Wat sinn Fake-News?

An dëser Woch wëlle mir iwwert „Fake-News“ opkläeren, déi am Zäitalter vun sozialen Medien ëmmer méi optauchen. De Problem ass, dass d´Leit des Fake-News gleewen an keng aner Source vun Informatiounen erunzéien. Dowéinst gouf dann och d´Wuert vum Joer 2016 „postfaktesch“. Dësen Artikel soll beschreiwen, wat Fake-News sinn an d´Lieser op dës Problematik opmierksam maachen.
Fake-News sinn einfach fräi erfonnten Noriichten, déi ouni Recherchen a Wëssen op de sozialen Medien gedeelt ginn. D´Ziel ass et Suen ze maachen an/oder politesch Meenungen an Entscheedungen ze beaflossen.
En Beispill vun der éischter Motivatioun ass d’Falschmeldung dass eng berühmt Persoun gestuerwen ass, déi dorop gezielt huet sou vill wei méiglech „klicks“ ze kréien an esou méi Suen duerch Werbung anzekasséieren. Mee „Fake-News“ kennen och d´Ziel hunn d´Mënschen ze manipuléieren an sou politesch Entscheedunge gezielt ze veränneren. Ee Beispill dovunner ass, d’Falschmeldung dass een 13-jäeregt Meedche mat russesche Wuerzele vun engem Flüchtling vergewaltegt soll ginn sinn. Mee déi däitsch Police huet dëse Virworf als falsch deklaréiert. Trotzdem sinn vill Russen an Däitschland demonstréiere gaangen an de russeschen Ausseminister huet sech souguer zu Wuert gemëllt. Doduerch soll Däitschland destabiliséiert ginn oder och d´Bundeskanzlerin Angela Merkel geschwächt ginn.
An dësem Joer huet een dann och oft d´Wuert „postfaktesch“ héieren . „Postfaktesch“ erkläert einfach, dass d´perséinlech Wuelbefanne méi ee staarke Grond ass eppes ze gleewen, wéi sachlech Argumenter oder Fakten. D´Emotioune sinn méi wichteg wéi d´Fakten. Mee et soll een sech net mat deem „postfakteschen Zäitalter“ zefridde ginn an mat Argumenter an der Wourecht argumentéieren. Leider gleewen d’Leit deenen Argumenter awer oft net. Et ass neemlech psychologesch bewisen, dass d’Leit Informatiounen net gleewen, déi hieren bisheeregen Informatiounen widderschwätzen. Dat bedeit also dass déi éischt Informatioun déi eng Persoun liest immens wichteg ass – egal ob „echt“ oder „fake“. Vill Analysten gesinn an esou „Fake-News“ en Problem fir d’Politik well keng gemeinsam Grondlag fir Diskussioun méi besteet. Esou ginn dann zum Beispill „Fake-News“ zum Deel fir den Brexit an dem Trump seng Victoire matverantwortlech gemaach.
Wéi kann een deene Fake-News dann elo entgéint goen? Allgemeng soll een ëmmer hannerfroen wéi eng Persoun/Zeitung/Internetsäit op seng Behaaptungen kënnt. Et ginn dofir Internetsäiten, déi sech op dee Problem mat de Fake-News spezialiséiert hunn. Wéi zum Beispill „mimikama.at“. Des Säit kontrolléiert op bestёmmte Meldunge falsch kéinten sinn an da stellen si Recherchen un.

„Hoaxmap.org“ huet sech op Falschmeldunge vun Asylbewerber spezialiséiert. Op enger Landkaart vun Däitschland kann een dann kucke wéi eng Meldunge falsch sinn (Bild uewen). „bildblog.de“ ,huet näicht mat der BILD-Zeitung ze dinn, mee si recherchéieren Artikele vun der däitscher Press an TV-Sendungen, ob déi Saache richteg sinn, déi publizéiert oder ausgestrahlt ginn.
Mee Dir kennt och selwer Recherchen ustellen a kucken op äre geliesten Artikel richteg ass oder ob et sech em een „Hoax“ handelt. Do kennt Dir dann einfach bei Google ären Artikel sichen a wann oft de selwechten Artikel gewise gëtt, dann ass d´Chance grouss, dat et sech em eng Falschmeldung handelt. Zudeem kann ee bei Google och Biller noverfollegen a kucken op déi valabel oder an en falschen Zesummenhang gesat goufen.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
-Wéinst enger Falschmeldung iwwert Hillary Clinton gouf et an enger Pizzeria eng Schéisserei
-Geforen vun den Fake-News
Franséich:
-Een Artikel den sech mat den Originne vun de Fake-News beschäftegt
-Wat kann Facebook géint Fake-News maachen?
Englesch:
-Den Artikel beschreift entstoe vun engem Hoax
http://www.nytimes.com/2016/11/20/business/media/how-fake-news-spreads.html?_r=0
-Ee méi kriteschen Artikel iwwer „postfaktesch“
Sourcen vun den Biller:
-Bild2: http://hoaxmap.org/