top of page
  • Sarah

Ween sinn d'Kurden?


Säit dem Arabesche Fréijoer an dem Krich an Syrien ass de Kurdekonflikt erëm méi an den Medien ze fannen. E besteet ewell säit bal 100 Joer, an eng definitiv Léisung ass nach ëmmer net an Aussicht. Mä em wat geet et eigentlech an wéi huet et iwwerhaapt ugefaangen?

Mir ginn zeréck an d’Joer 1920. Fir den 1. Weltkrich formell ze beenden goufe verschidde Verträg opgestallt. Een dovunner war de Vertrag vu Sèvres, deen tëschent der Triple Entente (Frankräich, Groussbritannien, Russland) an dem Osmanesche Räich ofgeschloss gouf. Dësen huet d’Opdeelung vum Osmanesche Räich an Nationalstaate reglementéiert. Ënner anerem kruten dat heutegt Syrien an Irak hir Onofhängegkeet zougesprach, an och d’Kurde sollte laut Vertrag hiert eegent Land kréien. Währenddessen huet déi heuteg Tierkei vun 1919 bis 1922 en Onofhängegkeetskrich gefouert fir hiren eegene Staat kënnen ze leeden. De Mustafa Kemal Atatürk war deemools de Kapp vun der Bewegung a gouf méi spéit dann den éischte President vun der Tierkei. Hien huet d’Kurden ëm hier Ënnerstëtzung am Krich gefrot an am Géigenzuch hinnen seng Ënnerstëtzung bei der Erschaafung vu Kurdistan versprach. Nodeems d’Tierkei den Onofhängegkeetskrich gewonnen hat, huet den Atatürk awer en neie Vertrag ënnerschriwwen, de Vertrag vu Lausanne. Dësen huet him d’Recht ginn, de Vertrag vu Sèvres deelweis no senge Virstellungen ze veränneren. Hien huet mat där Muecht d’Gebitt, dat de Kurden zougesprach sollt ginn, aus dem Vertrag vu Sèvres erausgeholl – a soumat säi Versprieche gebrach. Säithier fillen d’Kurden sech bedrunn: si hunn dem tierkesche Vollek gehollef, mä kruten dann en eegent Land verweigert.

Säithier lieft d’kurdescht Vollek a 5 verschiddene Länner: d’Majoritéit an der Tierkei, anerer am Irak, am Iran, a Syrien an eng knapp hallef Millioun an Armenien. D’Gesamtzomm vun de Kurde beleeft sech op ongeféier 25 Milliounen. Si hunn am Verlaf vun de Joren, virun allem an der Tierkei, e puer mol Protester an Opstänn duerchgefouert. Mee se ginn oft ënnerdréckt. Beispillsweis waren d’kurdesch Sprooch, Literatur a Musek bis viru kuerzem an der Tierkei komplett verbueden a goufen am Fall vun engem Verstouss mat Prisong bestrooft. 1978 gouf dunn d’PKK, d’Aarbechterpartei Kurdistan, gegrënnt. Dës huet et sech zum Zil gemaach, duerch eng Revolutioun e kurdesche Staat ze grënnen. E wichtegen Deel vun hirer Politik war ëmmer schonn d’Gewalt. International gëtt d’Partei als terroristesch agestuuft. Am Kampf géint den Islameschen Staat (IS) ginn si an notamment och hir Schwësterpartei PYD (Partei vun der Demokratescher Unioun) awer als wichteg Partner vun der UN ugesinn. D’UN veruerteelt dowéinst och schaarf den Erdogan, deen de Krich géint den IS mëssbraucht fir kurdesch Regiounen ze attackéieren, wéi z.B. 2015, wou hien a Syrien net nëmmen den IS, mä och Lager vun der PKK bombardéiere gelooss huet.

Haut hunn vill Kurde den Wonsch opginn en eegent Land ze schafen. Dat huet verschidde Grënn. Éischtens ass et politesch zimlech onrealistesch, en Deel vun engem oder e puer Länner ofzeplécke fir en eegent Land ze grënnen. Zweetens, an dat ass vill méi wichteg, sinn d’Kurden ënner sech hautdesdaags extrem gespalt. Si si regional opgespléckt, schwätze verschidde Sproochen an hunn ënnerschiddlech Reliounen. Déi Differenzen hunn, wéi verschiddener fannen, ze vill Konfliktpotential fir dass se vernünfteg zesummepassen. An awer bleift den Kurdenkonflikt en wichtegen Deel fir déi momentan Situatioun am Mëttleren Osten ze verstoen.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- Den Hannergrond an déi aktuell Situation nach eemol méi détailléiert erkläert.

http://www.bpb.de/internationales/weltweit/innerstaatliche-konflikte/54641/kurdenkonflikt

- En Artikel iwwert den annuléierten Verbuet vun der kurdescher Sprooch.

http://www.dw.com/de/die-kurdische-sprache-in-der-türkei/a-17183125

Franséisch:

- En Artikel iwwert d'Differenzen, den Ursprong an d'Ziler vun de Kurden.

http://www.lemonde.fr/les-decodeurs/article/2014/09/09/qui-sont-les-kurdes_4484311_4355770.html

- En Artikel iwwert d'Situation vun den Kurden am Syrien-Krich.

http://www.lefigaro.fr/vox/monde/2016/08/25/31002-20160825ARTFIG00274-un-kurdistan-independant-peut-il-vraiment-emerger-du-chaos-syrien.php

Englesch:

- Een Profil vun der PKK an hiren Wäerter.

http://www.bbc.com/news/world-europe-20971100

- D'Kurden an 6 wichtegen Froen beschriwwen.

http://www.bbc.com/news/world-europe-20971100

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: https://i.ytimg.com/vi/2qE3urPP0-w/maxresdefault.jpg

- Bild 2: http://ichef.bbci.co.uk/news/624/media/images/78409000/gif/_78409411_kurds_map624_kobane.gif


31 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page