Wat ass den Referendum an Thailand?

Dës Woch schwätze mir iwwert den Referendum an Thailand, an deem d’Bevëlkerung iwwert eng nei Konstitutioun ofstëmme konnt. Duerch de positiven Ausgang vum Referendum konnt sech d’Militär méi eng grouss Muecht ofsécheren.
Thailänner hunn mat 61% den Referendum de Sonnden akzeptéiert. Si hunn zwou Froe gestallt kritt, déi si mat Jo oder Nee beäntwerte konnten. Déi éischt Fro war, ob si déi néi Konstitutioun vum Militär esou wéi se ass akzeptéieren an déi zweet Fro war, ob déi aktuell Militärregierung de Premierminister matbestëmmen dierf. Ofgesinn dovunner, dass doduerch d’Militär eng méi staark Roll kruut, ass si och duerch den positiven Vote vun der Bevëlkerung legitiméiert ginn. Allerdéngs ass d’Debatt iwwert déi néi Konstitutioun immens vum Militär ënnerdréckt ginn. Mënschen déi géint d’Ännerung waren, sinn attackéiert ginn, Journalisten an international Observateure sinn vun de Wahlen ausgeschloss ginn. Léit, déi sech an de sozialen Netzwierker géint de Referendum ausgeschwat hunn sinn inhaftéiert ginn. Dës Leit kennen bis zu 10 Joer Prisongsstrof kréien, wëll d’Uklo op Majestéitsbeleidegung ass. Den Generol Theerachai Nakvanich huet souguer ugekënnegt, dass Lager wäerten erriicht ginn fir Leit "nei ze éduquéieren" falls si mat der Regierung net d'accord sinn. Dëst ass natierlech wéi vill Diktatoren esou Lager justifiéiert hunn fir hir Géigner anzesperren an emzebréngen.

Mee wéi ass d’Militär an Thailand un d’Muecht komm ? Do muss een scho bis an d’Joer 2006 zeréck goen, wou den deemolege Premierminister Thaksin Shinawatra gestierzt ginn ass. Hien huet sech duerch populistesch Handlunge bei der méi Bevëlkerung um Land beléift gemaach. Obwuel den Shinawatra huet missen an d’Exil goen fir enger Prisongsstrof ze entgoen, huet hien d’Politik an Thailand weider beaflosst. Dëst konnt en ab 2011 erem méi gezielt maachen wou seng Schwester Yingluck Premierminister gouf. Allerdéngs gouf hatt och 2014 vum Militär an engem Putsch vun der Muecht bruecht. D'Militär wollt sécherstellen, dass d'Land vun Leit regéiert gëtt déi fir si an géint den Thaksin Shinawatra sinn. Dowéinst sinn vill Leit iwwerzeegt, dass den Referendum och geduecht war fir d'Supporteren vum Thaksin ze schwächen. D'Militär ass dann och méi staark, well d'Monarchie an Thailand esou schwaach ass. De Krounprënz Maha Vajiralongkorn ass an Thailand bei der Bevëlkerung onbeléift a kann doduerch Krisen am Land och net léisen.
Mee wat genau gëtt dann an der neier Konstitutioun geännert? Déi wahrscheinlech wichtegst Ännerung gesäit fir dass all Senateuren vum Militär kënnen ausgewielt ginn. Vu dass d'Senateuren kënnen en Mësstrauensvote stellen an den Premierminister bestëmmen – souguer eng Persoun déi guer net zur Wahl stung – sinn Wahlen domader komplett onwichteg. Ausserdeem sinn eng Reih Plaatzen am Senat reservéiert fir déi wichtegst Leit am Militär. Den zweeten Deel vum thailänneschen Parlament, deen demokratesch gewielt gëtt, ass domader komplett muechtlos vis-à-vis vum Senat.
An wat heescht dat alles lo fir d’Zukunft vun Thailand ? Aus der Siicht vum Militär huet dësen Ausgang vum Referendum den Virdeel, dat si hire Afloss gestäerkt hunn. Doduerch hoffen si sech d'Muecht op eng laang Zeit geséchert ze hunn. Ob bei den Wahlen 2017 d'Wieler géint d'Militär ofstëmmen ass onkloer. Am Referendum op allen Fall huet eng kloer Majoritéit fir d'Positioun vum Militär gewielt – och wann dat kann sinn well si wéineg Choix haaten.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- En Artikel mat all den Hannergrond-informatiounen zum Referendum.
http://www.bpb.de/politik/hintergrund-aktuell/231947/verfassungsreferendum-thailand
- Een kriteschen Artikel iwwert d'Putschen an Thailand vun 2006 an 2011.
http://www.sueddeutsche.de/politik/thailand-der-putschist-dein-feind-und-helfer-1.3111164
Franséisch:
- Een Porträit vum thailänneschen Krounprenz.
- En Artikel deen Stëmmen vun der Oppositioun an den Mëttelpunkt stellt.
Englesch:
- En Artikel iwwert déi radikal Moosnahmen déi d'Militär géint d'Oppositioun vun der neier Konstitutioun geholl huet.
- En Artikel deen d'Moosnahmen an der neier Konstitutioun gutt resuméiert.
Sourcen vun den Biller: