top of page

Wat dierf en US-President?


Elo wou d’Wahlen an Amerika no villen Méint op en Enn komm sinn an den Donald Trump zum President gewielt gouf, stellen sech natirlech vill wichteg Froen. Wéi wäert den Trump versichen d’Land no sou enger gëfteger Campagne erem zesummen ze féieren? Wéi wäert déi eidel Plaaz am Ieweschten Geriichtshaff gefëllt ginn? Mee hannert all deenen Froen steet eng méi generell Fro: wat dierf en President an Amerika iwwerhaapt maachen?

Dem President seng Pouvoiren hänken ganz vill vum Beräich oof. Dat huet domat ze dinn, dass déi amerikanesch Konstitutioun en immens komplexen System firgesäit an deem déi eenzel Institutiounen sech géigensäiteg kennen iwwerwaachen. An dësen System ass méi entwéckelt an der Innenpolitik wéi an der Außenpolitik.

An der nationaler Politik deelt den President en groußen Deel vun der Muecht mam Kongress – dem amerikaneschen Parlament. Hei ass dem President säin gréissten Pouvoir, dass all Gesetz muss vun him ënnerschriwwen ginn. Deemno huet den President en Vetorecht fir all Gesetz ofzelehnen, dat net sengen Wensch entsprecht. Allerdéngs kann dësen Veto vun enger Zwee-Drëttel Majoritéit am Parlament iwwerstemmt ginn, wat awer schwéier ze erreechen ass. Dem President seng Pouvoiren sinn nach méi begrenzt an dësem legislativen Prozess – den Prozess fir en Gesetz ze schaafen – well hien keng Gesetzer dierf proposéieren. En zweeten groußen Pouvoir deen den President an der Innenpolitik huet ass dass hien d’Ministeren an d’Direkteren vun den meeschten Agencen ernennt. Et ass och dësen Pouvoir deen sou wichteg ass bei der Ernennung vun engem neien Riichter um Ieweschten Geriichtshaff. Mee och bei dësen Ernennungen ass den President dorop ugewisen, dass d’Parlament seng Nominatiounen akzeptéiert. Am Resumé kann den Trump zwar vill Gesetzer blockéieren an och seng Kandidaten fir wichteg Posten virschloen, mee bei béiden Pouvoiren ass hien op d’Parlament ugewisen.

An der internationaler Politik huet den President allerdéngs méi Fräiheeten. Hei ass seng wichtegst Roll déi vum “Commander-in-Chief”, déi den Donald Trump zum ieweschten Kommandeur vum Militär mécht. Domat kann hien d’Truppen vun der USA befehlen, obwuel hien net offiziell engem Land den Krich erkläeren kann ouni Accord vum Parlament. Och beim Ennerschreiwen vun internationalen Traitéen muss den President den Accord vum Parlament hunn. Et ass awer sou, dass et en puer legal Weeer gëtt fir ronderem dëst ze kommen. Dat mécht d’Roll vum Parlament an der Aussenpolitik manner wichteg an domader déi vum President emsou méi. An och den Pouvoir vum Ieweschten Geriichtshaff ass manner staark an der Aussenpolitik wéi an der Innenpolitik. Alles an allem, wäert den Trump also kënnen d’Militär vun den USA kommandéieren an international Politik dirigéieren ouni mussen souvill mam Parlament an dem Ieweschten Geriichtshaff zesummen ze schaffen wéi an der Innenpolitik.

Well et awer während der Campagne relativ onkloer war wéieng Politiken den Trump emsetzen well, bleiwt et och onkloer wat den Trump mat dësen Pouvoiren wäert maachen wann en bis am Januar 2017 zum President ernannt gëtt. Och fir déi Politiken déi hien ugekennegt huet – wéi d’Renegotiatioun vun NAFTA an d’Bauen vun enger Grenzmauer mat Mexiko – ass et net sécher wéi hien dës an d’Realitéit emsetzen well.

Source vun de Biller

Bild1:https://static.independent.co.uk/s3fs-public/styles/story_large/public/thumbnails/image/2016/11/09/00/donald-trump-9.jpg

Bild2:https://twitter.com/HillaryClinton?ref_src=twsrc%5Egoogle%7Ctwcamp%5Eserp%7Ctwgr%5Eauthor


103 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page