Wat ass eng "Convention"?

D’United States presidential nominating convention, oder kuerz d’Convention, fënnt an den USA all 4 Joer kuerz virun de Presidentschaftswahle statt. Et handelt sech dobäi ëm dat wat mir als Parteideeg kennen an dauert insgesamt 4 Deeg. D’Parteidelegéierten, déi all Partei no eegene Critèrë bestëmmt, komme fir d’Convention aus zwee Grënn zesummen. Engersäits gëtt iwwert déi sougenannten Platform ofgestëmmt, déi de Parteiprogramm fir déi nächst 4 Joer bestëmmt.
Anerersäits gëtt de jeeweilege Presidentschaftskandidat vun de Parteie gewielt. Béid Parteien hunn esou eng Convention: d’Demokraten an d’Republikaner. Well d’Kandidaten definitiv vun hire Parteien nominéiert musse ginn, fannen dës Conventions dann och emmer puer Méint virun den Wahlen statt. Wann an de Primaries oder dem Caucus nach kee vun de Kandidaten eng absolut Majoritéit kritt huet, gëtt tëschent de Kandidate gewielt. Huet awer well een d’Majoritéit kritt, steet just nach dee Kandidat zur Auswiel. (Zu Primaries an Caucus kënnt der eisen Artikel vum Februar liesen)
Wat genee ass dann dëst Joer op de Conventions vun den Demokraten an de Republikaner geschitt?
Bei den Demokrate stoungen d’Kandidaten Hillary Clinton an de Bernie Sanders a Konkurrenz zoueneen. Nodeems d’Delegatioune vun all de Staaten hier Stëmm engem vun de Kandidaten zougesprach hunn, hat d’Hillary Clinton 2842 Stëmmen an de Bernie Sanders der 1865. Obwuel d’Clinton scho genuch Stëmmen hat (et ginn der 2382 gebraucht), huet de Sanders sech erhuewen an firgeschlo, dass d’Clinton zum Kandidat ernannt gëtt. Si ass domat an der Geschicht vun den USA déi éischt weiblech Kandidatin iwwerhaapt fir de Posten als President. Nieft dem President, gëtt op enger Convention och den Kandidat fir Vize-President – och als „running mate“ bekannt – gewielt. Bei den Demokraten ass dofir den Tim Kaine ernannt ginn.

Bei de Republikaner war alles e bëssi méi chaotesch. Well den Donald Trump aus de Primairies mat enger Majoritéit vun de Stëmmen op senger Säit erauskomm ass, war hien den eenzege verbleiwende Kandidat fir d’Nominéierung als republikanesche Presidentschaftskandidat. D’Reegelwierk vun der Republikanescher Partei beseet dass d’Délégéierten mussen fir deen ofstëmmen deen an hirem Staat déi meeschten Stëmmen kruut.
Allerdéngs huet eng Grupp vun Delegéierten déi géint den Trump sinn eng Petitioun beim Virsetzende vun der Convention agereecht. An där Petitioun hunn si eng Ofstëmmung iwwert eng méiglech Nidderleeung vun de Regelwierker gefuerdert. Engersäits wollten se et den Delegéierten erméiglechen aanescht ofzestëmmen wéi an hirem Staat. Si wollten ausserdeem, dass bei der Ofstëmmung all eenzel Delegatioun opgeruff an hire Vote opgezeechent gëtt. Dat hätt erméiglecht, dass Géigner vum Trump zu Wuert kéinte kommen. Dës Ännerungen sinn allerdéngs net vum Partei-Comité ugeholl ginn, wat dozou gefouer huet dass den Trump dunn definitiv zum offizielle Kandidat fir d’Republikaner gewielt gouf. Hien huet mat 69,8% vun de Stëmmen allerdéngs dat schlechtste Resultat säit 40 Joer erziilt. De Kandidat fir Vize-President bei den Republikaner ass de Mike Pence.
Och wann vill aner Saachen op den Conventions geschitt sinn – vun Plagiatsfirwërf géint Melania Trump, en weideren E-mail-Skandal bei den Demokraten an Protester bei béiden Conventions – ass et elo offiziell dass entweder den Donald Trump oder d’Hillary Clinton nächsten President vun Amerika gëtt. Op allen Fall ass et eng vun den wichtegsten Décisiounen déi dëst Joer falen wäerten.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- Erkläerungen zu deene wichtegsten Elementer a Konzepter vun den Conventions.
- Eng Iwwersiicht vun de wichtegsten Datumer a Resultater vun de Presidenschaftswahlen an Amerika.
Franséisch:
- Implikatiounen an Sondagen iwwert den Ausgang vun den Conventions.
- Eng Duerleeung vun der Roll vun den Conventions.
Englesch:
- En Verglach vum Inhalt vun de Riede vum Hillary Clinton an dem Donald Trump op hiren jeeweilegen Conventions.
- Eng flott Iwwersiicht vun allen Aspekter vun den Wahlen an Amerika.
http://www.bbc.com/news/election/us2016
Sourcen vun den Biller: