Wéi fonctionnéieren d'Vereenten Natiounen?

Dës Woch ass et 71 Joer hier dass d’Erschaffen vun den Vereenten Natiounen (UN) mam Ënnerschreiwen vun der UN-Charta zu San Francisco. Et huet een bestëmmt schonn oft dovun héieren: am Zesummenhang mat der Flüchtlingskris, mat militäreschen Operatiounen oder mat Ofstëmmungen am Sécherheetsrot. Mee wat sinn dann elo d’Aufgaben vun dëser internationaler Organisatioun?
D’UN ass den 26. Juni 1945 gegrënnt ginn an besteet haut aus 193 Memberstaaten. All Member huet d’UN-Charta ënnerschriwwen, déi di wichtegst Zieler an Aufgaben festleet. D’Haaptpunkte sinn: De Weltfridden an ouni Gewalt op eng friddlech Léisung vun Konflikter hin ze schaffen; Respekt virun den Mënscherechter ze sécheren ouni op Hierkonft, Geschlecht, Sprooch oder Relioun ze kucken; international zesummen ze schaffen fir sozioekonomesch a kulturell Problemer ze léisen.
Sou vill fir d’Zieler, mee wéi fonctionnéiert d’UN? Déi wichtegst Positioun innerhalb vun den Vereenten Natiounen ass déi vum Generalsekretär – aktuell den Ban Ki-Moon. Dëst Amt kann een als eng Mëschung aus Affekot, Beamten an Diplomat ugesinn. All 5 Joer proposéieren déi 15 Länner am Sécherheetsrot Kandidaten/innen, déi dann vun der Generalversammlung – wou all Land een Setz huet – muss unerkannt ginn. Den Generalsekretär huet vill Aufgaben: hien muss den Budget erstellen, d’UN Organisatioun opstellen, Friddenspläng erstellen, Studien an Protokoller erstellen, bei Konflikter vermëttelen an d’UN no baussen representéieren. Well den Ban Ki-Moon an sengem leschten Joer ass, ginn potentiell Kandidaten gesicht fir hien nächst Joer ze ersetzen.

Dat bréngt eis zur UN-Generalversammlung, déi wéi gesot iwwert dësen Kandidat muss ofstëmmen. Ausserdeem treffen sech all Joers am September d'Staats- an Regierungschefen vun allen Memberen an der Generalversammlung, fir iwwert déi wichtegst politesch Themen ofzestëmmen. All Staat kann hei ofstëmmen – allerdéngs sinn d’Resolutiounen vun der Generalversammlung net legal zwéngend.
Als nächst kënnt den UN Sécherheetsrot, deen aus 5 permanenten (Frankräich, China, Russland, USA, England) an 10 ofwiesselnden Membere besteet (Lëtzebuerg war 2013-2014 am Sécherheetsrot vertrueden). Déi 5 Länner déi en permanenten Setz hunn, hunn och all en Veto-Recht. An aner Wieder, wann een vun den 5 géint eng Propose ofstëmmt, dann kann dës Propose net unerkannt ginn. Déi generell Aarbecht vum Sécherheetsrot ass d’Sécherstellen vum internationalem Fridden. Dowéinst kann dëse Sécherheetsrot duerch verschidden Instrumenter, wéi Sanktiounen, op Aggressioune reagéieren – wat och erkläert firwat d’Resolutiounen vum Sécherheetsrot international als legal zwéngend ugesinn ginn.
Schlussendlech muss een och den Internationalen Geriichtshaff ernimmen, deem seng Aufgab et ass bei legalen Konflikter zwësche verschiddene Staaten eng Léisung ze fannen. Dofir mussen d’Staaten den internationale Geriichtshaff och unerkannt hunn. Zudeem kann den internationale Geriichtshaff och bei allgemeng gesetzlech Froen vun der UN abezunn ginn.
D’Vereenten Natiounen hunn sech allerdéngs immens wieder entwéckelt säit deem d’Grondstruktur an den Joren nom Zweeten Weltkrich erschaaft goufen. Et hunn sech immens vill bekannten Organisatiounen innerhalb vun den Vereenten Natiounen gebilt:
UNICEF fir d’Rechter vun den Kanner op der Welt
UNHCR fir d’Rechter an d’Versuergen vun den Flüchtlingen op der Welt
UNESCO fir d’Fërderung vun Wëssenschaft an d’Erhalen vun Kulturen
IWF fir d’Iwwerwaachen vun Währungs- an Geldpolitiken
WHO fir d’Bekämpfen vun weltwäiten Krankheeten an Epidemien.
D’Vereenten Natiounen sinn also net nëmmen wäertvoll fir d’Zieler an d’Grënn firwat dës Organisatioun gegrënnt ginn ass, mee och immens wichteg fir d’Léisen vun ganz ënnerschidlechen weltwäiten Problemer. Den UNHCR ass d'Haaptorganisatioun déi sech em d'Flüchtlingskriis këmmert. Den WHO huet d'Epidemie vun Ebola bekämpft. An den IWF ass zentral fir d'Léisen vun der Euro-Kriis.
En Video deen erkläert wéi d'UN fonktionnéiert an ob dësen System emmer fonctionnéiert:
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- Eng Brochüre zum Fonktionnéieren vum UN-Sécherheetsrot.
http://www.dgvn.de/fileadmin/user_upload/PUBLIKATIONEN/Basis_Informationen/basisinfo41_sec_counc.pdf
- En Artikel zum neisten Rapport vum UNHCR zur Flüchtlingskriis.
Franséisch:
- Eng Ulaafstell vun der WHO fir den Verlaaf an d'Bekämpfen vun der Ebola-Epidemie.
http://www.who.int/csr/disease/ebola/fr/
- En Artikel iwwert den Klimapakt deen vun den Vereenten Natiounen verhandelt gouf.
Englesch:
- En Artikel iwwert der UNICEF hieren neisten Rapport zur Bildung vun Kanner.
http://www.bbc.com/news/world-36199901
- Eng Infographik déi den UN-Sécherheetsrot erkläert an méiglech Reformen analyséiert.
http://www.theguardian.com/world/ng-interactive/2015/sep/23/un-security-council-failing-70-years
Sourcen vir Biller:
- Bild 2: http://blogs.reuters.com/ian-bremmer/files/2012/10/RTR38EAW.jpg