Wat ass eng Konstitutioun?

Dësen Weekend ass et an der lëtzebuergescher Politik ënner anerem em d’Reform vun der Konstitutioun gaangen. Beim Partei-Konvent vun der CSV den Samschden huet den Claude Wiseler nämlech gesot den Referendum iwwert déi nei Verfaassung sollt eréischt no den nächsten Wahlen statt fannen. Mee wat ass eng Konstitutioun an firwat versicht Lëtzebuerg seng ze änneren?
Eng Konstitutioun leet déi fundamental Prinzipien fest no deenen en Staat fonctionnéiert. An enger Demokratie ginn do virun allem d’Rechter vum Bierger erkläert. Zum Beispill assuréieren vill Konstitutiounen d’Recht fir all Mënsch am Land seng Meenung ze soen an seng Relioun ze praktizéieren. Ausserdeem bestëmmt eng Konstitutioun d’Bezéiungen tëscht den verschiddenen Institutiounen. An enger Demokratie ginn esou d’Pouvoiren fir een Gesetz ze bestëmmen (Legislative), eent ëmzesetzen (Exekutive), an fir Streidereien iwwert Gesetzer ze reegelen (Judikative) vuneneen getrennt. Gläichzäiteg kréien d’Parlament, d’Regierung an d’Geriichter awer och d’Méiglechkeet an d’Aufgab sech géigesäiteg ze iwwerwaachen fir allméiglechen Abus vun Staatsmuecht ze verhënneren.
Well et an dësem Dokument em déi fundamental Prinzipien geet an engem Land, ass et normalerweis méi schwéier eng Konstitutioun ze änneren wéi en normaalt Gesetz. Während een normaalt Gesetz géint den Wëllen vun der Oppositioun duerchgesat kann ginn, ass dat bei enger Verfaassungsreform oft net méiglech. Fir an Amerika eng Ännerung un der Konstitutioun ze proposéieren muss een entweder zwee Drëttel vun den Stëmmen am Parlament hunn oder zwee Drëttel vun den Staaten mussen sech dofir ausschwätzen. Dono muss déi Propose dann vun dräi Véierel vun den Staaten ugeholl ginn.

Aus deem Grond ass et dann och ëmmer en laangen Prozess fir d’Konstitutioun vun engem Land ze änneren – sou och zu Lëtzebuerg, wou souguer déi ganz Konstitutioun soll iwwerschafft ginn. Dowéinst gëtt schonn iwwert 10 Joer dorunner geschafft, virun allem säit 2008 en Problem opgetrueden ass. Deemools hat d’Parlament en neit Gesetz zur Euthanasie – oder Sterbehilfe – ofgestëmmt, dat den Grand-Duc allerdéngs net ënnerschreiwen wollt. Dofir sinn d’Aarbechten vir d’Konstitutioun vun 1848 ze ersetzen nees virun gedriwwen ginn fir dass esou Situatiounen net méi virkommen.
Deen Prozess soll elo gläich fäerdeg sinn. Um Schluss muss déi ganz Konstitutioun souwuel vun enger zwee Drëttel Majoritéit am Parlament wéi och an engem Referendum vun enger Majoritéit vun der Bevëlkerung ugeholl ginn. An vir dass déi Ofstëmmungen sech net em vereenzelt Punkten dréinen déi immens ëmstridden sinn, goufen 3 Froen am Referendum vun 2015 (iwwert d’Wahlrecht fir 16-jähreger, d’Wahlrecht vir Auslänner an d’Begrenzung vun Ministermandater), schonn eenzel gefrot.
Mee den Referendum em deen et den Moment an den Noriichten geet ass den Referendum um Schluss vum Prozess. Deen war bis elo fir dat nächst Joer geplangt, mee gëtt elo eréischt fir no den nächsten Wahlen 2018 geplangt. D’Erklärung dofir ass dass een well d’Diskussiounen em déi nei Konstitutioun vun den Diskussiounen bei den Wahlen trennen, well et bei der Konstitutioun drëm goen soll en Accord ze fannen mat deem all Säiten liewen kënnen fir dass jiddereen sech och dono un déi nei Konstitutioun hält. Allerdéngs kann een dovunner ausgoen, dass déi nei Verfaassung wäert fréier oder spéider erëm diskutéiert ginn, well et eben esou en wichtegt Dokument fir den Fonctionnement vum Staat ass.
Source vun de Biller:
1.http://www.luxembourg.com/chambre-des-deputes/
2.http://lux2013.weebly.com/gauche-et-droite.html