top of page

Wat ass den Putsch an der Tierkei?


Spéit um Freiden Owend ass d’Noriicht an Europa komm, dass an der Tierkei d’Militär en Putsch – op franséisch en Coup d’Etat – probéiert huet fir den President Recep Erdogan ofzesetzen. Wat ass en Coup d’Etat dann iwwerhaapt genau? An wat ass säit deem an der Tierkei geschitt?

Bei engem Putsch handelt et sech em den Versuch vum Militär fir d’Muecht am Land mat engem schnellen, strategeschen Plang ze iwwerhuelen. Den Freiden war et eng Grupp vun Zaldoten aus der tierkescher Arméi déi genau dat probéiert huet. Si hunn versicht wichteg ëffentlech Platzen an der Haaptstad Ankara an zu Istanbul ze besetzen, ënner anerem dat tierkescht Parlament. Ausserdeem hunn se vill Medien – virun allem d’Telé an den Radio – iwwerholl fir d’Informatiounen ze kontrolléieren déi un d’Bevëlkerung erausginn.

Fir een Moment huet een geduecht, dass de Putsch erfollegräich wier, well d’Militär dësen Message iwwert déi besaten Medien verbreet huet. Allerdéngs huet dunn den President Erdogan bei een vun den leschten Fernsehsender unzeruffen deen nach net besat war an seng Supporteren dozou opgefuerdert op d’Strooss ze goen. Dëst Zeechen vum Erdogan huet dann och den Rescht vun der tierkescher Arméi dozou bruecht d’Putschisten ze bekämpfen. Um Samschden Mueren war dann och kloer, dass den Erdogan weider President bleift an nëmmen e puer Putschisten sech mat engem Helikopter op eng griichesch Insel retten konnten. Den Putsch war keen Succès.

Säit deem huet den Erdogan seng bishereg streng Politik vis-à-vis vun der Oppositioun an den fräien Medien nach eng Kéier verstäerkt (iwwert dem Erdogan seng bishereg Politik, kennt der an eisem Artikel vum Abrëll liesen). Direkt den Dag dono waren schonn iwwert 2300 Zaldoten festgeholl well se am Verdacht stoungen den Coup ënnerstëtzt ze hunn. Dunn sinn och bal 3000 Riichter suspendéiert ginn, grad sou wéi 8000 Polizisten. Gëschter waren et dann 15’000 Mataarbechter am Educatiounsministère déi entlooss goufen.

Dës Aktiounen – an virun allem d’Ukënnegung dass d’Doudesstrof erëm kéint agefouert ginn fir d’Putschisten ze bestrofen – hunn bei villen Länner an internationalen Organisatiounen fir Empörung gesuergt. D’Bundeskanzlerin Merkel an den EU-Kommissiounspresident Juncker hunn schonn kloer gemaach, dass d’Aféieren vun der Doudesstrof zum Enn vun allen Verhandlungen géif féieren déi d’Tierkei am Moment huet fier der Europäescher Unioun bäizetrieden. Den amerikaneschen Ausseminister huet d’Tierkei och gewarnt dass esou eng Politik och Konsequenzen fier d’NATO hätt. Dann huet och den UN-Commissaire fir Mënscherechter d’Tierkei opgefuerdert d’Putschisten en fairen Prozess ze maachen.

Déi schwiereg Situatioun an der Tierkei huet och en Afloss op europäesch Länner. Grad wéi an der Tierkei sinn d’Tierken och am Ausland sech immens oneens wien um Putsch Schold ass. An Däitschland, Eisterräich, Holland an der Belsch sinn d’Supporteren vum President Erdogan op d’Strooss gaangen fir hier Ënnerstëtzung ze weisen.

Dëst ass also net nëmmen eng wichteg Zäit fir d’Tierkei an virun allem d’Demokratie an der Tierkei, mee et huet och wichteg Konsequenzen fir international Organisatiounen an verschidden Länner an der EU – definitiv eng Affaire à suivre.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Rapport vun der Associatioun "Reporter ohne Grenzen" iwwert den Putschisten hier Attack op Medien an der Tierkei.

https://www.reporter-ohne-grenzen.de/t%C3%BCrkei/alle-meldungen/meldung/putschisten-besetzen-medien-toeten-fotograf/

- En Artikel iwwert der EU hir Reaktioun op d'méiglecht Aféieren vun der Doudesstrof an der Tierkei.

http://www.spiegel.de/politik/ausland/bundesregierung-todesstrafe-in-tuerkei-wuerde-eu-beitrittsgespraeche-beenden-a-1103485.html

Franséisch:

- En Artikel zum Putsch an dem Erdogan säin Uruff bei en Fernsehsender.

http://www.lefigaro.fr/international/2016/07/16/01003-20160716ARTFIG00109-en-plein-coup-d-etat-erdogan-appelle-a-resister-via-facetime.php

- Eng Iwwersiicht vun den Evenementer vun der Nuecht vum Putsch mat villen Videoen vun Zeien.

http://www.lemonde.fr/international/article/2016/07/15/turquie-le-premier-ministre-denonce-un-coup-d-etat_4970404_3210.html

Englesch:

- En Artikel zu den Putschisten déi sech an Griichenland retten konnten.

http://www.independent.co.uk/news/world/europe/turkey-coup-turkish-military-helicopter-greece-soldiers-requests-asylum-lands-troops-latest-a7140431.html

- En Meenungssteck zu den Konsequenzen vum Putsch.

http://www.nytimes.com/2016/07/18/opinion/turkeys-coup-that-wasnt.html

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://s.newsweek.com/sites/www.newsweek.com/files/2016/04/12/erdogan.jpg

- Bild 2: http://ichef.bbci.co.uk/news/660/cpsprodpb/0353/production/_90415800_turkey.jpg


20 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page