top of page
  • Kim

„Jungle“ geraumt – wat elo?


Calais huet een am Zesummenhang mat der „Flüchtlingskris“ schonn oft héieren. Dëse Méinden war den Flüchtlingscamp an der Géigend vun Calais an den Noriichten, well ugefaangen gouf deen ze raumen. Mee wéi geet et elo weider wann „d’Flüchtlingscamp“ vun de franséischen Autoritéiten bis opgeléist ass? Zudeem stellt sech och d’Fro, wéi d’Ëmverdeelung vun den Flüchtlingen innerhalb vun der Europäescher Unioun am groußen Ganzen virun geet.

Am Camp zu Calais sollen bis zu 10.000 Flüchtlingen sech ophalen an d’Situatioun ass miserabel. Well do sou schlecht Zoustänn herrschen, gëtt den Flüchtlingscamp och „Jungle“ genannt. D’Leit wunnen op engem alen Dreckstipp an Zelter, ouni richteg Sanitäranlagen. Si sinn do, well si hoffen eng Chance ze fannen ee Wee a Groussbritannien ze fannen. Si versichen sech duerch den Eurotunnel ze kämpfen, sech a Camionen ze verstoppen oder si schwammen am Mier fir op ee Schëff ze komme fir Groussbritannien ze erreechen.

De Méindeg huet d’Reimung ugefaangen. D’Flüchtlinge sinn opgefuerdert ginn sech registréieren ze loossen, fir dat si an Frankräich verdeelt kënne ginn. Si ginn a verschidden Gruppéierungen agedeelt: Mannerjäreger, Familljen, Leit déi eleng sinn a gebriechlech Leit. Si kënnen zweschend der Bretagne an der Côte d’Azur wielen. Mee net nëmmen an Frankräich ginn Flüchtlingen emverdeelt. Och d’Europäesch Unioun als Ganzt huet esou en Programm.

De 22. September 2015 hunn d’EU Inneministeren decidéiert 120'000 Flüchtlingen aus Griicheland an Italien op EU-Memberstaaten ze verdeelen. Am Ufank sollt eng Quote agefouert ginn, déi de Staaten fir ginn hätt, weivill Flüchtlingen si ophuele missten. Mee well Ungarn, Tschechien, Slowakei a Rumänien net d’accord waren, ass d’Quote net agefouert ginn an elo sollen d’Flüchtlingen op fräiwëlleger Basis duerch ee Verdeelerschlëssel vun der EU-Kommissioun opgedeelt ginn.

Mee de Bilan fällt no engem Joer schwaach aus. Ungarn a Slowakei hunn eng Uklo un den Europäesche Geriichtshaff geschéckt, fir keng Flüchtlingen ophuelen ze mussen. Zuel vun 120'000 ass op 160'000 erop geklommen déi bis 2017 verdeelt musse ginn. An vun deene goufe reicht 5'300 op EU-Länner verdeelt. Et ginn verschidde Grënn firwat déi Relocatioun esou lues, respektiv guer net fonctionnéiert. D’Flüchtlinge mussen eng grouss Wahrscheinlechkeet hunn fir de Statut als Refugié unerkannt ze kréien, wat am oftsten bei Syrer, Zentralafrikaner an Eriträer den Fall ass. Bei aneren Nationalitéiten ass et schon méi schwéier. Een weidere Problem sinn déi verschidde sozioekonomesch Grënn, well a verschiddenen EU-Staaten een héije Chômage, schlecht Ekonomie, finanziell Problemer etc. ... virleien. De gréisste Problem ass awer politescher Natur. Aktuell kréie rietspopulistesch Parteien ëmmer méi Zoulaaf an do wëllen déi établéiert Parteie keng Wieler verléieren a maache léiwer naicht.

Zum Beispill huet Ungarn Ufanks Oktober een Referendum duerchgefouert. Domat well sech déi ungaresch Regierung géint d’Ëmverdeelung vun de Flüchtlingen an der EU duerch hier Bevëlkerung stäerke loossen. Mee de Referendum ass fir ongülteg erkläert ginn, well manner wéi 50% wiele gaange sinn. Mee vun deenen déi ofgestëmmt hunn waren 98% der Regierung hirer Meenung.

Lëtzebuerg war ee vun den éischten Staaten, déi Flüchtlingen aus dem Relocatiouns-Plang opgeholl hunn. Bis Enn 2017 wäert Lëtzebuerg nach wieder 557 Flüchtlingen iwwert dësen System ophuelen.

Weider Artikele fir ze liesen

Däitsch:

-Een Artikel deen iwwert Konsequenze vun der Evakueierung an der Hoffnungslosegkeet informéiert

http://www.morgenpost.de/politik/article208488401/Fluechtlinge-in-Calais-Niemand-in-Europa-will-uns-helfen.html

-D’Situatioun vun Italien gëtt erkläert a firwat d’EU hëllefe muss

http://www.zeit.de/politik/ausland/2015-04/fluechtlinge-mittelmeer-italien-forderung

Franséich:

-D’Flüchtlingen hoffen dat de Brexit hinnen d’Grenzen op mécht

http://www.liberation.fr/france/2016/06/29/a-calais-on-espere-que-la-frontiere-va-s-ouvrir_1462998

-De President vun der Europäescher Kommissioun, Jean-Claude Juncker wëll duerch de Relocatiouns-Plang méi Solidaritéit an der EU

http://www.france24.com/fr/20150909-crise-migratoire-ue-juncker-discours-parlement-europeen-refugies-irak-syrie

Englesch:

-Een Artikel deen iwwert Verflichtung vu Groussbritannien hiweist Frankräich beim Flüchtlingscamp zu Calais ze hëllefen

https://www.theguardian.com/world/2016/sep/26/calais-migrant-camp-must-go-by-end-of-year-francois-hollande

-Een kriteschen Artikel iwwert d’Reussite vun dem Relocatiouns-Plang vun der EU mat Grafiken

https://www.theguardian.com/world/2016/mar/04/eu-refugee-relocation-scheme-inadequate-will-continue-to-fail

Sourcen vun de Biller:

-Bild 1:

http://www.spiegel.de/fotostrecke/calais-fluechtlingscamp-dschungel-balue-haus-fotostrecke-135223.html

-Bild2:

http://www.economist.com/blogs/graphicdetail/2015/09/europe-s-migrant-crisis


32 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page