top of page

Wat ass G20?



Dësen Weekend gouf an der chineesescher Stad Hangzhou den Sommet vun der G20 eröffnet. Hei hunn sech den Obama, Putin, d’Merkel an 16 weider Staatschefen getraff. Mee wat ass den G20? Firwat gëtt et en an wat ass dës Kéier beschwat ginn?

D’G20 ass en Forum an deem sech d’Staats- an Regierungschefen vun den Länner mat den 20 gréissten Ökonomien vun der Welt treffen fir iwwert ökonomesch, politesch an Emweltprobleemer ze berooden, déi vun kenger anerer Organisatioun kennen geléist ginn. Et ass also en Versuch fir international Probleemer mat internationaler Zesummenaarbecht ze léisen am Plaatz dass all Land probéiert déi Probleemer alléng – oder guer net – ze léisen. Nieft dem Sommet vun den Staats- an Regierungschefen treffen sech och d’Finanzminister an d’Gouverneuren vun den Zentralbanken vun den 20 Länner.

G20 gëtt et säit 1999 an besteet aus den 19 Länner mat den gréissten Ökonomien an engem Setz fir d’Europäesch Unioun. Den Forum baséiert op der selwechter Idee wéi d’G8, déi sech 1975 fir déi éischten Kéier getraff hunn. Säit der Finanzkriis vun 2008/09 ass allerdéngs d’G20 zum wichtegsten Forum fir d’ Léisen vun international Wirtschaftsprobleemer ginn. Haut representéiert d’G20 iwwert zwee Drëttel vun der Weltbevëlkerung, 80% vum Welthandel an 85% vum globalen PIB. Nieft ökonomeschen Probleemer diskutéieren d’Politiker bei den G20-Gipfelen och Sécherheets- an Emweltprobleemer.

Wat ass dann beim Treffen vun dësem Joer beschloss ginn? Zwar huet China néischt dem Zoufall iwwerlooss an all den Awunner vun Hangzhou souguer eng Woch Congé ginn fir d’Stad komplett sécher ze maachen fir den Sommet. Mee vill Organisatiounen waren vun den Resultater enttäuscht. Op der méi positiver Säit sinn sech d’Länner awer eenz ginn fir all méiglech Mëttelen ze notzen fir d’Weltökonomie erem un d’Laafen ze bréngen fir Scholden an Aarbechtslosegkeet ofzebauen. Ausserdeem hunn Amerika an China – déi zwee gréissten Produzenten vun emweltschiedlechen Treibhausgasen – ugekënnegt den Klimavertrag vun Paräis am nächsten Joer ze ratifizéieren.

Allerdéngs ginn et och vill Enttäuschungen. Obwuel d’Länner zu méi Solidaritéit an der Flüchtlingskriis opruffen, ass néischt Konkretes beschloss ginn an et läit um nächsten Organisator (Däitschland) fir handfest Léisungen ze fannen. D’Länner sinn och weder beim Krich an Syrien nach beim Konflikt an der Ukraine enger Léisung méi no komm. Zwar hunn sech Amerika, Russland, Frankräich an Däitschland iwwert dës zwee Konflikter berooden, mee et goufen keng Resultater matgedeelt. Och beim Sträit am südchineeseschem Mier – iwwert deen dier an eisem Artikel vum Juli liesen kennt – ass wéineg Fortschrëtt ze vermëllen.

Den G20-Gipfel ass also een vun den héchsten internationalen Foren op der Welt an versicht puer vun den wichtegsten Probleemer ze léisen – virun allem wann dës Probleemer iwwert Grenzen ewech vill Länner betreffen an domader d’Kapazitéiten vun eenzelnen Länner iwwersteigt. Wann d’Länner nächst Joer zu Hamburg zesummen kommen wäerten sécherlech erem déi wichtegst Probleemer vum Moment beschwaat ginn.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch: - Eng Bilanz vum G20 Treffen. http://www.spiegel.de/wirtschaft/soziales/g20-gipfel-in-china-grosse-probleme-keine-loesungen-a-1110962.html - Eng Erklärung firwat G20 och netzlech sinn wann keng konkret Resultater dobäi rauskommen. http://www.welt.de/wirtschaft/article157958920/Warum-G-20-Gipfel-ergebnis-aber-nicht-nutzlos-sind.html Franséisch: - En Artikel deen erkläert wéi wichteg d’EU an verschiddenen Beräicher fir G20 ass. http://www.lefigaro.fr/economie/le-scan-eco/dessous-chiffres/2016/09/03/29006-20160903ARTFIG00060-ce-que-represente-le-poids-de-l-ue-dans-le-g20.php - En Artikel zu den ökonomeschen Décisiounen vum G20 Sommet http://www.lemonde.fr/economie/article/2016/09/03/g20-les-dirigeants-du-monde-au-chevet-de-l-economie-mondiale_4991994_3234.html Englesch: - En Artikel zu den Entscheedungen vun der G20 zum Thema Klimawandel. https://www.theguardian.com/environment/2016/sep/06/g20-reaffirms-climate-commitments-but-dodges-deadlines - Eng kuerz Iwwersiicht vun 7 Themen vun dësem G20 Sommet. http://time.com/4479763/g20-7-things-obama-china-staircase-plane/

Sourcen vun den Biller:

-Bild 1: http://english.cri.cn/mmsource/images/2016/01/14/963f651a27cd4ce882edb1851d369623.jpg

-Bild 2:

https://i.guim.co.uk/img/media/418c20e895321eb64c66b148b006e47321688b0e/0_123_4928_2958/master/4928.jpg?w=620&q=55&auto=format&usm=12&fit=max&s=ee4d6b8dffe870327b46bdd50ea0ef21


31 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page