top of page

Brexit - an elo?


Dës Woch geet et em den Brexit-Referendum – den Vote an deem Groussbritannien doriwwer entscheet huet ob et well an der Europäescher Unioun bleiwen. Dësen war den 23. Juni an huet zënterhier d’Politik an d’Noriichten an ganz Europa dominéiert. Wat ass do geschitt? An wéi geet et virun? Iwwert d’Argumenter vun béiden Säiten am Brexit-Vote haaten mer am Februar geschriwwen (hei den Link).

Als éischt zum Resultat selwer. Am ganzen Land hunn 51.9% dofir ofgestëmmt aus der EU auszetrieden an dat bei enger Wahlbedeelegung vun 72.2%. Et gëtt allerdéngs grouß Variatiounen tëschent verschiddenen Regiounen. D’Vereenegt Kinnekräich besteet aus England, Wales, Schottland an Nordirland. Déi éischt zwee hunn an der Majoritéit fir en Austrëtt aus der EU gestëmmt – Schottland an Nordirland dogéint. Zu Belfast an Nordirland (74.1%) an zu Edinburgh an Schottland (74.4%) ass dëst am kloersten ze gesinn. Innerhalb vun England selwer sinn och Variatiounen ze fannen. Do hunn d’Leit zu Stoke-on-Trent mat bal 70% fir den Brexit gewielt, während zu London iwwert 75% dogéint gestëmmt hunn.

D’Resultat weist also ganz kloer dass d’Land regional gespléckt ass. Mee wann een den Vote no Alter opdeelt entsteet eng ähnlech Divisioun. Ëmfroen no huet bei den Leit tëscht 18-24 Joer nëmmen all véierten fir den Brexit gestëmmt, während eng Majoritéit bei deenen iwwert 45 dofir gestëmmt huet. Allerdéngs sinn vun deenen Jonken och vill manner wielen gaangen.

Dës Resultater hunn dann natierlech och Konsequenzen. Obwuel et och ekonomesch Folgen op der Bourse gouf, konzentréieren mir eis hei op déi politesch Auswierkungen. Als éischt huet den Premierminister David Cameron, deen sech géint den Austrëtt aus der EU agesat huet, säin Récktrëtt bis spéitstens Oktober ugekënnegt. Dono wäert d’Konservativ Partei, déi am Moment d’Majoritéit am Parlament huet, een neien Chef an Premierminister wielen – wahrscheinlech een deen fir en Austrëtt aus der EU war.

Eng zweet Konsequenz ass d’Verlaangen vun Schottland fir en zweeten Referendum iwwert eng schottesch Onofhängegkeet vun Groussbritannien. Dëst Verlaangen baséiert op dem Fait dass an Schottland all eenzel Regioun géint den Brexit gewielt hunn. Am September 2014 war am Referendum knapp géint d’Onofhängegkeet gewielt ginn, enner anerem well Schottland dann aus der EU hätt missen austrieden. Elo fuerdert Schottland en zweeten Onofhängegkeets-Referendum fir dann kënnen sech elleng erem an der EU unzemellen.

Déi drëtt Konsequenz dréint sech em den Artikel 50 vum Lisbon-Traité. Dësen Artikel gëtt aktivéiert wann en Land deklaréiert aus der EU austrieden ze wëllen. Ab deem Moment leeft eng Frist vun 2 Joer – dono ass d’Land automatesch aus der EU. An England versichen d’Vertrieder vun der “Leave”-Campagne op Zäit ze spillen fir en neien Deal mat der EU auszehandelen. An der EU hunn awer schonn d’Kommissioun an d’Parlament kloer gemaach dass den Artikel 50 soll sou séier wéi méiglech aktivéiert ginn. Och d’Bundeskanzlerin Angela Merkel huet betount dass et keng Verhandlungen wäert ginn bis dass d’Frist vun 2 Joer leeft.

D’Resultat vum Brexit-Referendum ass enorm wichteg fir England an d’EU als ganzt. Nach ni ass een Member aus der EU ausgetrueden. Säit dem Vote hunn an Holland an Frankräich schonns eenzel Parteien dozou opgeruff och an hiren Länner en Referendum ze organiséieren. D’Konsequenzen vum Brexit wäerten d’Noriichten also an den nächsten Méint weider dominéieren.

Artikelen fir weider ze liesen:

Däitsch:

- En Artikel mat véier méiglechen Zeenarien fir d'Zukunft vun der EU.

http://www.welt.de/politik/ausland/article156565651/Vier-Szenarien-fuer-die-Zukunft-der-EU.html

- D'Regierungserklärung vun Däitschland zum engleschen Vote am Referendum.

https://www.tagesschau.de/inland/merkel-brexit-101.html

Franséisch:

- En Artikel iwwert déi ekonomesch Konsequenzen vum Brexit.

http://www.lefigaro.fr/conjoncture/2016/06/25/20002-20160625ARTFIG00015-sept-consequences-economiques-a-retenir-sur-le-brexit.php

- En Artikel iwwert d'Debatt am franséischen Parlament zum Brexit-Vote.

http://www.lemonde.fr/referendum-sur-le-brexit/article/2016/06/28/les-parlementaires-francais-debattent-des-consequences-du-brexit_4959798_4872498.html

Englesch:

- En Artikel deen déi wichtegst Konsequenzen vum Vote erkläert.

http://www.vox.com/2016/6/23/12021222/brexit-what-happens-next

- En Editorial vun der New York Times zu den Verspriechen vun der "Leave"-Campagne.

http://www.nytimes.com/2016/06/28/opinion/brexit-proponents-false-promises-crumble.html

Sourcen vun de Biller:

- Bild 1: http://img.huffingtonpost.com/asset/scalefit_630_noupscale/576cfb1c2200002e00f82c23.png

- Bild 2: http://www.jpost.com/HttpHandlers/ShowImage.ashx?id=331830&h=530&w=758

#Politik #Brexit #EU

20 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page