Trump an seng Taiwan-China-Politik

De President-Elect Donald J. Trump huet an der leschter Woch fir vill Opreegung an der internationaler Politik gesuergt, wéinst sengem Telefonat mat der Presidentin vum Taiwan. Mee firwat ass déi ganz Opreegung gewiescht? An firwat huet China den USA Konsequenze gedrot?
Fir ee besseren Iwwerbléck ze kréien, mussen déi historesch Aspekter kuerz erkläert ginn. D´politesch Relatioune vun den USA an Taiwan sollen op den TRA (Taiwan Relations Act) vun 1979 opbauen. Dësen Traité erkläert, dat d´USA demokratesch Entwécklungen ënnerstëtzt. Zudeem kann d´USA defensiv militäresch Waffen un si weiderginn. Mee am Fall vu enger militäreschen Attack muss d´USA si net verteidegen. Dësen Traité huet China kritesch gesinn, well d´USA sech a chinesesch Affairen anmesche géif. Dowéinst huet d´USA deen Traité ofgebrach fir China politesch méi nozekommen.
Doropshinn huet Amerika eng Een-China-Politik verfollëgt. Dësen Ausdrock beschreift eng Politik déi Verhandlungen nëmme mat China akzeptéiert. China gesäit neemlech Taiwan als en Deel vu China. Fir mat China ze verhandelen, dierfen amerikanesch Presidenten also net mat Taiwan schwetzen, well si soss Taiwan als onofhängeg géif ugesinn.
Den Donald Trump huet awer elo Kontakt mat Taiwan opgeholl. Säit Joren huet dat keen amerikanesche President méi gemaach fir d´chinesesch Bezéiungen net ze gefährden. Den zukünftegen amerikanesche President seet, dat hien déi taiwanesch Presidentin net ugeruff hätt, mee si hätt hien ugeruff fir him ze felicitéieren. D´Washington Post huet Insideren no allerdéngs Informatioune kritt, dat dëst Telefonat schonn méi laang geplangt war. Dëst wier och net erstaunlech wann een dem Trump seng streng Proposen géint China am Wahlkampf consideréiert.
Dem Donald Trump seng Beroder spillen dee Virfall erof. Zudeem wëllen si och, dat ee Politiker sech net méi un déi „political correctness“ hält. Dem Stephen Moore, Beroder fir wirtschaftlech Froe, war et zimlech egal, wat China dovun hält. China huet bis dato och net scharf dorop réagéiert. Si hunn dat éischter als een Lapsus vun Taiwan ugesinn. China geet net dovun aus, dat d´USA vun hirer Een-China-Politik ewech kommen. Esou eng relaxéiert Reaktioun vun China huet zum Beispill och den fréiere US-Ausseminister Henri Kissinger erstaunt, deen fir d’Ufäng vun der Een-China-Politik responsabel war an den 1970er Joren.

Mee den Toun aus China huet sech no e puer Deeg schnell verschäerft. Staatsmedien betitelen den Trump als „diplomateschen Amateur“. Si schreiwen, dat ee schlecht Verhältnis zwëschen den USA a China, Amerika net „grouss“ maache géif, dem Donald Trump säi Wahlkampfmotto. Hien gëtt och als onerfueren a gedankenlos bezeechent an opgefuerdert sech un déi prinzipiell Politik vu senge Virgänger ze halen.
Dowéinst stellt sech d’Fro, ob d’Beroder vum zukünftegen amerikanesche President, bewosst Relatiounen zwëschen Taiwan an den USA opbauen an eng aner China-Politik bedreiwe wëllen. Als eng méiglech Konsequenz kéint China UN-Sanktioune géint dat nordkoreanescht Atomprogramm ofbriechen. Eng aner Méiglechkeet wier och, dat China ee méi aggressive Stand am Südchinesesche Mier géint US-Schëffer demonstréiere geif.
Den Donald Trump ass am Moment nach ëmmer onberechenbar. Duerch den Telefonat mat der taiwanescher Presidentin huet hien dat gewisen. Dat ass ee groussen Affront géint China gewiescht, zudeem huet hien oft nach géint China „getwittert“. Schonn iert en als President ageschwuer gëtt, huet en schonn en éischten wichtegen Schrëtt an internationaler Politik gemaach.
Sourcen vun de Biller