Fillon an Juppé – wien sinn si?

Dës Woch geet et em d’Virwahlen bei der Republikanerpartei an Frankräich, wou den François Fillon den éischten Tuer fir sech entscheeden konnt. Em wat geet et hei? An wien sinn déi zwee Kandidaten déi elo nach an Fro kommen fir als Presidentschaftskandidat vun den Republikaner an d’Wahlen ze goen?
Den System no deem d’Republikaner hiren Kandidat auswielen ass ähnlech wei deen vun den Presidentschaftswahlen selwer. Bei béiden ginn d’Wahlen an zwee Tier gemaach. Beim éischten Tuer kann jidereen sech zur Wahl stellen. Beim zweeten Tuer dierfen dann just nach déi zwee beschten Kandidaten aus dem éischten Tuer Deel huelen an all d’Wieler dierfen sech dann nach eng Kéier tëschtent hinnen zwee entscheeden. Leschten Sonnden hunn den François Fillon an den Alain Juppé et op déi éischt zwou Plaatzen gepackt. Domader huet den Nicolas Sarkozy, deen och ugetrueden war, relativ iwwerraschend keng Chance méi bei den Wahlen 2017 erem President ze ginn. Nächsten Sonnden ass dann den zweeten Tuer.
Den François Fillon, deen mat 44% op déi éischt Plaatz koum, war fir 5 Joer Premierminister ennert dem Nicolas Sarkozy. Hien steet fir eng méi konservativ Politik. An der Aarbechtspolitik ginn seng Ideen oft mat den Reformen vum Gerhard Schröder an Däitschland verglach. Sou well hien zum Beispill 500’000 Aarbechten beim Staat sträichen an d’Cotisatiounen vun den Firmen un d’Pensiouns- an d’Aarbechtslosenkeesen verréngeren. Ausserdeem soll d’35-Stonnen-Woch ofgeschaaft ginn, sou dass d’Franzousen méi laang schaffen missten. Mee den Fillon huet sech och mat enger méi konservativer Politik an Saachen Immigratioun an Défense duerchgesat. Sou well hien en Referendum driwwer haalen ob d’Parlament all Joer eng Quote bestemmen soll déi festleet wéivill Auslänner an Frankräich dierfen liewen kommen. Ausserdeem well hien et erméiglech Franzousen den Pass ofzehuelen déi aus dem Irak oder Syrien erem kommen mam Verdacht do fir den IS gekämpft ze hunn. An der Sozialpolitik, well hien dann d’Gesetz zum Bestiednis vun Homosexueller esou emänneren, dass homosexuell Koppelen keng Kanner méi adoptéieren kënnen.

Den Alain Juppé, deen déi zweet meeschten Stëmmen kruut an fir deen et awer schwéier dierft ginn säin Rival ze iwwerhuelen, war och schonn Premierminister – dat allerdéngs ënnert dem Jacques Chirac an den 90er-Joeren. Hien verfollëgt ähnlech Politiken wéi den François Fillon, mee an verschiddenen Hinsiichten eng manner radikal Versioun. Sou well hien “nëmmen” 200’000 Staatsbeamtenplaatzen ofschaafen. Een Punkt wou den Alain Juppé awer kloer sech vum Fillon oftrennt ass an senger Positioun zum Syrien-Krich. Hien well, am Géigensatz zu sengem Rival, net mam Bashar al-Assad zesummen schaffen fir den Islameschen Staat ze besiegen.
Mee des Virwahlen sinn just en Deel vum ganzen Prozess fir en neien franséischen President ze fannen. Déi meescht Experten ginn dovunner aus, dass keen vun den sozialisteschen Kandidaten et wäert bis an den zweeten Tuer packen, well d’Partei an den momentanen President Hollande immens onbeléift sinn. Dowéinst ginn dës Virwahlen als Zeechen gesinn wien am wahrscheinlechsten am Juni 2017 géint Marine Le Pen vum Front National untrieden wäert. Si ass bis elo d’Favoritin fir et an den zweeten Tuer ze packen. Och wann des Wahlen also nach laang keng Entscheedung brengen, sinn se awer en immens wichtegen Moment an den Presidentschaftswahlen 2017.
Weider Artikele fir ze liesen
Däitsch: - En Verglach vum Fillon senger Politik mat där vum Gerhard Schröder http://www.tagesschau.de/ausland/interview-frankreich-wahl-101.html - Eng Analyse vum Fillon sengem Erfolleg am éischten Tuer. https://www.welt.de/politik/deutschland/article159634313/Das-steckt-hinter-dem-ploetzlichen-Erfolg-von-Francois-Fillon.html Franséisch: - En Verglach tëscht den zwee Kandidaten: Fillon an Juppé. http://www.lemonde.fr/les-decodeurs/article/2016/11/21/primaire-de-la-droite-ce-qui-differencie-fillon-et-juppe-dans-leurs-programmes_5034820_4355770.html - En Kommentar zum éischten Tuer an dem Rennen am zweeten Tuer. http://www.ouest-france.fr/elections/presidentielle/primaire-droite/primaire-de-la-droite-les-cartes-sont-rebattues-commentaire-4624524 Englesch: - En Verglach tëscht den zwee Kandidaten: Fillon an Juppé. http://www.bbc.com/news/world-europe-38049636 - Eng Analyse vum Fillon sengem Erfolleg am éischten Tuer. http://www.nytimes.com/aponline/2016/11/21/world/europe/ap-eu-france-election.html
Sourcen vun den Biller: