Manifestatioun vum Pfleegepersonal

De Samschden ass et an der Staat zu enger grousser Demonstratioun vum Pfleege-,Sozial- a Gesondheetssecteur komm. De Medien no sinn ca. 6500-9000 Persounen dem Opruff vun de Gewerkschafte LCGB an OGBL no komm. Mee firwat ass demonstréiert ginn a wat sinn Fuerderunge vun de Gewerkschaften? Dat wëlle mir dës Woch erklären.
Ee vun de wichtegsten Themen ass d’Gesetz aus dem Joer 2014, well do festgehale gouf, dat am Kollectivtraité déi Beruffer am Gesondheets-, Fleege- an Sozialberäich als Beruffer vum ëffentlechen Déngscht unerkannt sinn. Sou wëllen d’Gewerkschaften dat dat ëmgesat gëtt, well dat en Afloss op Salairen an d’Aarbechtsbedingungen huet. Si wëllen ausserdeem eng Erhéijung vun 2,2% souwéi eng eemoleg Prime vun 0,9% duerchsetzen. D’Nora Back vun der Gewerkschaft OGBL argumentéiert, dat déi lescht Augmentatioun vun den Salairen am Spidol 2009 an am Fleege- a Sozialberäich 2007 war.
Zudeem komme Fuerderunge vun enger Verbesserung vun de Karriären an der korrekter Urechnung vun de Studiejoren, déi och duerch de Kollektivvertrag festgehale goufen. Et gëtt kritiséiert, dat Karriären nach net richteg ugepasst goufen an dat „commission paritaire ASFT“ sech nach net mat der Berechnung vun dëser Upassung befaasst huet, obwuel am Mäerz 2015 schonn alles prett gewiescht wier. Zoustänneg vun dëser Aberuffung ass de Familljeministère.
Déi Kommissioun ass ee wichtege Punkt, well de Budget pro Joer a verschiddene Secteure vum Staat festgeluecht gëtt. Als Beispill huele mir Spidoler. Déi kréie vum Staat ee bestëmmten Budget a mussen domat hiren Haushalt regelen. Dowéinst kënnen Direktere vun de Spidoler net direkt op Fuerderungen agoen a mussen als éischt op eng Reaktioun vun der Regierung an der Kommissioun waarden.
D’Nora Back kritiséiert zousätzlech, dat „Fédération des Hôpitaux“ nëmmen op een Deel vun hire Fuerderungen agoe wëll a Verbesserunge vun de Karriäre solle fir 18 Méint nach net weidergefouert ginn.
Sou gëtt och kritiséiert, dat COPAS, eng Vereenegung vun de Pfleegedienstleister, hiert Personal ënner Drock sëtze wëll, mat Personalofbau a vu Präisserhéijungen vun hire Pfleegearriichtungen.

Déi zwou Gewerkschaften OGBL a LCBG brénge verschidden Ongerechtegkeeten a Punkto Salairen. Si ziele verschidde Beruffer op, déi net no hirem Diplome gerecht bezuelt géife ginn. Als Beispill: Den Educateur/Educatrice huet eng 14ième gemaach, mee gëtt bezuelt als hätt hien/si eng 11ième. Een Educateur/Educatrice gradué/e huet ee Bachelor, mee de Salaire gëtt bezuelt wéi eng Persoun mat enger 13ième. Den Infirmier/Infirmière mécht een BTS oder nach eng Spezialisatioun a gëtt bezuelt wéi ee mat 11ième respektiv 13ième. Corinne Cahen, Familljeministerin huet de Sonnde matgedeelt, dass d’Kommissioun, déi fir d’Berechnunge vun de Karriären am Gesondheets- a Sozialsecteur zoustänneg ass, aberuff ginn ass.
Vu dat duerch d'Manifestatioun d’Regierung ëffentlech ënner Drock geroden ass, wäerten mir am Laf vun Deeg/Woche méi vun dësem Thema héieren. Sou kann een nëmme soen, dat déi Beruffer, déi ëmmer méi an eiser Gesellschaft gebraucht ginn och fir eng méi héich Unerkennung kämpfen, op gesellschaftlecher a politescher Ebene.
Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:
- En Artikel zu den Fuerderungen vun den Gewerkschaften.
http://www.journal.lu/top-navigation/article/maer-halen-elo-net-mei-op/
- En Artikel zur Manifestatioun.
Franséisch:
- En Artikel zur Manifestatioun.
- En Artikel zu den Fuerderungen vun den Gewerkschaften.
http://paperjam.lu/news/les-syndicats-dans-la-rue-ce-samedi
Sourcen vun den Biller: