trump an säin Team hunn neemlech eng méi pro-israelesch Politik ugekënnegt nom Obama senger UN-Aktioun. Sou sinn zum Beispill dräi israelesch Vertrieder déi den Siidlungsbau verteidegen als Éieregäscht zum Trump senger Inauguratioun agelueden ginn - eppes wat keen President virdrun gemaach huet. Obwuel den Trump nach net säin Team fir Aussepolitik zesummen huet an sech nach net als President ëffentlech dozou geäußert huet, huet seng Wahl also schonn en Afloss op den israeli-palestinenseschen Konflikt.
Artikelen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- Eng "Timeline" zum israeli-palestinenseschem Konflikt.
http://www.bpb.de/internationales/asien/israel/171045/zeitleiste
- En Artikel zur israelescher Siidlungspolitik no der UN-Resolutioun vun 2016.
Franséisch:
- En Artikel zur UN-Resolutioun vun 2016.
- En Artikel zur Positioun vun der Europäescher Unioun zum israeli-palestinenseschem Konflikt.
Englesch:
- En Artikel iwwert déi neisten Décisioun vun Israel fir 2500 Wunnengen an der Westbank ze bauen.
https://www.theguardian.com/world/2017/jan/24/israel-announces-2500-more-west-bank-settlement-homes
- En Artikel zum Obama senger Decisioun fir d'UN-Resolutioun duerchgoen ze loossen.
http://edition.cnn.com/2016/12/26/politics/understanding-unsc-resolution/
Sourcen vun den Biller:
Bild 2: http://imemc.org/wp-content/uploads/may2015/israeli_settlements_map.gif