top of page

Wien mécht wat an der EU?


Haut (Mëttwoch) den Mueren war d’Ried zur Lag vun der Europäescher Unioun. Den Jean-Claude Juncker huet hei déi wichtegst Themen ugeschwat déi d’Europäesch Unioun momentan beschäftegen. Wat huet hien gesot? An wien huet iwwerhaapt wéi eng Roll an der EU?

Als éischt ass et wichteg en Iwwerbléck iwwert d’Rollen vun den eenzelen Institutiounen ze hunn. Well dës Rollen oft geännert hunn iwwert déi 65-järeg Geschicht vun der EU sinn dës fir vill Leit oft onkloer. Dobäi kennt dass d’EU och ënnerschiddlech Rollen fir ënnerschiddlech Themen huet. Zum Beispill huet si méi Afloss op Ëmweltpolitik wéi op Verdeedegungspolitik. Säit dem Lissabon-Traité verfollegen allerdéngs 89% vun allen Proposen déi selwecht Prozedur – d’Ordinary Legislative Procedure (OLR).

Fir déi éischt Etapp ass d’Europäesch Kommissioun zoustänneg, well si alleng d’Recht huet Direktiven ze proposéieren. Et ass awer esou dass den Conseil, d’Parlament, d’Zentralbank, d’Investmentbank an EU-Bierger iwwert eng Petitioun kënnen der Kommissioun nei Reegelen virschloen. Am Generellen soll si nei Gesetzer proposéieren, den Budget managen, d’Anhalen vun EU-Reegelen iwwerwaachen an d’EU international vertrieden. An der Kommissioun setzt een Member aus all EU-Land. Den Kommissiounspresident – momentan den Jean-Claude Juncker – gëtt vum Conseil proposéiert an vum Parlament confirméiert.

Dono kennt den Virschlag an d’Europäescht Parlament deem seng Haaptrollen d’Accordéieren vun Gesetzer an d’Iwwerwaachen vun der Kommissioun sinn. D’Parlament kann den Virschlag vun der Kommissioun esou weiderleeden oder Ännerungen virschloen. Obwuel d’Parlament laang Zäit net vill Muecht hat, kann hautzedaags an der OLR keng Propose duerchkommen ouni Accord vum Parlament. D’Parlament besteet aus 751 Memberen aus den 28 EU-Länner, déi fir jeeweils 5 Joer gewielt ginn. Momentan ass den Martin Schulz den President.

Fir déi nächst Etapp kennt d’Propose dann an den Conseil, deem seng Haaptroll och d’Accordéieren vun Gesetzer ass. Allerdéngs treffen sech hei déi jeeweileg Ministeren aus den eenzelen Länner. Falls et em Ëmweltpolitik geet, dann sinn et d’Ëmweltministeren déi beroden. Wann den Conseil d’Propose vum Parlament unhëlt ass d’Prozedur ofgeschloss an d’Gesetz wäert an Kraaft trieden. Wann den Conseil net zoustëmmt, kennt d’Propose erëm an d’Parlament. Esou geet dat maximal dräimol hin an hier. Falls beim drëtten Versuch entweder d’Parlament oder den Conseil net d’accord ass, gëtt d’Propose net Gesetz.

Fir en Bilan vun der EU ze maachen, hëlt den Kommissiounspresident säit 2010 all Joer eng Ried virum Parlament. Dëst Joer huet den Juncker virun allem iwwert fehlend Solidaritéit an Kooperatioun geschwat. Ze oft géifen d’EU-Länner national Interessen iwwer gemeinschaftlech Interessen stellen an domader Populisten an Europa bestäerken. Hien huet och versprach den Investmentfonds op 630 Milliarden ze erhéichen fir méi Aarbechtsplatzen an der EU ze schaafen. Och d’Flüchtlingskriis gouf ugeschwat wou den Juncker op d’Matschaffen vun den Staaten gedrängt huet, mee och gewarnt huet een Land ze zwengen Flüchtlingen opzehuelen wann et net well. Schlussendlech huet den Juncker och gemengt, dass den “Brexit” zwar en Verloscht fir d’EU wier, mee een deen d’EU iwwerliewen géif. Am groußen Ganzen huet den Juncker probéiert un d’Solidaritéit vun den EU-Länner ze appelléieren fir déi vill Krisen vun der EU ze iwwerwältegen.

Hei nach en Video zur Geschicht vun der EU:

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- D'Ordinary Legislative Procedure mat engem einfachen Graphik an zousätzlechen Infos erkläert.

http://www.europarl.europa.eu/aboutparliament/de/20150201PVL00004/Legislativbefugnis

- Eng Iwwersiicht zu den wichtegsten Institutiounen an der EU.

https://www.bundesregierung.de/Webs/Breg/DE/Themen/Europa/Funktion/_node.html

Franséisch:

- D'Ordinary Legislative Procedure mat engem einfachen Graphik an zousätzlechen Infos erkläert.

http://www.europarl.europa.eu/aboutparliament/fr/20150201PVL00004/Pouvoir-l%C3%A9gislatif

- En kriteschen Artikel zur Zukunft vun der EU.

http://www.liberation.fr/planete/2016/01/01/crise-apres-crise-l-europe-fonce-vers-l-abime_1423901​

Englesch:

- D'Ordinary Legislative Procedure mat engem einfachen Graphik an zousätzlechen Infos erkläert.

http://www.europarl.europa.eu/aboutparliament/en/20150201PVL00004/Legislative-powers

- En Artikel zum Brexit an sengen Konsequenzen.

http://www.bbc.com/news/uk-politics-eu-referendum-36420148

Sourcen vun de Biller:

- Bild 1: https://www.google.lu/url?sa=i&rct=j&q=&esrc=s&source=images&cd=&ved=0ahUKEwjljonT3o7PAhWHDxoKHYgUA94QjBwIBA&url=http%3A%2F%2Fdefiris.ec.streamcloud.be%2Ffindmedia%2F04%2F125464%2FTHUMB_I125464LV1W_01.jpg%3Flatest%3D0004521761&psig=AFQjCNFcPLMzE2lAtZEmbrKQIAfvDjhxww&ust=1473938415312457

- Bild 2: http://collections.internetmemory.org/haeu/content/20160313172652/http://eeas.europa.eu/top_stories/images/050216_informal_defence_council_.jpg


48 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page