top of page

Wien ass den Duterte?


Alt erëm eng Kéier ass den President vun den Philippinnen an den Noriichten. Dës Kéier huet hien zouginn, dass hien schonn perséinlech Leit ëmbruecht huet. Well et net déi éischten Kéier ass, dass den Rodrigo Duterte mat fragwürdegen Aussoen an den weltwäiten Noriichten lant, geet et des Woch an eisem Blog em hien.

Als éischt zu sengen neisten Offenbarungen. Den Duterte huet den Méindeg an enger Ried dovunner erzielt wéi hien zu Davao – déi Stad an den Philippinnen wou hien Buergermeeschter war iert en President ginn ass – an der Nuecht duerch d’Stroossen gefuer ass fir Krimineller ze fannen, déi en erschoss huet. Hien seet hien wollt domadder der Police weisen, dass och si kënnen hir Waffen gebrauchen fir Kriminalitéit ze stoppen.

Mee fir den Duterte, deen am Juni dëst Joer zum President vun den Philippinnen gewielt gouf, war et net déi éischten Kéier, dass hien mat esou Aussoen opfält. Sou huet hien am leschten Joer och schonn den Poopst Franziskus als “fils de pute” bezeechent, well den Duterte bei der Visite vum Poopst an den Philippinnen am Stau stoung. Den US-President Barack Obama gouf dann mat den selwechten Wieder betitelt, well hien den Duterte fir säin Ëmgoen mat Mënscherechter kritiséiert hat.

Allerdéngs sinn dem Duterte seng Aussoen net dat eenzegt firwat hien an d’Noriichten kënnt. Hien war bekannt als Buergermeeschter vun Davao iert en President ginn ass wéinst senger Politik géint Kriminalitéit. Hien huet der Police erlaabt Krimineller ze erschéissen an en soll och privat Leit mat Waffen ausgerüst hunn, dass si Krimineller kéinten erschéissen wann d’Police et net mécht – sougenannten “death squads”. Béid Politiken goufen schonn deemools kritiséiert well se d’Mënscherecht op e fairen Geriichtsprozess net berécksiichtegt hunn.

Dës brutal Politik huet hien elo op dat ganzt Land ausgebreet zënterhier en zum President gewielt gouf. Virun allem Drogendealer an Drogesüchteger ginn aktiv gejot als Deel vum President sengem “war on drugs” – oder Krich géint Drogen. Genau Zuelen vun den Leit déi op der oppener Strooss erschoss ginn sinn schwéier ze fannen. Dass en eenzegen Reporter vun der New York Times alléng an 35 Deeg iwwert 57 Doudeger photographéiert huet, léisst awer wéineg Zweiwel drun, dass immens vill Leit an den Philippinnen momentan erschoss ginn – vun der Police an vun “death squads”. En aneren Reporter vun der BBC huet mat Leit geschwat déi Krimineller als Job erschéissen. Eng jonk Fra bericht do zum Beispill, dass si 5 Leit op Uerder vun der Police erschoss huet säit deem den Duterte seng Politik agefouert huet. Fir all Mord krut si em déi 20’000 pesos ($430) wat virun allem fir arem Leit eng attraktiv Zomme ass. Béid Berichter loossen wéineg Zweiwel drun, dass d’Zuel vun den Affer elo schonn an den Dausenden leit.

Den Duterte huet dann och ugekënnegt, dass hien och 3 Milliounen Drogesüchteger géif ëmbréngen wann en misst. An vu dass hien versprach huet, dass d’Unzuel vun den Affer näischt un senger Politik änneren wäert, muss een dovunner ausgoen, dass dës brutal Politik an den President vun den Philippinnen weiderhin an den Noriichten wäerten bleiwen.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Resume vum Duterte senger Anti-Drogenpolitik

http://www.spiegel.de/politik/ausland/rodrigo-duterte-auf-den-philippinen-auf-menschenjagd-a-1104577.html

- En Artikel zum Duterte sengen villen fragwürdegen Aussoen an Aktivitéiten an senger awer nach héicher Beléiftheet.

http://www.zeit.de/2016/38/rodrigo-duterte-praesident-philippinen-beliebtheit

Franséisch:

- En Profil vum Rodrigo Duterte an sengen Usiichten

http://www.liberation.fr/planete/2016/06/30/rodrigo-duterte-un-sherif-a-la-presidence-des-philippines_1462875

- En Artikel iwwert dem Duterte radikal Methoden an säin Versuch d'Doudesstroof erem anzeféieren.

http://www.lemonde.fr/asie-pacifique/article/2016/05/16/philippines-tout-juste-elu-president-rodrigo-duterte-veut-retablir-la-peine-de-mort_4920067_3216.html

Englesch:

- Eng Fotoreportage vun den Affer vum Duterte senger Politik - Warnung: graphesch Biller.

http://www.nytimes.com/interactive/2016/12/07/world/asia/rodrigo-duterte-philippines-drugs-killings.html?_r=0

- Eng Sammlung vun Zitater déi den Duterte an Probleemer bruecht hunn.

http://www.bbc.com/news/world-asia-36251094

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: :http://www.aljazeera.com/news/2016/08/rodrigo-duterte-human-rights-160806211448623.html

- Bild 2: http://img.huffingtonpost.com/asset/scalefit_630_noupscale/577558221800002400fa35ad.jpeg


32 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page