top of page

Wat huet d'EZB an der Finanzkriis gemaach?


Nodeems mer déi lescht Woch iwwert déi verschidden Rollen geschwat hunn, déi eng Zentralbank an enger Economie erfellt, geet et dës Woch drem wat d’Europäesch Zentralbank (EZB) dann an den leschten Joeren gemaach huet säitdeems 2008 d’Finanzkriis ugefangen huet.

Als éischt zur EZB selwer. D’EZB ass säit 1998 d’Zentralbank vum Euro an këmmert sech domadder em d’Geldpolitik vun den 19 Länner déi an der Eurozone sinn. An den EU-Verträg steet dass der EZB hier Haaptroll d’Stabilitéit vun Präisser ass. An aneren Wieder heescht daat dass d’EZB dofir suergen soll dass et weder ze vill Inflatioun (i.e. Präisser ginn erop) nach ze vill Deflatioun (i.e. Präisser ginn erof) gëtt. Wéi se daat erreechen kann steet an eisem leschten Artikel.

Während der Finanzkriis huet d’EZB virun allem probéiert ze évitéieren, dass den Bankensystem zesummen brecht. Obwuel d’Kriis an den Joeren 2007-08 an Amerika ugefangen huet waren séier och europäesch Banken kuerz virum Bankrott. Dëst konnt geschéien well déi grouß Banken sech vill Suen ennerteneen geléint hunn. Wann d’Bank A an Probleemer kennt bréngt se déi d’Banken B an C och an Probleemer fir déi néideg Suen ze léinen déi d’Banken B an C brauchen fir hir Rechnungen ze bezuelen. Wann aner Banken an Probleemer sinn muss eng Bank ausserdeem méi oppassen wiem se léint oder se kritt d’Suen net zeréck. Dowéinst hunn d’Banken ugefangen sech net méi ze trauen.

Fir dass den System net ennert dësen zwee Probleemer zesummen brecht huet d’EZB missen asprangen. Engersäits huet se probéiert den Problem vun Mësstrauen ze léisen andeems si selwer den Banken Suen geléint huet. Vu datt eng Zentralbank technesch gesinn net faillite kann goen (se print io Suen) kann een hier emmer trauen. Anerersäits huet d’EZB Reegelen no deenen si Suen léinen kann. Wann eng Bank Suen léint vun der EZB muss se hier eppes als Pfand ginn. Wat Banken kënnen als Pfand ginn ass kloer festgeluegt an et sinn dës Reegelen déi während der Kriis och erof gesaat goufen.

D’EZB huet awer och probéiert d’Kriis ze limitéieren an se net an déi “reell Wirtschaft” iwwergoen ze loossen. Ënnert der “reeller Wirtschaft” versteet een déi normal Firmen an Bierger déi produzéieren an konsomméieren. Fir dëst ze erreechen huet d’EZB 2008 ugefangen den Zenssatz erofzesetzen (Graphique uewen). Den Raisonnement dohannert ass den folgenden. Banken an der Eurozone léinen Suen bei der EZB zu engem festgesaten Zenssatz. D’Banken léinen déi Suen weider un den normalen Bierger an un Entreprisen. Wann d’Zentralbank deen Zenssatz rofsetzt fir deen Banken bei hier Suen léinen kënnen, dann wäerten d’Banken hieren och rofsetzen an den normalen Bierger an Entreprisen kënnen um Schluss méi bëlleg Krediter kréien. Dat Ganzt soll dann dobéi hëllefen dass méi produzéiert an konsomméiert gëtt an domadder d’Wirtschaft weider wiisst.

Wat genau d’EZB mécht ass natierlech bëssen méi technesch wéi daat heiten. An se huet sech ab 2009 och missen sech em d’Eurokriis kemmeren, sou dass se och nach aner Mesuren geholl huet. Ausserdeem hunn nierft der Zentralbank och d’Regierungen probéiert d’Finanzkriis ze léisen. Dësen Artikel kann also net all d’Mesuren ernennen, mee déi uewen weisen wéi wichteg eng Zentralbank ass fir eng Wirtschaft, an virun allem den Bankensecteur, ze stabiliséieren.

Hei ass en Video zum Fonctionnement vun der EZB:

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: http://www.newyorker.com/wp-content/uploads/2015/01/Cassidy-ECB-Quantitative-Easing-1200.jpg

- Bild 2: http://www.cbrates.com/charts/eurozone.jpg

#Ekonomie #EZB #Finanzkriis

10 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page