top of page
  • Rick

Wat mécht eng Zentralbank?


Quasi all Land op der Welt huet eng Zentralbank an d’Europäesch Zentralbank (EZB) ass säit der Aféierung vum Euro 1999 reegelméisseg an den Noriichten. Mee oft ass et net kloer em wat et geet wann een iwwert d’EZB liest. Wat mécht eng Zentralbank dann iwwerhaapt? Eng Zentralbank kann een als eng Zort Bank fir d’Banken gesinn. Hier Haaptaufgaben kéint een graff ob 4 Punkten opdeelen:

1. Monopol vun den Suen:

An deenen meeschten Länner huet d’Zentralbank den gesetzlechen Monopol ob d’Erschaffen vun Suen, an ass och responsabel vir des Währung géint Fälschungen etc ze schützen.​

2. Bank vun den Banken:

All kommerziell – “normal” – Bank muss bei der Zentralbank een bestëmmten Prozentsaz vun hirem Kapital als Reserven deposéieren. Esou kann d’Zentralbank Iwwerweisungen tëschent zwou Banken reegelen.

3. “Lender of Last Resort”:

Eng vun den wichtegsten Rollen vun enger Zentralbank ass déi vun Créditeur an leschter Instanz (Lender of Last Resort). Hautdesdaags gëtt eng Bank eng méi grouss Zomme un Kreditter eraus wei si iwwerhaapt Reserven hunn. Dës Reserven sinn d’Suen déi Leit an Entreprisen op hiren Konten hunn. Dëst ass an normalen Zäiten keen Problem, et ass onwahrscheinlech dass esou vill Leit beieneen hier Suen wëllen ophiewen dass d’Bank net méi genuch Boergeld op Lager huet. Am Fall vun engem externen Schock, wei zB eng Finanzkris, kann et awer zu engem esou genannten Bank Run kommen, wou d’Leit all beieneen hier Suen wëllen ophiewen. D’Banken probéieren dann e puer Investitiounen ze verkafen vir dat noutwendegt Boergeld opzebréngen an den Leit hier Erspuernisser auszebezuelen.

Well dëst awer ganz schnell muss geschéien kritt d’Bank een schlechten Präis vir déi Investitiounen, wat mat sech bréngt dass si der ëmmer méi muss verkafen. Dëst dréckt dann weider den Präis erof well eng grouss Offer do ass. Een Däiwelskrees fänkt un deen och aner Banken kann an Problemer bréngen.

An esou engem Fall kennen d’Banken dann bei der Zentralbank een Noutkredit ophuelen an kréien Boergeldreserven vun hier assuréiert vir den Spuerer hier Suen kennen auszebezuelen, ouni dass d’Bank een Groussdeel vun hiren Investitiounen ënner Valeur muss verkafen. Dat ass d’Roll vum “Lender of Last Resort”.

En Erklärvideo zu den Funktiounen vun enger Zentralbank:

4. Stabilisatioun vun der Ekonomie (Geldpolitik):

Duerch d’Fixéieren vum Zënssätz an vun der Quantitéit un Suen déi am Ëmlaf sinn beaflosst d’Zentralbank déi wirtschaftlech Aktivitéit an der Ekonomie. An der Kuerzfaassung kann een Folgendes verhalen: Méi niddereg Zënsen maachen et méi bëlleg fir Entreprisen an Konsumenten Suen ze léinen an Suen an nei Projeten ze investéieren. Dëst dreift dann d’Demande an der Ekonomie an d’Luucht an soll den wirtschaftlechen Wuesstem undreiwen. Den Problem heimatter ass awer dass dëst net ouni Käschten ass: méi héich ekonomesch Aktivitéit duerch niddereg Zënsen ass normalerweis mat méi héijer Inflatioun verbonnen.

Sou wäit fir d’Theorie. Wat d’Zentralbank an der Kris vun 2008-09 an momentan mécht ass d’Thema vun eisem nächsten Artikel. Do gëtt dann och ganz séier kloer wat fir eng wichteg Roll eng Zentralbank vir d’Funktionéieren vun enger Ökonomie huet.

Sourcen vun den Biller:

- Bild 1: https://europoint.stonybrook.edu/wp-content/uploads/2014/05/Eurotower-Frankfurt-am-Main1.jpg

- Video: https://www.youtube.com/watch?v=J0DWeYV5TVY

#Ekonomie #EZB #EU

18 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page