Em wat geet den Referendum an Italien?

Dëse Sonnden ass an Italien ee Referendum iwwert eng Ännerung vun der Konstitutioun geplangt. Een negativen Ausgang vum Referendum wäert ee groussen Impakt ob Italien an d´Europäesch Unioun hunn. Wat fir eng Verännerung ass iwwerhaapt an der Diskussioun? Wei eng Konsequenze komme bei engem negativen Ausgang op Europa duer? Dat wäerte mir dës Woch méi genau erklären.
An Italien besteet d’Parlament aus zwou Kummeren, dem Senat an der Chamber des députés. Déi zwou Institutioune si gläichwäerteg. Fir ee Gesetz duerchzebrénge mussen déi zwou Kummeren hiren Accord ginn. Dat ass fir de Ministerpresident, Matteo Renzi, en Problem, well dat et schwéier mécht Reformen op den Wee ze bréngen. Dowéinst well hien per Referendum eng Ännerung vun de Kompetenze vun deenen zwou Kummeren virhuelen fir Blockaden an der italienescher Politik opzehiewen.
Den Referendum gesäit dowéinst eng Ofschwächung vum Senat fir. Deemno soll de Senat vun 315 Setzer op 100 gekierzt ginn. Membere vum Senat sollen och net méi direkt gewielt ginn, mee si sollen nëmmen nach vun de Regiounen an de Senat geschéckt ginn. Den Senat soll ausserdeem nëmmen nach bei Konstitutiounsännerungen oder bei internationalen Traitéen en Vetorecht hunn. Dat kéint awer trotzdem vun der Chamber mat enger méi grousser Majoritéit iwwerstëmmt ginn. Zudeem sollen d´Regiounen ofgeschwächt ginn, sou dat den Zentralstaat méi Entscheedungen iwwert Regiounen ewech treffe kann. Domat soll Italien besser stabiliséiert ginn ouni dat Gesetzer vum Senat an de Regioune blockéiert kenne ginn. Zudeem soll d’Wahlgesetz nei strukturéiert ginn: falls eng Partei 40% oder méi vun den Stëmmen kritt, soll si automatesch eng Majoritéit vun 340 Setzer vu 630 Setzer an der Chamber kréien. Wann keng Partei souvill Stëmmen zesummekritt soll et eng Stéchwahl ginn tëscht den zwou stäerksten Parteien an dann kritt de Gewënner d´Majoritéit an der Chamber. D´Ännerung vum Wahlrecht ass bei de Géigner onbeléift, well aus dem Gesetzestext onkloer ass, wei sech d’Regiounen op en Senateur eenege sollen. Weider fäerten si, dat d´Regierung eng ze staark Muecht huet am Verglach zu virdrun.

Beim negativen Ausgang vum Referendum huet den italienesche Ministerpresident ugekënnegt, dat hien demissionéiere géif. Doduerch huet hien an der politescher an och an der wirtschaftlecher Welt fir vill Opreegung gesuergt. Well Italien wirtschaftlech schlecht am europäesche Verglach do steet, géif en Récktrëtt vum Matteo Renzi fir Instabilitéit suergen. Am Fall vum „NEE“ beim Referendum gëtt gefaart, dat Bourse fale wäert an dat Zënsen op Staatsscholden an d´Luucht ginn. Zudeem kéint bei Neiwahlen déi lenks europakritesch Partei (Fënnef Stären) vum Komiker Beppe Grillo gewannen, déi den Moment an Ëmfroen gutt léit.
De Risiko ass, dat Italien seng Scholden net méi bezuele kann, wat bei dësem Land nach vill méi Konsequenzen fir d’Weltwirtschaft hätt wéi déi griichesch Kris vun 2013. Am Fall dat Partei Fënnef Stäre gewanne géif, wëllen si och dass Italien aus der EU austriede soll. Domat hätt Italien dann och keen Euro méi, mee d´Scholde stéingen awer nach am Euro. Dat wier en Problem, well d’Lira – an deem Fall, déi nei italienesch Währung – staark un Wäert verléieren géif vis-à-vis vum Euro. Dat heescht, dass d’Scholden vun Italien extrem wuessen géifen. Ausserdeem dierft d’Europäesch Zentralbank dann Italien net méi hëllefen an den Internationale Währungsfong (IWF) hätt net déi néideg finanziell Mëttelen fir en Fall vun der Gréisst vun Italien.
Dëse Sonndeg um 4. Dezember gëtt an Italien ee Referendum ofgehalen a mir kenne eréischt dono méi genau wëssen, wéi et wieder goe wäert. Et ass allerdéngs kloer, dass dësen Referendum vun immenser Wichtegkeet ass.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- En Artikel zu den wirtschaftlechen Konsequenzen vum Referendum.
http://www.zeit.de/2016/49/italien-verfassungsreform-matteo-renzi
- Eng Kolumne zu den méiglechen Konsequenzen vum Referendum an Italien.
http://www.spiegel.de/wirtschaft/soziales/italien-steuert-auf-ein-schuldendrama-zu-a-1123237.html
Franséisch:
- Eng Analyse vun den méiglechen Konsequenzen fir d'EU am Fall vun engem Vote géint dem Matteo Renzi seng Propose am Referendum.
- En Artikel iwwert d'Debatten tëscht dem Premierminister Matteo Renzi an dem Chef vun der Partei "Fënnef Stären", dem Beppe Grillo.
Englesch:
- En Round-up mat all den wichtegen Informatiounen zum Referendum.
- En Artikel iwwert den Afloss deen den Referendum op d'Banken an d'Scholden vun Italien kéint hunn.
https://www.ft.com/content/bc656c2c-8d2d-35b0-b297-0ca57bfe740f
Sourcen vun den Biller:
- Bild 1: http://d1udmfvw0p7cd2.cloudfront.net/wp-content/uploads/2014/02/w1-renzi-a-20140223.jpg