Wien ass den Antonio Guterres ?

Den 31. Dezember 2016 ass dem Ban Ki-Moon säin Mandat als UN-Generalsekretär ofgelaaf. Den Portugies Antonio Guterres ass säit dem 1. Januar säin Nofolger. Mee wien ass den Guterres ? Wat kann hien an senger neier Positioun bewierken ? An wat fir Erausfuerderungen erwarden hien ?
Obwuel den Guterres en diploméierten Ingenieur ass, ass hien schonn säit 40 Joer politesch aktiv. Tëschten 1995 an 2002 ass hien zweemol zum Premierminister vun Portugal gewielt ginn. Nodeems en den Posten als President vun der Europäescher Kommissioun refuséiert huet fir nom Dout vun senger Fra op seng Kanner opzepassen , ass hien 2005 zum Chef vun der UNHCR ginn– der Agence fir Flüchtlingen vun den Vereenten Natiounen. Während den 10 Joer wou hien den Posten gefëllt huet, war hien responsabel fir den globalen Management vun der gréisster Flüchtlingskriis säit dem Zweeten Weltkrich – haaptsächlech wéinst dem Krich an Syrien.
Den Posten als Generalsekretär deen den Guterres elo ungetrueden ass, ass den wichtegsten innerhalb vun den Vereenten Natiounen. Hien ass net nëmmen responsabel fir den $5.4 Milliarden schwéieren Budget an déi 44'000 Beamten vun den Vereenten Natiounen, mee muss och als internationale Diplomat d’Vereenten Natiounen vertrieden. Dorenner fällt virun allem seng Roll als Médiateur fir den Fridden . Sou huet z.B. den leschten Generalsekretär Ban-Ki Moon 2012 den Posten als Friddensgesandten fir Syrien erschaaft, an deem 3 verschidden Männer bis elo probéiert hunn en Friddensplang fir Syrien ze développéieren.
Gläichzäiteg huet den Generalsekretär awer relativ wéineg eegen Muecht an ass fir d’Fonktionnéieren vun sengen Friddenspläng op d’Zesummenaarbecht mam UN-Sécherheetsroot ugewisen, an deem 5 Länner d’Recht hunn alléng all Initiative ze stoppen. Net emsoss mengen dofir vill Leit dass dem Guterres seng schwéiersten Erausfuerderung wäert sinn, sech heiansdo géint déi grouß Länner vun der Welt – virun allem Amerika an Russland – duerchzesetzen.

Dat bréngt eis dann direkt zu den Erausfuerderungen déi op den Guterres waarden. Virun allem déi vill Kricher op der Welt déi säit Joeren ongeléist weiderginn stinn um Guterres senger Lescht ganz uewen. An senger éischter Ried soot hien dass Konflikter, wéi an Syrien, Jemen an aneren Platzen, ‘keen gewënnt – jiddereen verléiert’. Och well et sou schwéier ass des Konflikter ze léisen, huet den Guterres an dëser Hinsiicht virun allem dofunner geschwat zukünfteg Konflikter ze vermeiden.
Dann ass den neien UN-Generalsekretär och responsabel fir all d’Länner vun der Welt dozou ze beweegen hiren Deel zum Bekämpfen vum Klimawandel bäizedroen, virun allem säitdeem den UN-Klimavertrag dat lescht Joer zu Paräis ennerschriwwen gouf. Well d’Vereenten Natiounen geschaaft goufen fir international Probleemer ze léisen, versicht d’UN schonn säit Joeren och den Probleem vun internationalem Terrorismus unzegoen. Mam Erstaarken vum Islameschen Staat deen sech iwwert déi lescht Joeren an Syrien an am Irak verbreet huet, sou wéi Terror-Attacken an Europa an an der Tierkei begangen huet, ass dësen Probleem nach méi akut ginn.
Do dernieft wäert den Guterres eng Lescht vun ähnlechen Probleemer hunn wéi vill vun sengen Virgänger – Honger an Aarmut an der Welt bekämpfen ; wuessend Inégaliéit redresséieren; den Finanzement vun der UN garantéieren ; d’UN-Bürokratie verréngeren, fir nëmmen puer ze nennen. Ob den Guterres deenen Aufgaben gewuess ass, bleift ze gesinn. Op alle Fall sinn sech déi meescht Leit eenz, dass hien en äußerst kompetenten Mann ass mat vill Erfahrung.
Artikelen fir weider ze liesen:
Daitsch :
Englesch :
-http://www.nytimes.com/2016/12/12/us/antonio-guterres-united-nations.html?_r=0
Franséisch :
Source Biller:
Bild2: http://www.un.org/apps/news/story.asp?NewsID=55224#.WHUX-IWcEyE