top of page
  • Sarah

Wat ass d’Kris a Venezuela?


D’Kris a Venezuela kann een an zwee Aspekter ënnerdeelen: den ekonomeschen an den humanitären. D’Ekonomie vum süd-amerikanesche Land huet 2014 ugefaangen de Bierg erof ze goen, wéi d’Petrolspräisser weltwäit gefall sinn. Venezuela ass weltwäit dat Land mat de gréissten Pëtrolsreserven, an Uelech mecht 95% vum Land sengen Exporten aus. Mat deem Akommes keeft d’Land vill am Ausland an, well et villes net selwer produzéiert. Enn 2014 sinn d’Pëtrolspräisser awer extrem agebrach, wouduerch de Gewënn aus den Exportgeschäfter sech staark verréngert huet. Als Konsequenz huet d’Land elo vill manner Sue fir néideg Güter zu importéieren. Dest ass och Grond fir eng ekonomesch Rezessioun säit 2014. Dobäi kënnt eng enorm Inflatioun, déi bis haut en extreme Problem duerstellt. D’Inflatioun – an aneren Wieder, eng Usteigung vun den Präisser fir vill Güter – ass zustane komm, well Venezuela nët méi genuch Suen haat an doduerch d’relativ Präisser vun auslännesche Güter (also hire Präis am Verglach zu inlännesche Güter) gestiege sinn. Well Venezuela esou vill importéiert huet dat vill verschidden Güter betraff. Als Suite huet d’Regierung d’Salairen erhéicht a méi boer Suen an Ëmlaf bruecht fir de Leit erëm méi Kafkraaft ze ginn. Béid Mesuren féieren awer och zu weiderer Inflatioun. 2014 hat des en Niveau vun 68,5%, d’Joer drop 140%, a fir 2016 rechent den Internationale Währungsfong (IWF) mat enger Inflatioun vu 750%. Dat bedeit, dass d’Güter ëmmer méi deier ginn, a, well et duerch Inflatioun och méi schwéier ass am Ausland anzekaafen, ginn vill Güter och méi seelen. Als Konsequenz aus dëser Entwécklung huet sech de Schwaarzmaart fir déi méi knapp Güter extrem weiderentwéckelt, d’Präisser sinn nach méi iwwerdeiert an d’Leit kënnen sech villes net méi leeschten.

Den humanitären Aspekt ass dann eng Konsequenz vun deser ekonomescher Kriis. Eng Hongersnout ass am Land ausgebrach, souwuel well net genuch Liewensmëttel do sinn, ewéi och well se sou deier sinn. Déi äermste si scho vum Verhongere bedreet. Et kënnt erschwéierend dobäi, dass d’Land mat enger Dréchent ze kämpfen huet an d’Waasser och ausgeet. Dat suergt dofir, dass beim El Guri, dem gréissten hydroelektreschen Damm a Venezuela, och Waasserdéifstand herrscht. D’Elektricitéit ass plazeweis deemno och net méi geséchert. E weidere ganz graven Probleem ass de Mangel u Medikamenter, well déi zum groußen Deel soss am Ausland kaaf goufen. Et gouf entre temps déi éischt Doudeg duerch Mangelernährung a fehlend Medikamenter.

Mee wéi konnt et sou wäit kommen? Déi eenzel politesch Acteure weisen sech géigesäiteg d’Schold zou. Fir dat ze verstoen, ass hei just e kuerzen Abléck an d’venezolanesch Politiklandschaft: 14 Joer laang war den Hugo Chávez Staatspresident vu Venezuela. Hien ass international bekannt fir seng lénks-sozialistesch Politik a seng Investitiounen a sozial Projeten, déi awer ekonomesch net nohalteg sinn. Säit sengem Dout 2013 ass den Nicolás Maduro Staatspresident. Hie féiert gréisstendeels d’chavinitesch Politik weider. D’Oppositioun dominéiert awer säit de leschte Wahlen am Parlament, a gëtt elo der Politik vum Chávez a Maduro d’Schold un der Kris. Duerch déi chavinistesch Virgoensweis huet d’Land nämlech keng nennenswäert finanziell Reserven. Ausserdeem soll a villen Entreprisen déi dem Staat gehéieren, notamment den Uelegkonzerner, extrem Korruptioun herrschen an Gelder vun Beamten ënnerschlo ginn. D’Oppositioun huet als Konsequenz elo Duerchféierung vun engem Mësstrauensreferendum géint de Maduro duerchgesat. D’Regierung gëtt sengersäits den Entreprisë Schold, déi anscheinend virsätzlech d’Produktioun erofgeschrauft hunn a Güter horte fir d’Präisser an d’Luucht ze dreiwen.

Elo bleift ofzewaarde wéi de Referendum ausgeet, a wéi d’venezolanesch Regierung hiert Land aus der ekonomescher an humanitärer Kris erausféiere wëll.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

-En Dossier mat verschiddenen Artikelen zum chronologesche Verlaf vun der Kris:

https://amerika21.de/dossier/venezuela-krise

-En Interview mam Luis Carlos Díaz vu Global Voices fir d’Kris besser ze verstoen:

https://de.globalvoices.org/2016/06/26/schlussel-zum-verstandnis-der-venezuela-krise/

Franséisch:

-D’venezloanesch Kris a 5 Froen, beäntwert vun der Professesch fir Politikwëssenschaft op der Université du Montréal, Graciela Ducatenzeiler:

http://ici.radio-canada.ca/nouvelles/international/2016/06/23/007-venezuela-crise-politique-economique-analyse.shtml

Englesch:

-D’Originnen an d’Zukunft vun der Kris:

http://www.nytimes.com/2016/05/28/world/americas/venezuela-crisis-what-next.html

-D’Ausmoosse vun der Hongersnout a Venezuela:

http://www.breitbart.com/national-security/2016/06/20/venezuela-nearly-90-percent-people-report-not-access-food/

Sourcen vun den Biller:

-Bild 1: http://www.revolutionpermanente.fr/IMG/arton4260.jpg?t=12345?

-Bild 2:

http://www.jolpress.com/sites/default/files/styles/article_content_big/public/field/image/url_309.jpg?itok=afkzQ9tz


22 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page