top of page
  • Kim

Wat sinn d’EPAs?


An der leschter Zäit huet een ëmmer nees vun

TTIP an CETA héieren. Dat sinn Fräihandelsofkommes déi d’EU am Moment mat den USA, respektiv Kanada, verhandelt. An villen EU-Staaten hunn d’Bierger Angscht, dat d’Entreprisë duerch dës Ofkommen en méi groussen Afloss op d’Politik kréien . Mee d’EU verhandelt nach aner esou Ofkommen, déi oft manner bekannt sinn – Economic partnership agreements“ (EPA).

EPAs sinn Fräihandelsofkommen, déi d’EU am Moment mat verschiddenen afrikanesche Staaten verhandelt. Mee vill afrikanesch Länner wëllen dës Ofkommen net, well se negativ Konsequenze fir hir Ökonomie fäerten. Déi Kontrakter gesinn nämlech fir, dat si hire Marché ëm 83% fir Produkter aus der EU opmaache mussen a lues awer sécher den Zoll an aner Zougangsbeschränkungen opléisen. Als Géigeleeschtung kënnen déi afrikanesch Entreprisen zollfräi hier Wuer um EU-Marché verkafen.

De Problem ass, dat d’EU duerch dës Ofkommen d’Aarmut an den afrikanesche Staaten méiglecherweis vergréissere wäert, well déi afrikanesch Baueren hier Produkter net méi wäerte verkaaft kréien. De Grond ass, dass d’Produkter aus der EU méi bëlleg an Afrika verkaaft ginn an doduerch vill Geschäfter a Baueren hier Existenze verléiere kéinten. Als Beispill Kenia - ee vun dë gréissten Exporteure vu Kakao, Kaffi an Téi. Kenia wollt den Traité net ënnerschreiwen an doropshin huet d’EU den Zoll fir kenianesch Importwueren erhéicht. Doduerch hunn vill Aarbechter hir Aarbecht verluer well hier Entreprisen net méi hir Wueren an der EU verkaaft kruten. No dësem Drock huet sech Kenia dann trotzdem dozou entscheet den Traité ze ënnerschreiwen. Well vill afrikanesch Staaten Entwécklungshëllefe vun der EU kréien, hunn der vill dem Drock no ginn an ënnerschriwwen. Just 3 Staaten wieren sech nach géint d’EPAs – Nigeria, Mauretanien an den Niger.

Nigeria ass dat Land wou am meeschten iwwert Vir- an Nodeeler diskutéiert gëtt. D’Land ass scho méi developpéiert wéi vill vu sengen Noperen a verschidde Wirtschaftsexperte ginn dovun aus, dat Nigeria vum EPA-Traité profitéiere géif. Aner Experte fäerten allerdéngs dat déi europäesch Produkter den nigerianesche Marché iwwerschwemme kéinten an doduerch nigerianesch Entreprisen a Bauere Problemer wäerte kréien. Ausserdeem gëtt kritiséiert dass déi afrikanesch Staaten hiren Zoll opléise mussen, wat eng grouß Quell vu Suen ass. Doduerch kéinten da Suen an anere Beräicher feelen, ënner anerem a fir Educatioun, Gesondheet, oder Infrastrukturen. Dofir fuerderen déi Experten, dass d’EPAs méi balancéiert solle sinn fir den afrikanesche Staaten eng Chance ze ginn, dat si sech weiderentwéckele kënnen.

Dës Ofkommen hunn awer natierlech och en Afloss deen iwwert dat Ekonomescht eraus geet. Obwuel een ëmmer méi héiert, dass Fluchtursaache bekämpft musse ginn, schwätzen d’Leit oft hei vun de Situatiounen a Syrien, Irak an Afghanistan, wou d’Fluchtursaach Gewalt a Krich ass. An Afrika ass awer d’Aarmut déi gréissten Ursaach firwat Leit versichen aus hire Länner an d’EU ze flüchten. En Traité ze verhandelen dee genau déi Aarmut potenziell erhéicht kéint also Nodeeler an engem anere Beräich vun der Politik bréngen.

Wat dës Ofkommen am Moment esou interessant mécht, ass dass d’EU an dësem Fall déi Roll spillt déi d’USA/Kanada am Fall vun TTIP a CETA spillen an déi vill Leit am Moment kritiséieren. An Däitschland sinn dëse Weekend méi wéi 100.000 Leit op d’Stroosse gaange fir genau géint sou ee Firgoen ze protestéieren.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

Een Artikel, deen iwwert d’Konsequenzen vum Traité informéiert

http://www.dw.com/de/ostafrika-verschmäht-absatzmarkt-europa/a-19539393

-Een méi wëssenschaftlechen Artikel iwwert EPAs

https://www.swp-berlin.org/fileadmin/contents/products/aktuell/2013A70_scm.pdf

Franséich:

-Een Artikel dee vum Ufank bis zu de Konsequenzen d’EPAs analyséiert

http://www.monde-diplomatique.fr/2014/09/BERTHELOT/50757

-Een kritesche Artikel iwwert EPAs

http://www.liberation.fr/debats/2014/12/12/entre-l-europe-et-l-afrique-de-l-ouest-un-libre-echange-a-sens-unique_1162358

Englesch:

-Déi negativ Säite vum Traité fir Nigeria

http://dailypost.ng/2016/09/19/nigeria-will-lose-1-3trn-ecowas-eu-backed-economic-partnership-agreement-man/

-Een aktuellen Artikel iwwert den Fortschrëtt vun der Ratifizéierung vun den EPAs

https://www.capitalfm.co.ke/business/2016/09/four-million-jobs-safeguarded-mps-ratify-epa/

Sourcen vun de Biller:

-Bild 1:http://www.globalmarshallplan.org/kontroverses-handelsabkommen-zwischen-eu-und-afrika


85 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page