Amoklaf zu München

Freides owes war München am Ausnamezoustand, wéinst engem Amoklaf am Olympiaakafszentrum bei deem 9 Persoune gestuerwe sinn. Mee wat weess een iwwert den Täter? An wéi eng Motiven hat den Täter fir den Amoklaf duerchzeféieren?
Fir unzefänke wëlle mir iwwert dem Täter, den David Ali S., säi Background schwätzen. Hien war 18 Joer an ass a München gebuer an opgewuess. Et weisen vill Indizien dorop dass hien en Mensch mat psycheschen Problemer. Ee Bekannten aus der Schoul seet, dat keen hien sou richteg gäeren haat an dass hien immens oft alleng war an der Klass. Hien soll och ee komescht Verhalen gehat hunn, während si Counter-Strike, en Egoshooter-Videospill, gespillt haten. Anscheinend huet den David Ali S. sech an deem Spill „Haas“ genannt an ass duerch een aggressivt Verhalen opgefall. Weiderhinn huet den Täter am Chat vum Videospill xenophob an antisemitesch Parolë geschriwwen.
Zudeem huet den David Ali S. Unzeeche gemaach, dat hien den Tim K. veréiere géif. Ënner anerem huet hien "Tim K. ist unvergessen" geschriwwen. Beim Amoklaaf vu Winnenden 2011 haatt den Tim K. 15 Mënschen erschoss. Mee den David Ali S. huet och gewisen, dat hien Tugce Albayrak gehaasst huet, een Meedchen dat sech bei engem Konflikt am Joer 2014 agemescht huet fir ze schlichten, mee tëschten d’Fronten geroden war an wéinst senge schwéiere Blessurë gestuerwen ass. Iwwert hatt huet den Täter geschriwwen: "Fuck Tugce", "Scheiß Tugce", "Warum mischt sich diese Missgeburt ein?". Et ass ausserdeem bekannt dass den Täter wahrscheinlech depressiv war an en Drang hat Opmierksamkeet ze kréien, well hie gemobbt gouf. Mee och eng narzisstesch Stéierung kann nach een Ausléiser fir dës Gewaltdot gewiescht sinn.

Obwuel direkt no der Doot, vill Leit geduecht hunn, dass et sech em en weideren islamisteschen Attentat an Europ handelt, gëtt et der Police no keen Grond op sou eng Motivatioun ze schléissen. Am Zëmmer vum David Ali S. huet Police vill Saache fonnt, déi een Amoklaf thematiséieren, wéi zum Beispill ee Buch „Amok im Kopf“. Police mengt dass d’Inspiratioun vum Amoklaf vum Alexander Breivik oder vum Amoklaf zu Winnenden koum. Den Freiden waren et genau fënnef Joer hier dass den Breivik, en militanten Rietsextreem, an Dänemark 77 Leit embruecht.
D’Affer vum Amoklaf waren zwësche 14 – 20 Joer al, een Affer 45 Joer al an bis op eng Ausnahm haten si auslännesch Wuerzelen. Fir d’Doot selwer, huet den Amokleefer ee Fake-Facebookprofil erstallt, wou hien sech dann un seng jonk Affer gewannt huet an hinne versprach huet eppes vu McDonalds ze bezuelen. "Kommt heute um 16 Uhr Meggi am OEZ ich spendier euch was wenn ihr wollt, aber nicht zu teuer." D’Pistoule huet sech den Täter am Darknet kaf, wat eng Zort parallelt Internet ass, wou een allerhand illegal Saache kafe kann. Fir do iwwerhaapt eran ze komme braucht ee schonn ee gewëssene Know-How an speziell Software.
An engem Video vum Amoklaf gesäit een dann och, dat een Awunner mam Täter „diskutéiert“ an hien beleidegt huet. Mee d’Police warnt firun sou Saachen well en Amokleefer dann aneschters reagéiere kéint. Den Täter ënner Drock ze setzen kann geféierlech ginn.
No dësem, an den Tragedien vun Würzburg, Ansbach an Reutlingen, kann een nëmmen hoffen dass déi traureg Noriichten aus Däitschland an dem Rescht vun Europa geschwen manner ginn.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- En Artikel deen den Amoklaf resuméiert.
http://www.zeit.de/gesellschaft/zeitgeschehen/2016-07/amoklaeufer-muenchen-waffe-darknet
- En Artikel iwwert dem David S. säin Hannergrond.
Englesch:
- En Artikel iwwert dem David S. seng minutiös Préparatioun.
http://www.bbc.com/news/world-europe-36878436
- En Artikel iwwert d'Affer vum Amoklaf.
Franséisch:
- En Artikel iwwert d'Roll vum Darknet an dësem Amoklaf.
- En Artikel iwwert dem David S. seng Préparatiounen.
Sourcen vun den Biller:
- Bild 2: http://www.20min.ch/diashow/178320/178320-f50070accd58176f0d26cb391ede3f56.jpg