Wéi geet den Brexit weider?

De Sonnden huet déi nei Premierministesch vun Groussbritannien, Theresa May, op der Parteikonferenz vun den Konservativen eng Ried gehalen. Dobäi huet si e puer Ablécker ginn, wéi si wëlles huet aus der Europäescher Unioun auszetrieden – den sougenannten Brexit. Dowéinst wëlle mir dës Woch op dës Ried agoen an och kucken, wéi eng Konsequenzen dat op Groussbritannien an d’EU huet.
Theresa May huet nach eng Kéier an hirer Ried dat gestäerkt, wat si schonns gesot hat-„Brexit means Brexit“. Den Artikel 50 wëll si bis spéitstens de Mäerz 2017 bei der EU areechen. Dann hätt Groussbritannien 2 Joer Zäit fir mat der EU hiren Austrëtt ze verhandelen, woubäi deen Zäitraum mat engem Accord vu béide Säite nach eng Kéier kéint verlängert ginn.
An der Ried huet si awer och erkläert wéi si Groussbritannien an Zukunft vis-à-vis vun Europa an der Welt positionéieren well. Si well hirt Land weider oppen halen an an deem Sënn huet si gesot dat 8 Natiounen dorënner och China, Singapur an Indien bereet sinn een Handelsofkommes z’ënnerschreiwen. Weider wëll d’Premierministesch net méi vum Europäesche Geriichtshaff ofhängeg sinn a schwätzt vun engem souveräne Staat. Do huet een dann och een vun den gréissten Sträitpunkten vun den Verhandlungen mat der EU fonnt. Theresa May well d'Immigratioun an Groussbritannien selwer regelen, mee oppen Grenzen fir EU-Bierger sinn eng Konditioun fir am EU-Marché ze partizipéieren. Een weideren Probleem vum Brexit ass d'Ophiewen vun EU-Gesetzer, déi an quasi allen Beräicher vun der englescher Gesetzgebung stinn. Dofir huet d'Premierministesch ee grousst Ophiewungsgesetz annoncéiert, dat offiziell Deel vum Regierungsprogramm wäert ginn wann d'Queen Elisabeth II dëst Gesetz bei hirer Throunried ukënnegt.[4] Dat Gesetz soll engersäits europäesch Gesetzer an britescht Droit ëmwandelen an anerersäits kennen d'Ministeren Ännerungen firhuelen fir dem Resultat vum Referendum Rechnung ze droen.

Eng weider Konsequenz vum Brexit ass den neien Versuch vun den Schotten fir sech onofhängeg ze maachen, well Schottland mat enger Majoritéit vun 62% fir den Verbleif an der EU gestëmmt huet. D'Theresa May well hinnen keng Chance ginn fir dat ze réaliséieren. D’Nicola Sturgeon, déi schottesch First Minister huet Theresa May accuséiert, dat si d’Meenung vun de Schotten net interesséiert. Beim éischten Versuch vun engem Onofhängegkeetsreferendum war ënner anerem d'Onsécherheet driwwer ob Schottland dann an der EU bleiwen géif een Grond fir d'Resultat.
No der Ried vun der britescher Premierministesch ass de Pond op een historesch niddregen Wäert gefall. Doduerch sinn ënner anerem d'Wäerter op der Londoner Bourse an d’Luucht geklotert, wëll auslännesch Investoren elo méi bëlleg kënnen an Groussbritannien investéieren. Op der anerer Säit sinn awer britesch Pensionären déi am Ausland liewen, mee eng Pensioun an Pond bezuelt kréien, elo méi schlecht drun.
Et wäert also nach eng Zäit daueren, bis Groussbritannien den Artikel 50 ausléise wëll. Den EU-Rotspresident, Donald Tusk, huet nach eng Kéier kloer gemaach, dass d'EU un schnellen Verhandlungen interesséiert ass an géif direkt ufänken mat verhandelen wann den Artikel 50 aktivéiert ass. Duerch d’Ried vum Sonndeg konnt een awer schonn ee klengen Abléck an d’Richtung vun de Verhandlunge kréien. Wann d’Immigratioun vun de Brite selwer kontrolléiert soll ginn, dann ass et immens schwéier gläichzäiteg am EU-Marché ze bleiwen. Wat fir eng Form vun Accès Groussbritannien an deem Fall op den EU-Marché kritt ass ze schwéier fir firaus ze soen.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- Een Artikel mat enger kritescher Siicht op dem Theresa May seng Ried.
https://www.tagesschau.de/ausland/tories-parteitag-101.html
- Eng Opzielung vun den gréissten Problemer déi Groussbritannien am Moment huet.
Franséisch:
- Een Artikel deen och op d'Meenungskonflikter an der Konservativer Partei vum Theresa May ageet.
- Een Artikel iwwert d'Positioun vun den USA vis-à-vis vun Brexit.
Englesch:
- Déi ganz Ried vum Theresa May fir no ze liesen.
- Eng Anaylse vun den ökonomesch Konsequenzen vum Brexit.
http://www.bbc.com/news/uk-politics-37549796
Sourcen vun den Biller: