top of page
  • Sarah

Protester an den USA – wat elo?


New York, Chicago, Portland: wou een an den USA och hikuckt, a villen Groußstied protestéieren Leit géint den designéierte President Donald Trump. Dobäi gouf de Republikaner eréischt virun enger Woch gewielt an ass emol nach net am Amt. Vill Leit maachen sech Suergen, dass d’Situatioun eskaléiert, well et schonn zu Ausschreidunge mat Gewalt komm ass. Elo stellen sech mat Vue op d’Demonstratiounen e puer Froen: Wat sinn d’Ursaachen, firwat d’Leit ausgerechent géint den Trump protestéieren, obwuel och aner Wahle scho knapp waren? Firwat protestéieren d’Leit iwwerhaapt? A wat sinn d’Konsequenze vun de Protester?

Den Haaptgrond firwat vill Demokraten-Wieler elo géint den Trump protestéieren, ass laut den Demonstrante seng radikal an ofgrenzend Astellung géigeniwwer vu Fraen, Minoritéiten, LGBT Leit an Auslänner. Kee Presidentschaftskandidat virun him huet dëst esou oppe gewise. D’Demonstrante fäerten en Ausaarte vun der Situatioun, déi si zréck zu méi Diskriminatioun féiere géing. Dofir fënnt een op de Protester och vill Schëlter, déi hier Solidaritéit mat de concernéierte Gruppen ausdrécken.

Et kënnt dobäi, dass d’Demonstrante sech vun de Wahlergebnisser bestätegt fillen: den Trump huet zwar gewonnen, well hien d’Majoritéit vun de Wahlmänner fir sech gewonnen huet (mindestens 270 vun de 538), mä effektiv huet d’Clinton 220’000 Stëmme méi wéi hire Rival kritt. Dat kann doduerch geschéien, dass d’USA en indirekte Wahlsystem huet – de sougenannten Electoral College. Konkret heescht dat an dësem Fall, dass d’Wieler Representante wielen, sougenannte Wahlmänner. All Staat huet eng festgeluechten Unzuel dovun. Normalerweis funktionéiert dat ganz nom Prinzip: „The winner takes it all“, d.h. wann d’Majoritéit an engem Staat fir eng Partei ass, geet d’Gesammtunzuel vun de Wahlmänner un de jeeweilege Parteikandidat. Eng Majoritéit am Electoral College muss also net gläichbedeitend mat enger Majoritéit bei de Wieler sinn. Egal wéi knapp eng Partei an engem Staat gewënnt, kritt si trotzdem all d’Wahlmänner vum Staat. Et mëscht also keen Ënnerscheed, op ee Kandidat e Staat mat knapp 50,5% gewënnt oder mat klore 60%. D’Demonstrante fannen dësen System ondemokratesch, well eng knapp Majoritéit fir d’Hillary Clinton gewielt huet, mee si net Presidentin gett.

Fir d’Zukunft bedeiten d’Protester fir d’éischt mol, dass d’Land gespalt wäert bleiwen. De Rodney Hero, Politikwëssenschaftler op der University of California zu Berkley, mëscht an engem Interview drop opmierksam, dass elo villes vum Trump ofhänkt. Wann hie sech zukünfteg méi moderat gëtt, kann et sinn, dass d’gespalte Lager vun der Natioun sech erëm unnäheren. Do ass et wichteg ze gesinn, ob den Trump verschidden vun sengen ugekënnegten Mesuren, wéi de Mauerbau un der mexikanescher Grenz oder d’Ausstousse vun de Muslimen, tatsächlech duerchzitt. Och politesch gesi bréngt d’Zukunft eventuell Turbulenzen. D’Protester weisen, dass vill Leit sech iwwergaange fillen an kéinten eng Ureegung sinn, de Wahlsystem ze iwwerdenken. Mä dëst ass éischter onwahrscheinlech, well et immens opwenneg wär fir eng Verfassungsännerung virzehuelen.

Den Trump selwer presentéiert sech op Twitter am Zwispalt iwwert d’Protester: engersäits fënnt hier et ongerecht, no enger legitim gewonnener Wahl op esou vill Resistenz ze treffen. Anerersäits ass hie stolz op d’Vollek, dat weist, dass et sech aus Léift zum Land fir hiert Amerika asetzt.

Weider Artikele fir ze liesen:

DÄITSCH:

-De kompletten Interview mam Politikwëssenschaftler Rodney Hero, University of California, Berkley

http://www.focus.de/politik/ausland/us-wahlen-2016/nach-den-us-wahlen-amerika-stehen-schwierige-zeiten-bevor-der-protest-auf-den-strassen-ist-berechtigt_id_6191804.html

FRANSÉISCH:

-En Artikel den erkläert, wéi et zu der Differenz tëschent de Wielerstëmmen an de Wahlmännerstëmme kënnt

http://www.lemonde.fr/elections-americaines/article/2016/11/10/hillary-clinton-a-remporte-le-vote-populaire_5028873_829254.html

ENGLESCH:

-E puer Impressioune vum Verlaf vun de Protester

http://www.usatoday.com/story/news/2016/11/13/protests-sunday-donald-trump-president/93769564/

-Um Site vun archives.gov ass méi genee erkläert, wat den Electoral College ass a wéi e funktionéiert

https://www.archives.gov/federal-register/electoral-college/about.html

Sourcen vun de Biller:

Bild 1:http://www.cbsnews.com/news/thousands-protest-donald-trump-in-new-york-city-election-2016/

Bild2:http://www.businessinsider.de/anti-donald-trump-protest-united-states-2016-11?r=US&IR=T


47 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page