Firwat sinn d'Kandidaten onbeléift?

D'Thema wat dës Woch d'Norichten dominéiert ass kloer déi éischt Debatt em d'Presidentenamt an Amerika tëscht dem Donald Trump and dem Hillary Clinton. Iwwert den Wahlsystem an Amerika kënnt der an eisem Artikel vum Februar liesen. Dës Woch ginn mer der Fro no wat dës Debatt zur meescht gekukten Debatt jeemols gemaach huet.
Dass dës éischt Debatt tatsächlech déi mat den meeschten Spectateuren jeemols war huet manner mat der Brillianz vun den zwee Kandidaten ze dinn an méi mat hierer Onpopularitéit. Tatsächlech sinn déi zwee déi onpopulärsten Kandidaten säit et Emfroen gëtt. Dem Hillary Clinton trauen 55.1% net zou eng gutt Presidentin ze ginn an dem Donald Trump trauen dat 58.3% net zou. Tatsächlech huet en Véierel vun den Wieler eng negative Vue vun béiden Kandidaten. Ënnert "net-wäissen" Minoritéiten huet den Trump souguer en ähnlechen Niveau vun Leit déi him trauen wéi den Barry Goldwater 1964 - en republikaneschen Kandidat deen nëmmen dat schlechtsten Resultat nom zweeten Weltkrich haat. Et ass also och keen Wonner dass zwee Drëttel vun den Amerikaner mengen d'Land géif sech an déi falsch Richtung beweegen. Mee firwat sinn déi zwee Kandidaten dann esou onbeléift?

Hillary Clinton geet et virun allem em en Image vun Onéierlechkeet. Engersäits huet si als Aussenministesch en privaten Server fir hir E-mailen benotzt. Dat ass en Probleem well si deelweis Informatiounen an dësen E-mail verschéckt huet déi als "geheim" agestuuft waren an hätten missen iwwert en offiziellen Server geschéckt ginn. Obwuel den FBI net genug Grënn gesinn huet fir d'Clinton unzekloen, ass fir vill Leit dëst een vun den kloersten Zeechen vun hirer Onéierlechkeet. Virun allem dem Trump seng Supporteren gesinn dëst immens kritesch an ruffen reegelmeeseg "Lock her up" - oder "sperrt et an den Prisong". Ähnlech Uschëllegungen vun onéierlechem Verhalen ginn et och an Verbindung mat der Clinton Foundation. Et soll virkomm sinn, dass Leit déi genug Spenden un dës Foundation gemaach hunn en direkt Zougang an Rendez-Vous mam Hillary Clinton kruuten während si nach Aussenministesch war.
Beim Donald Trump sinn et virun allem zwee Grënn déi zu senger Onpopularitéit féieren. Eischtens gesinn immens vill Liet hien als rassistesch. Direkt bei der Ried déi en gehalen huet fir seng Kandidatur ze annoncéieren huet en mexikanesch Immigranten als Drogendealer, Verbriecher an Vergewalteger bezeechent. Dunn huet en och proposéiert, dass Amerika keng Moslemen méi dierft an d'Land eran loossen bis dass kéint gekläert ginn wien islamistesch Terroristen wieren. Ënnert republikaneschen Wieler ass den Trump virun allem wéinst senger Onerfahrung als Politiker onbeléift. Tatsächlech kéint den Trump den éischten President ginn deen virdrun nie en Job am ëffentlechen Secteur haat. Dëst gëtt virun allem kritiséiert bei Aussenpolitik, wou solch Erfahrung am ëffentlechen Secteur nach méi wichteg ass. Ausserdeem fäerten vill Leit, dass den Trump kéint d'Land wéi eng Firma leeden - woubäi dat fir aner Leit erem en Grond wier fir den Trump ze wielen.
Bei dëser Wahl geet et also méi doremmer den manner onbeléiften Kandidat ze sinn am Plaaz ze versichen den beléifsten Kandidat ze ginn. Mat manner wéi 50 Deeg bis d'Wahlen wäert et béiden Kandidaten och schwéier faalen hirt respektivt Image ze verbesseren.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- En Artikel iwwert d'Clinton Foundation an hir Roll an der Wahl.
https://www.welt.de/politik/ausland/article158219097/Hillarys-riskante-Cash-Maschine.html
- Eng Iwwersiicht vun den Reaktiounen op déi éischt Debatt.
Englesch:
- Eng iwwersiicht vun der Onpopularitéit vun den zwee Kandidaten
- En Versuch fir ze entscheeden wien déi éischt Debatt gewonnen huet.
http://www.bbc.com/news/world-us-canada-37481070
Franséisch:
- En Resumé vun der Debatt
- Eng Iwwersiicht vun den Reaktiounen op déi éischt Debatt.
Sourcen vun den Fotoen:
1.https://rawconservative.com/2016/03/donald-trump-beats-hillary-clinton/
2.http://www.nytimes.com/interactive/2016/06/03/us/elections/trump-and-clinton-favorability.html