top of page
  • Kim

Konflikt am Südchineseschem Mier


Dës Woch huet een internationaalt Schiidsgeriicht zu Den Haag een Uerteel iwwert den Konflikt zwëschen China an den Philippinnen gesprach. D’Schiidsgeriicht huet den Hoheitsusproch vun China ob verschidden Gebieter am Südchineseschen Mier net unerkannt. Ëm wat geet et an deem Konflikt? Wat heescht dat Uerteel elo fir déi zwou Parteien? Dat wëllen mir an dëser Woch an eisem Politik-Blog méi genau erklären.

Den Konflikt besteet zwëschen China an den Philippinnen an spillt sech am Südchineseschen Mier of. Ähnlech Streidereien gëtt et och mat aner Länner wéi zum Beispill dem Vietnam, well China 80% vum Südchineseschen Mier duerch selwer gemaachten Grenzen fir sech unerkannt. Engersäits ass dat Gebiet eng wichteg Handelsstrooss op där Material am Wäert vun iwwert 5 Trilliounen US Dollar transportéiert gëtt. An anerersäits ass d’Mier voller Ressourcen – vun groussen Fëschbestänn bis zu Äerdueleg an Gasreserven.

China probéiert dësen Territoire mat historeschen Grënn ze rechtfäerdegen an baut säit e puer Joer kënstlech Inselen, wou ënner anerem militäresch Equipementer positionéiert ginn. Dat provozéiert d’Nopeschlänner, wéi de Vietnam, Malaysien, Taiwan, Brunei an Philippinnen. Et gëtt dann och ähnlech Konflikter mat deenen Länner. China an Taiwan streiden sech em d’Diaoyu-Inselen déi 200km vun Taiwan ewech sinn an wou et och grouss Gas-an Äerduelegvirkommen soll ginn. Bei den Paracel-Inselen huet China den Vietnam vun 130 Koralleninselen verdriwwen, well do och Äerduelegvirkommen entdeckt ginn sinn. An d’Spratley-Inselen déi aus 200 Inselen bestinn ginn direkt vun China, Vietnam, Malaysien, Brunei, Philippinnen an och dem Taiwan an Usproch geholl.

Dowéinst hunn d’Philippinnen sech un den internationale Schiidsgeriicht zu Den Haag geriicht fir dem Konflikt entgéint ze wierken. Dat Schiidsgeriicht déngt als Mediateur fir bei internationalen Konflikter ze hëllefen. Sou gesinn ass et keen richtegt Geriicht an kann dowéinst net iwwert staatlech Territoiren uertdeelen. D’Philippinnen wëllen domat erreechen, dat verschidden Inselen déi vun China besat goufen, obwuel se nëmmen bei marée basse ze gesinn sinn, als Deel vun den Philippinnen ugesinn ginn.

D’Argumentatioun vun den Philippinnen berout um UNCLOS (United Nations Convention on the Law of the Sea) wat en internationalen Traité ass, deen 1982 an Kraaft getrueden ass an deen festhält dass den Territoire bis zu 200 Séimeilen (370 km) vun der Küst och deem Land gehéiert deem d’Küst gehéiert. Alles wat méi wéit ass, ass oppent Mier wou jiddereen en Usproch drop huet. Dat Ofkommes gesäit och fir, dat bei Konflikter een Schiidsgeriicht kontaktéiert muss ginn.

Wat dësen Problem nach méi akut mécht sinn d’Allianzen op béiden Säiten. Während China des Gebieter onbedéngt halen well, hunn déi meescht aaner Staaten enk Bezéiungen zu den USA, wou versprach huet am Fall vun engem Konflikt hiren Partner ze hëllefen. Den amerikaneschen President Obama huet och nach eng Kéier kloer gemaach, dass d’USA sech als eng „pazifesch Natioun“ gesäit an weider wäert sengen Partner militäresch an wirtschaftlech hëllefen. Dat mécht China just nach méi nervös well si sech dann agekreest fillen.

Muss China dann dat Uerteel vum Schiidsgeriicht zu Den Haag akzeptéieren? Well China an d’Philippinnen allen zwee d’UN-Ofkommen UNCLOS signéiert an och ratifizéiert hunn, misst China dat theoretesch unerkennen. D’Uerteel vum Schiidsgeriicht kann allerdéngs net wierklech erzwongen ginn. Et ass allerdéngs méiglech dass verschidden Länner no dësem Uerteel Wirtschaftssanktiounen géint China ufänken fir se ënner Drock ze setzen déi Inselen opzeginn.

Artiklen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel iwwert d'Décisioun vum Schiidsgeriicht an d'Verhalen vun China.

http://www.sueddeutsche.de/politik/streit-mit-philippinen-schiedsgericht-weist-pekings-ansprueche-im-suedchinesischen-meer-ab-1.3074737

- Den Artikel erkläert wéi wichteg d'Fëscherei fir China ass.

http://www.dw.com/de/fischereikonflikt-zwischen-indonesien-und-china-eskaliert/a-19342737

Franséisch:

- En Artikel iwwert d'Reaktiounen vun China an den Philippinnen nom Uerteel.

http://www.lemonde.fr/asie-pacifique/article/2016/07/11/mer-de-chine-arbitrage-attendu-sur-le-conflit-entre-pekin-et-manille_4967793_3216.html

- En Artikel iwwert déi strategesch Aspekter an dësem Konflikt.

http://www.liberation.fr/planete/2016/07/08/chine-meridionale-bras-de-fer-pour-un-bras-de-mer_1465039

Englesch:

- Eng kuerz Erkläerung zu den wichtegsten Aspekter vun dësem Konflikt.

http://www.bbc.com/news/world-asia-pacific-13748349

- En Artikel iwwert d'chineesesch Reaktioun op d'Uerteel.

https://www.theguardian.com/world/2016/jul/12/philippines-wins-south-china-sea-case-against-china

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://ichef-1.bbci.co.uk/news/624/media/images/67616000/gif/_67616829_south_china-sea_1_464.gif

- Bild 2: http://www.jpost.com/HttpHandlers/ShowImage.ashx?ID=334063

#Politik #Amerika #China #Inselkonflikt

24 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page