Wéi ongläich ass Lëtzebuerg?

Dës Woch huet déi international Organisatioun Oxfam erëm hiren Rapport zur Ongläichheet an der Welt publizéiert. 2016 hunn si fonnt, dass déi 8 räichsten Männer (nëmmen Männer) zesummen esou räich sinn wéi déi äermsten 50% vun der ganzer Welt. Natierlech sinn ënnert den 8 räichsten Leit zum Beispill den Bill Gates an Warren Buffett déi vill vun hiren Suen spenden. Mee den Trend iwwert déi lescht 30 Joren ass eendeiteg: d'Welt gëtt méi ongerecht. Mee wéi ass dat zu Lëtzebuerg eigentlech?
Vill Leit - inner- an ausserhalb vun Lëtzebuerg - kennen déi berühmten Statistik, dass Lëtzebuerg säit Joren ënnert den räichsten Länner vun der Welt ass. Mee den Räichtum vun engem Land verréit engem wéineg iwwert d'Verdeelung vun dësem Räichtum an der Populatioun. Et gëtt ënnerschiddlech Weeër fir dës Verdeelung ze rechnen. Deen bekanntsten ass den GINI-Koeffizient, deen eng Zuel tëscht 0 an 1 ugëtt. 0 bezeechent eng Situatioun wou jiddereen am Land genau dat selwecht Akommes huet, während 1 eng Situatioun bezeechent wou eng eenzel Persoun dat ganzt Akommes kritt. Do schneit Lëtzebuerg relativ gutt of - mat engem Koeffizient vun 0.285 am Joer 2015 leit et do virun Länner wéi England, Italien an Däitschland, mee awer hannert Finnland an Dänemark.
Mee den GINI Koeffizient ass eng relativ grob Aart an Weis fir Ongläichheet ze moossen. Sou kann een zum Beispill och kucken wéi vill Leit an der relativer Aarmut wunnen. Weltwäit, wunnt een an relativer Aarmut wann een manner wéi d'Halschent vun der Mediane vum Land verdéngt. D'Mediane ass déi Zomme déi d'Populatioun genau an 2 deelt - an aner Wierder, wou 50% vun den Leit méi verdéngen an 50% manner. An Europa ass d'Limite awer normalerweis net 50%, mee 60% vun der Mediane, woubäi een déi Leit déi tescht 50 an 60% faalen als "en risque de pauvreté" bezeechent. Wann een dann d'Limite bei 60% vun der Mediane setzt, liewen zu Lëtzebuerg 15.3% an Gefor vun relativer Aarmut. Déi Zuel ass domadder säit 2003 em 3.4% an d'Luucht gaangen. Während des Leit am internationalen Verglach immens räich ausgesinn, bréngt hinnen dat relativ wéineg wann si mussen hiren Logement, Transport an Iessen zu Lëtzebuerg bezuelen. Bei dëser Mesure schneiden virun allem Kanner schlecht of. 2016, wuessen UNICEF no 25% - oder all véiert Kand - zu Lëtzebuerg am "risque de pauvreté" oder an relativer Aarmut op. Dat ass ganzer 8.5% méi héich wéi nach 2003 (cf. Tableau 1).
Tableau 1: Prozentsatz vun 0-18 Jähregen déi zu Lëtzebuerg am "risque de pauvreté" opwuessen 2003-2015 (source: http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/chartView.aspx)

En weideren Wee fir d'Ongläichheet vun engem Land ze analyséieren ass fir den Rapport tëschent verschiddenen Bevëlkerungsgruppen vum Land auszerechnen. Sou kann een zum Beispill d'Populatioun an 20 Stécker opdeelen - jeeweils 5%. Esou verdéngen déi bescht bezueltsten 5% vun der Populatioun den Ament am Duerchschnëtt 11 Mol méi wéi déi 5 schlecht bezueltsten 5%. D'Top 10% verdéngen ëmmerhin nach 7 Mol méi wéi déi ennechst 10%. Während béid Zuelen sech am Verglach mat 2003 wéineg verännert hunn, war den Ecart tëscht den ieweschten an ennechsten 5% net ëmmer esou grouss. Nach 2007 hunn si nëmmen 8 Mol méi verdéngt.
Och wann Lëtzebuerg en räicht Land ass, profitéiert net jiddereen selwecht vun dësem Räichtum. Virun allem vill Kanner liewen elo schonn an relativer Aarmut. An och Auslänner sinn vill méi vun Aarmut betraff wéi Lëtzebuerger. Dëst ass e wichtegt Thema, well vill Studien en negativen Zesummenhang tëschent Ongläichheet an aner sozialen Aspekter wéi Gewalt, Verhaftungen, Bildung an Bezéiungen mat der Noperschaft weisen. An engem ongläichen Land sinn och alleguerten d'Awunner manner gesond, souwuel mental wéi physesch.
Däitsch:
- En Interview mam President vun der Chambre des Salariés zu den Ongläichheeten zu Lëtzebuerg.
- En Artikel deen op aner Aspekter vun Ongläichheet zu Lëtzebuerg ageet.
Franséisch:
- Den UNICEF-Rapport zur (On)gläichheet ënnert de Kanner.
- En lien zu den Statistiken iwwert Ongläichheet zu Lëtzebuerg.
Englesch:
- Den Oxfam-Rapport zur (On)gläichheet weltwäit.
https://www.oxfam.org/en/pressroom/pressreleases/2017-01-16/just-8-men-own-same-wealth-half-world
- En Artikel iwwert d'Situatioun an der EU mat Erkläerungen zu wichtegen Begrëffer an der Debatt em Onglaichheet.
http://www.poverty.org.uk/summary/eapn.shtml
Sourcen vun den Biller: